Wéi d’Regierung Bettel „spuert“

Well ech net wollt, datt dëse Bäitrag als Abrëlsgéck sollt verstaane ginn, hunn ech e bewosst nach en 31. Mäerz publizéiert. Ouni dëss Präzisioun kéint een déi traureg Realitéit leider ganz liicht mat engem humoristesche Bäitrag verwiesselen.

D’ADR huet an denen lëschte Wochen dat gemaach, wat eigentlech misst eng parlamentaresch Normalitéit sinn. Wéi schonn zioert huet si all eenzelne Minister a „seng“ zoustänneg parlamentaresch Kommissioun zitéiert fir do de Budget vu séngem Departement ze presentéieren an ze verdeedegen. Déi aner Parteien si bei dem Exercice leider bal ëmmer total passiv – sou als hätten si nach net verstaan wéi déi parlamentaresch Demokratie fonctionnéiert. Alléng an enger eenzeger Kommissioun hunn ech bis lo erlieft, datt d’Kolleegen vun der CSV ë bësschen manner lethargesch wéi soss woren an och e puer Froe gestallt hunn. Sollt si ieren enges Daags awer nach zu enger Oppositiounspartei ginn? Bis lo gëtt et leider nach net vill Hoffnung…

A wat eis Ministeren ugeet – déi schéngen déi Europäesch Kommissioun méi ze fäerten wéi hiert national Parlament. Och dat léisst e puer traureg Conclusiounen iwwer déi politesch Kultur hei am Land zou!

Gespuert gëtt bal néierens ausser bei der Arméi (do allerdéngs rücksichtslos a massiv), bei der Stroossebeliichtung, der Geschicht an der nationaler Identitéit vun eiser Heemecht, bei der Kierch a selbstverständlech bei de Familljen. Mir hunn eben eng Koalitioun vu lénken Dogmatiker a kéng vu verantwortungsvolle Politiker. Net gespuert gëtt dowéinst bei de Feministinnen, der Entwécklungshëllef, der Klima-Relioun a beim Gender an Homo-Sexualunterrecht fir déi aarmen Dräijähregen an de Crèchen.

Am Prinzip sollt all Departement 10% bei de lafende Käschte spueren („frais de fonctionnement„). Dat gouf natierlech meeschtens nëmme simuléiert, well reduzéiert goufen virun allem a reng nominell déi sougenannten „Crédits non limitatifs“ déi allzäit nees kënne gehéicht ginn. Politesch Akzenter huet dëss Regierung – ausser an denen scho méi wäit uewen opgezielte gesellschaftspoliteschen an ideologesche Froen – nach keng gesat. De Budget 2014 ass eng verpasste Chance. Eis Land brauch awer dréngend Reformen a ganz bestëmmt keng lénk Revoluzzer.

Haut hate mir an der baussepolitescher Kommissioun e besonnesch schéint Beispill vun där lénker „Spuer“-Logik. De sozialisteschen Entwécklungshëllef-Minister Romain Schneider huet déi 10% Reduktioun bei der ligne budgétaire 33.010 01.54 „Participation aux frais du cercle de coopération des organisations non gouvernementales et autres mesures visant à promouvoir la coopération au dévelopement“ gelueft.

Well 2013 e Kredit vun 330.000 fir dee „Cercle de coopération“ gestëmmt goufen (natierlech net vu mir!) an 2014 och nees genee 330.000 Euro op där selwechter Linn gefrot ginn, hat ech de Minister gefrot wou dann déi 10% Minus wären? Aentwert: de Cercle de coppération hat däitlech méi wéi déi Zomm gefrot an d’Regierung huet de Cercle de coopération op 330.000 Euro „rof verhandelt“….

Fir mech bräicht dee Cercle ganz sëcher keng 330.000 Euro aus Steiergelder an 10% Minus sinn natierlech par rapport zum Budget 2013 ze rechnen an net zu de Fuerderungen vun e puer para-staatlechen ONGen! Op där Budgetslinn däerften nach maximal – wann d’Regierung sech da géng selwer eecht huelen –  297.000 Euro stoen.

D’Logik an eisem Departement fir Entwécklungshëllef wor einfach ze schéin fir se net hei ze publizéieren – a bei en 1. Abrëll géng se ganz gutt passen!

Mathematesch präzis denkt eis Regierung sou: 330.000 – 10% = 330.000.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert