Firwat ee KEEN „europäesche Spëtzekandidat“ wiele soll!

Juncker (EVP), Schulz (Sozialisten), Verhofstadt (Liberal),Tsipras (Lénk), Keller (Gréng), Sunde (Piraten), sou heeschen déi sechs Spëtzekandidaten fir d’Europawahlen 2014. Déi europäesch Konservativ, zu denen hei zu Lëtzebuerg just d’ADR gehéiert, hu bewosst KEE Spëtzekandidat ernannt. Firwat?

Déi Iddi vun de Spëtzekandidaten geet op eng „Recommandatioun“ vun der Europäescher Kommissioun vum 12. März 2013 zréck. Mat dem Argument, Europa wëlle méi demokratesch ze maachen, sollten déi europäesch Parteien hir Kandidaten fir d’Presidentschaft vun der EU-Kommissioun nominéieren. Zil vun där Initiativ ass d’Kommissioun ëmmer méi staark géintiwwer de Regierungen vun de Memberstaaten ze maachen fir si als eng Zort vun europäescher Regierung ze profiléieren – wat si awer net ass! D’Iddi vun de Spëtzekandidaten ass also eng direkt Emsetzung vun der Iddi vun engem federalen Europa – zentralistesch vu Bréissel aus regéiert mat ëmmer méi schwaache Memberstaaten.  Dat ass awer just déi Iddi, déi d’ADR absolut net wëll! Mir wëllen en Europa vun de Natiounen a net eent vun enger Bréisseler Kolonialmuecht! Aus dem Grond huet d’ADR – sou wéi déi aner konservativ Parteien – och keen europäesche Spëtzekandidat gewollt. D’ADR vergësst nämlech net datt si ëmmer do ass fir sech konsequent an an éichter Linn fir d’Interessien vun de Lëtzebuerger an dem Lëtzebuerger Land anzesetzen! Och si wëll en Europa, awer eent an dem och onst Land sech nach rëmfënnt!

Et gëtt an Europa kee Staatsvollék an et gëtt keng europäesch Natioun. D’Kommissioun ass ëmmer nëmmen eng Verwaltung am Déngscht vun de Memberstaaten, där hire Chef vun de Staats- a Regierungscheffen ernannt gëtt. Sou steet et am Traité mat där klorer Intentioun fir de Chef vun der Kommissioun ënnert den europäesche Rot ze setzen an  net gläichberechtegt niewent hien. A sou gesäit et och d’ADR.

Dovun ofgesinn ass NET EEN vun den europäesche „Spëtzekandidaten“ e Kandidat zu Lëtzebuerg, mol net den Här Juncker. D’ADR presentéiert dogéint NEMME Leit déi sech och hei am Land dem Wieler stellen – dat ass hiert Versteesdemech vun Demokratie: wierklech Kandidaten op richtege Lëschten a keng europäesch Spëtzephantomen déi mol kee Mandat vum lëtzebuerger Wieler froen.

Hei ass e klenge Film vun denen europäesche Konservativen, den déi Argumentatioun vun denen europäesche Konservativen géint Spëtzekandidaten nach eemol gutt illustréiert:

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert