Iwwer Kriminalitéit a Migranten

An der Spawecksversioun vun der FAZ stoung de 6. Abrël en Artikel iwwer e Lieserbréif un d‘ „Deutsche Polizei – Zeitschrift der Gewerkschaft der Polizei“ vum November 2013 .  Dee Lieserbréif hunn ech gläich mat hei am Link publizéiert – en ass op de Säiten 2 (ënnen) an 3 vun där Zeitung.

http://www.faz.net/aktuell/politik/inland/null-respekt-polizistin-klagt-ueber-straffaellige-einwanderer-12882648.html

http://www.gdp.de/id/dp201311/$file/DP_2013_11.pdf

Eng däitsch Polizistin mat griichescher Ofstamung hat de Courage fir verschidde Mëssstänn an Däitschland mat Numm ze nennen, speziell  där, déi mam Behuelen vu Migranten am Zësummenhank stinn. Besonnesch an Zäiten vun der politesch korekter Ligekultur ass et wichteg a richteg op d’Problemer kloer an däitlech opmierksam ze maachen. De Courage vun där Polizistin verdéngt Unerkennung.

Hei am Land gëtt et och grouss Problemer mat der Auslännerkriminalitéit – just et gëtt net doriwwer geschwaat. Et gëtt dacks net gesot wéi eng Nationalitéit d’Täter hunn, wéi se beschriwwe goufen oder wéi eng Sprooch se geschwat hunn – et soll jo net bekannt ginn, datt e groussen Deel vun der Kriminalitéit op de Konto vun Auslänner geet. Dobäi ass et jo net ëmstridden, datt mir ganz vill fein an éierlech Auslänner bei eis wunnen hunn – awer ebe leider net nëmmen där! An doriwwer muss och kënne geschwat ginn.  Ass et dann net wichteg, datt mir mussen d’Problemer kloer identifizéieren fir déi richteg Moossnamen kënnen ze huelen? An der Sowjetunioun gouf séngerzäit och net iwwer d’Kriminalitéit bericht – et konnt ebe net sinn, wat net huet däerfe sinn!

D’Tatsaache si jiddefalls kloer – sou wéi se aus den offiziellen Polizeistatistiken ervir ginn. Musse mir lo dowéinst d’Statistike friséieren – wat ech der Gambia-Regirung absolut zoutrauen- oder kënne mir  am Interessi vun der ëffentlecher Sëcherheet  d’Problemer beim Numm nennen an adäquat Mossnamen treffen?

D’ASTI probéiert jo schonn als Rassismus ofzestempelen, wann enn de Problem vun där iwwerproportional héiger Auslännerkriminalitéit hei am Land och nëmmen uschwätzt. Als „rietsradikal“ oder „Rassist“ gëllt den, den einfach d’Wouerecht seet…  Wéi soll een a sou engem Klima Politik maachen, d’Leit schützen oder géint verschidde Formen vu Kriminalitéit duerchgräifen?

Well jo ëmmer nees behaapt gëtt, d’Politiker génge net  Positioun bezéien, wëll ech soen wou ech an dëser Debatt stinn. Abee, déi éierlech Leit solle geschützt ginn,  an net déi kriminell. An dowéinst stellen ech mech kloer hannert eis Police. Et däerf keng Rebellioun toleréiert ginn. Déi Kriminell sollen nees Respekt virun der Police hunn. D’Police muss déi néideg Moyenën hunn fir duerchzegräifen, och géintiwwer grousse Mëschegruppen.  An dem Sënn hat ech jo och schonn eng Interpellatioun an der Chamber gemaach.

Et däerfe keng Parallelgesellschaften an et däerf keng Paralleljustiz hei am Land ginn. Wee wëll no der Scharia liewen soll an en islamescht Land goen – hei geet dat net!

A wen sech hei net well integréieren SOLL goen a wen hei am Land kriminell Akte mecht an net Lëtzebuerger ass MUSS goen. Et ass net ieren eng duebel Stroof wann een niewent enger Prisongsstrof  och nach aus dem Land verwise gëtt. De Prisong gëtt et fir d’Verbriechen – an d’Ausweisung gëtt et wéinst der Verletzung vun eiser Gaaschtfrëndschaft. Genee sou mann wéi all aner Vollék brauche mir eis gefalen ze loossen, datt Leit hei an d’Land kommen fir kriminell Akten ze begoen.

Et soll endlech Schluss sinn mat där „politescher Korrektheet“! Mir sollen d’Problemer endlech nees mam Numm nennen a mir solle  Moossnamen huelen fir Recht a Gesetz nees duerchzesetzen – an zwar eist Gesetz a net iergend en anert. Et ka sinn, datt déi politesch Lénk lo soen, dat wär „Populismus“- en anert „Argument“ fannen  si jo scho laang net méi- abee nä, et ass verantwortungsvoll Politik am Déngscht vun  allen éierlechen a friddleche  Leit hei am Land – de Lëtzebuerger wéi den Auslänner.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

15 Kommentare zu Iwwer Kriminalitéit a Migranten

  1. Kim Greis sagt:

    Aha, an e kriminelle Letzebuerger ka bleiwen? Een sou hart ze bestrofen, just well en eng aner Nationalitéit huet ass a bleiwt Diskriminatioun!

    Léif Gréiss.

  2. Jacques Guddebour sagt:

    1 – sou wéi de Kim seet – et kann een net deen een méi schwéier bestrofen wéi deen aneren, just wéint der Nationalitéit.

    2 – ech froen mech, op den Här Kartheiser dat net weess, oder et ignoréiert. Mee wann een d’Statistiken emol auseneen hellt, an z.B. bei villen vun desen Crimen en Tri op ‚jonk Männer mat wéineg Akommes an niddreger Bildung‘ mecht, da mierkt een ganz séier, dass d’Nationalitéit keng Roll spillt. An däer Kategorie sinn d’Letzebuerger grad sou derbäi wéi d’Auslänner. Wann een dann op d’Gesamtpopulatioun kuckt, mierkt een séier, dass et eben proportional méi Auslänner wéi Letzebuerger an deenen opfällegen Kategorien get, dofir verfälscht dat natierlech d’Bild.

    • Carlo sagt:

      Jacques Guddebour
      90% Auslänner am Prisong soen eppes aanescht aus. Bei 40% auslännesch Matbierger am Land missten jo dann just 40% auslännesch Krimineller zu Schrasseg sin, an 60% vun Lëtzebuerger Nationalitéit. Also ziehlt den Laitt hei keng Geschichten w.e.g.
      Kriminell Auslänner gehéieren noom oofsetzen vun hierer Stroof ausgewiesen.
      An kommt elo net hei mat der Rassismuskeule, paakt déi erem séier an, well et geht hei em Krimineller. Iwwregiens Lëtzebuerger können net ausgewiesen gin well se d’Nationalitéit vum Land hun.
      Iwregiens schafft Bréissel schon drun vir Sozialhëllef vir Auslänner oofzeschaaffen.
      Dir könnt daat awer gären aus Ärer Täsch finanzéieren dogéingt huet Keen eppes.
      Merci

      • Jacques Guddebour sagt:

        Carlo —

        90% Auslänner am Prisong (stemmt dat? Meng Zuelen woere manner, mee déi sinn och net déi allerneist) kommen net direkt dohier, well 90% vun de verurteelte Verbriecher Auslänner wieren, mee well et Hafterliichterunge fir Résident’en gett, déi et an däer Form net fir Non-Résident’en gett. Wanns de zu Letzebuerg wunnst, dann kriss de bei méi klengen Délit’en eng Hafterliichterung. Wanns de zu Metz wunns, da gett et déi net.

        • Carlo sagt:

          tjo, et haat jo och Keen déi Persoun vun Metz invitéiert elei kriminell Dooten ze vollbréngen.
          Lëtzebuerg as een Eldorado vir grenziwwerschreidend Kriminalitéit, leider

  3. Sveinn sagt:

    Lëschteg, wéi un Ärem politesche Bord ëmmer en Alibi-Migrant muss hirhale fir eklatant auslännerfeindlech Positiounen ze vertrieden. Är „Interpretatioun“ vu Statistike vun „Auslänenrkriminalitéit“ weist och entweder ganz kloer, wéi wéineg Dir an Är Parteikollege vu Statistik verstitt oder awer wéi Dir ganz wëssentlech Statistiken eesäiteg zugonschte vun Ärer Vue vun der Welt ignoréiert.
    Beispill: Eng grouss Majoritéit vun de Gewalttäter si Männer. Hu mer do lo och de Beweis fonnt, datt et e Problem u „Männerkriminalitéit“ gëtt a mer déi besonnesch haart bestrofe mussen? Nee. A kuckt Iech mol méi genee déi sozial Emstänn un déi hannert de Leit stiechen. Da wäert Dir séier rausfannen, datt d’Auslänner v.a. dowéint sou prominent an de Statistike vertruede si, well Auslänner méi oft a prekären an aarme Verhältnisser liewe musse wéi Staatsbierger. Ech ginn awer dovun aus, datt sou Awänn, wéi an Äre Kreesser üblech, ignoréiert ginn a léiwer rëm Leit kriminaliséiert solle gi wéint hirer Hierkonft …

    • Carlo sagt:

      Sveinn
      Är Meenong as net relevant well Dir haat bei deenen Lénken (déi sws keen Mënsch brauch) ob der Wahllëscht die mannsten Stëmmen.

      • Jacques Guddebour sagt:

        Carlo – e komeschen Relevanzcritère ass dat do.

        Net vläit besser op d’Argument spillen wéi op de Mann?

      • Sveinn sagt:

        @Carlo: Dann dierft Är „Meenung“ jo – Ärer beschränkter rietser Logik no – déi Irrelevantest iwwerhaapt si vu datt Dir net mol op enger Lëscht waart. Fir de Rescht liest Iech mol mäi Kommentar duerch, da ginn Är onrecherchéiert Aussoen an Ärer Äntwert op de Jacques Guddebour ganz séier relativéiert. Mir schéngt, Dir hutt nach vill opzeschaffe wat Statistiken ugeet. An net nëmmen do.

    • Danielle sagt:

      Leschteg wei dei Lenk Gutmenschen erem aus hieren Lächer eraus gekroch kommen an vill bla bla vun sech ginn.
      Den Herr Kartheiser huet vollkommen Recht mat dem waat hen seet.

  4. Kim Greis sagt:

    Argumenter ignoréieren an naiv un senger Meenung festhalen ass och net wierklech relevant.

    • Carlo sagt:

      schued dass ech Iech d’Foto vum Gutmënschengehier net kann hei posten, esou kiint ech Iech vlaicht een Psy conséilléieren
      besonneg ausgeprägt as :
      das Denunziationszentrum
      „die Weissen sind Schuld“ – Synapse
      d’Opferrollen – Drüse
      Selbstgerechtigkeits-Lappen (Arbeitszentrum für das Ausgeben anderer Leute Geld – Verantwortlich für reflexhafte Schuldzuweisung an Kapitalisten)
      Täter sind Opfer-Synapse ( besonders ausgeprägt bei Migrantengewalt)
      Neid-Zentrum
      Bevormundungs-Zentrum ( sehr stark ausgeprägt)
      Political Correctness-Neusprech-Zentrum (extrem stark ausgeprägt) beinhaltet : Denk-Verbote, Sprech-Verbote,Diskriminierungs-Hypochondrie
      Freies Nazi Paranoia-Radikal
      Schuld-Drüse
      „Marx“ hat gesagt-Speicher
      das Üben der Betroffenheitsmiene-Radikal

      Stark verkleinert :
      Meinungstoleranz-Partikel
      Arbeitsmoral-Molekül
      Eigenverantwortlichkeits-Knoten

      mat satireschen Gréiss
      Carlo

  5. DMC sagt:

    Ech fannen et ëmmer erem leschteg wéi den Här Kartheiser (, den ech iwwregens leschte Samsden an der librairie Fieldgen gesinn hun, ) ennert dem Deckmantel vun der Demokratie probéiert duerch absurt an dëelweis abstrakt Argumentatiounen Oprégung ze erwecken. D’Fro bleiwt: Wou sinn är Fakten/ Berichter? Dir bezitt ierch op e däitschen Artikel? Selbstverständlech hun d’Auslänner sech un ze passen, mee froht Dir ierch net als Politiker wourun et kéinnt leien daat e Dëel vun der auslännescher Bevölkerung am Land kriminell Akten vollzitt? Sozial a politesch Exklusioun a Benodëelegung vun Migranten sinn wahrscheinlech Saachen déi ierch net interesséieren. Ech sinn Schüler op 1e am Lycée Robert-Schuman. Kennt Dir mir erklären wisou just ca. 5% a menger Schoul/ a an de mëschten klassëschen Lycéen Auslänner sinn. Populismus pur! PS: Ech hun en auslänneschen Pass.

  6. Carlo sagt:

    „Kennt Dir mir erklären wisou just ca. 5% a menger Schoul/ a an de mëschten klassëschen Lycéen Auslänner sinn.“
    Meng perséinlech Meenong :
    Dir könnt net aaner Laitt verantwortlech maachen, wann verschidden Laitt naischt wëllen léieren.
    Ech haat och een auslänneschen Pass an daat 21 Joër laang,

  7. Marcus Miden sagt:

    Ech empfehlen allen leit dei Auslaennerkriminalitéit verhamlosen, mol engker owes an meng Noperschaft (rue de strasbourg) mat den Kanner iessen ze kommen, awer w.e.g och no 20:00, an wann et net mei hell dobaussen ass, dann kucken mer mol wei schnell dir aer Meenung aennert.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert