Déi gréng Pädophil an d’Eierlechkeet vum Tageblatt

D’Tageblatt huet jo an denen leschte Joeren mat groussem Asaz all Geleeënheet genotzt fir géint déi kathoulesch Kierch wéinst dem sexuelle Mëssbrauch ze hetzen den et do leider gouf. Hei e Beispill vun engem vu ganz villen Artikelen zu dem Thema:

http://www.tageblatt.lu/nachrichten/meinung/story/21254893

Fir datt mir eis gutt verstinn: ech deelen d’Suerg ëm dee sexuelle Mëssbrauch an der Kierch den ech och selbstverständlech veruerteelen – wéi all sexuelle Mëssbrauch. Ech denken awer, datt d’Kierch am Groussen a Ganzen ganz gutt a konsequent reagéiert huet.

Ganz aanecht ass dat awer bei dene Gréngen. Och bei hinnen gouf et jo ganz vill Fäll vu Pädophilie déi grouss Deeler vun hirer Partei och nach joerelaang politesch gefördert hunn. Mä aanecht wéi d’Kierch klären déi Gréng net vill op a si gi grad ëmmer nëmmen souvill zou wéi schonn bekannt ginn ass.

Mee vum tageblatt hätt ech mir erwaart, a sief et nëmmen aus Grënn vun der Glaafwierdegkeet, datt et de sexuelle Mëssbrauch ëmmer op déi nämlecht Manéier behandelt – ob dee lo an der kathoulescher Kierch geschitt ass oder bei dene Gréngen.

Mat grousser Verwonnerung hunn ech dowéinst de 7. Abrël 2014 en Artikel mam Titel „Daniel Cohn-Bendit zieht weiter“ am tageblatt gelies. Den Artikel wor eng eenzeg Lueflitanei op dee grénge Fraktiounschef am Europaparlament a mat kengem eenzege Wuert gouf den Här Cohn-Bendit wéinst senger Pädophilie kritiséiert.

Et geet an dem Artikel ëm eng gréng Party fir den Här Cohn-Bendit. Ob den Här Turmes och do wor, steet leider net am Artikel. D’tageblatt wor jiddefalls begeeschtert.

Vun där zweetgréisster Dageszeitung hei am Land kéint een sech méi Eierlechkeet erwaarden. Wéinst der Koalitiounslogik schéngt och dee leschte Recht u politescher Moral missen eliminéiert ze ginn. Soss hätt d’tageblatt sech jo zum Beispill kënne froen, ob den Här Turmes oder déi lëtzebuergesch Gréng sech jemools vum Här Cohn-Bendit distanzéiert hunn. Net, datt ech wéisst….

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert