Auslännerwalrecht: d’Gambisten putschen géint d’lëtzebuerger Vollék!

Wéi op dësem Blog schonn den 22. März ugekënnegt, wëll Gambia alles maachen, fir den Auslänner d’Walrecht ze ginn ouni op de Wee vum Referendum ze goen. Souvill zu dem lénke Gesabbels iwwer „d’Demokratie stärken“, wéi et am Regierungsprogramm stoung! Den huet genee 5 Méint gehal, an da nach… Wat wierklech vu Gambia  ze halen ass, huet ee jo och scho gesinn, wou et viru Kuerzem em eng Neibesetzung vum Staatsrot goung an déi Gréng sech em 180 Grad (!)  gedréint hunn.

Dee selwechte Verroot um Wieler widderhëllt sech lo beim Auslännerwalrecht.

Hei ass – dank dem 100,7 – e flott Dokument iwwer dem Här Bettel seng Glaafwierdegkeet:

http://www.100komma7.lu/emissions/2014/04/17/kee-referendum-iwwert-dauslannerwahlrecht/

Ech ginn dovun aus, datt d’CSV an där do Fro ëmfällt a bei iergend engem faule Kompromëss mat mecht, wéi z. B. „selwecht politesche Rechter fir all EU-Bierger“. Da kéinten – an enger éichter Phas – d’Chinesen, d’Guatemalteken an d’Algerier mol nach net mat hei decidéieren. Wen eng patriotesch a wäertorientéiert  Politik wëll, kann an dësem Land definitiv nëmmen d’ADR wielen!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

4 Kommentare zu Auslännerwalrecht: d’Gambisten putschen géint d’lëtzebuerger Vollék!

  1. Kim Greis sagt:

    „Demokratie stärken“ ass also „lénkt Gesabbels“? Klengt bal sou, wéi wann dir jo dann géint d’Demokratie wärt.

    Léif Gréiss.

    • Carlo sagt:

      Léiwen Kim
      also aus engem Lénken Mond hun ech och nach net vill Gescheites héieren, ausser Frechheeten natirlech.
      Ech kann do dem Här Kartheiser net Onrecht gin 😛
      mat patrioteschen Gréiss
      Carlo

  2. Kim Greis sagt:

    Et muss schlemm sinn erklärt ze kréien, dass een keng Leit méi diskriminéiere soll a jidereen mat Respekt behandele soll 😉

    Léif Gréiss.

    • Carlo sagt:

      Dir Genossen diskriminéiert Är eegen Landslaitt zu Gonschten dem Asyltourismus.
      Fänkt Dir selwer mol un sämtlech Anwunner vum Land ze respektéieren, eet Dir iwwer Respekt schwätz well Dir wësst net waat daat as.
      Wir Dir net besser an der Ukraine, et as jo elo Vakanz, dann könnt Dir do den Ukrainer hëllefen die béis Russen zréck ze drängelen ?
      d’Madame Timoschenko waard schon ob Iech, ob waat waard Dir nach?
      Schéin Ouschteren
      Carlo

Schreibe einen Kommentar zu Kim Greis Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert