D’Mënscherechtsorganisatiounen zu Lëtzebuerg

Haut de Moien hunn ech de Rapport vum « Centre pour l’égalité de traitement » (CET) fir 2013 gelies a  kann alt nees net ophalen mat mech wonneren. Schonn e puer mol hunn ech op dësem Blog verschidde vun eise Mënscherechtsorganisatiounen kritiséiert, eisen Ombudsman, d’Madame Err, den ORK, den CET an, wéi ech mengen, all Kéiers mat gudde Grënn.

Vläicht sollt ech fir unzefänken e puer méi allgemeng Kommentare maachen. Den éichten ass, datt ech den Androck hunn, datt mir däitlech zëvill Institutiounen an dem Mënscherechtsberäich hunn: e Ministère pour l’égalité des chances, en OLAI, en ORK, en Ombudman, eng CCDH, e CET a Gott wees wen oder wat nach, dat ass därs Gudden ë bëssche vill. Mir sollten dat Ganzt mol „streamlinen“, zësummefaassen, retionaliséieren an enger eenzeger KONSULTATIVER Struktur.

Déi Struktur soll qualifizéiert, ponderéiert, couragéiert an intelligent Mataarbechter hunn Mäin Androck ass awer, wann ech déi verschidde Rapporte liesen oder verschiddenen vun dene Leit nolauschteren, datt mir en dramateschen Qualitéitsdefizit an eise Mënscherechtsstrukturen hunn. Mir hunn zwar méi wéi genuch Ideologen, Feministinnen, naïv Guttmënschen, a Leit vu lénks bis extrem lénks mä wou sinn hautzudaags nach déi grouss Philosophen a Rechtswëssenschaftler? Wou ass eis Intelligentsia? Wou sinn haut déi Leit déi eis Mënscherechtskultur geformt hunn an si och nach géint dee lénken Totalitarismus wéilte verdeedegen??

Leider ass et denen lénke Kreeser gelongen, déi verschidde Gremien bal ganz mat hire Leit ze besetzen. Mënscherechtspolitik gëtt haut mëssbraucht fir déi lénk politesch Agenda ze promouvéieren. Déi national Ethik-Kommissioun ass vläicht nach eng lescht Ausnam an dem Sënn, datt si – wahrscheinlech och wéinst hirer net-politescher Zësummesetzung –nach dacks richteg intelligent a sachorientéiert Qualitéitsaarbecht leescht. Dowéinst huet d’Lëtzebuerger Land dë leschte Freideg déi Kommissioun jo och massiv kritiséiert: „Offenbar haben jene Stimmen Recht,die bemängeln, die Kommission sei vor allem ein U-Boot konservativer Kräfte“. Wat net fest a lénker Hand ass ass eben net méi erwënscht.

Eiser Gesellschaft feelt den Zivilcourage. Wen haut Fräiheet wëll, muss sech dacks och géint eis sougenannte „Mënscherechtsorganisatiounen“ wieren, déi selwer ëmmer méi liberticide optrieden. Amplaatz Mënscherechter ze verdeedegen, ginn si selwer ëmmer méi zur Gefor. Amplaatz, datt mir hir Rapporten einfach akzeptéieren sollte mir si léiwer mol kritesch hannerfroen.  Si mir eis bewosst datt eis Mënscherechtsorganisatiounen ëmmer méi zur Gedankepolizei ginn? Den CET, dem säi Rapport grad viru mir läit, fuerdert zum Beispill  e „pouvoir d’intervention“, e „pouvoir contraignant“ an e « pouvoir d’enquête“. E wëll am Stroofgesetzbuch eng Dispositioun iwwer eng « tentative de discrimination ». An e fantaséiert vun enger Lockerung vum secret médical a vum secret professionnel zu senge Gonschten. Eierlech gesot, ech halen dee Gremium fir geféierlech, massiv desorientéiert an eigentlech och fir iwwerflësseg. Eng Fusioun mat anere Mënscherechtsgruppen an eng nei, präzis a méi limitativ Definitioun vum Mandat wär hei méi wéi sënnvoll.

Dacks komme sou Strukturen an hir oppressiv Basis-Legislatiounen vun europäeschen Direktiven. Ech verstoppe net, datt ech déi geng „samt und sonders“ kënnegen. Fir mech sinn d‘Fräiheet vun der Meenung an déi vun der Ried méi héig Wäerter wéi e Schutz virun enger subjektiver, dacks nëmme verbaler an och vläicht nëmmen imaginärer „Discriminatioun“. D’Ausernaanersetzung mat anere Meenungen, och denen onbequemen oder vläicht net opportunen, gehéiert awer an déi politesch Sphär a net virun obskur Gremien. Op dem CET a seng Aktivitéiten kommen ech secher nach eemol am Détail zréck. Jiddefalls geet dee Gremium  dacks wäit iwwer dat raus wat eng verantwortungsvoll an iwwerluegten Exekutioun vu sengem Mandat nach geng justifiéieren.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

3 Kommentare zu D’Mënscherechtsorganisatiounen zu Lëtzebuerg

  1. Carlo sagt:

    Waat mech besonneg erféihrt, as dass an enger déer Organisatiounen den Chef schon 40 Joër hei am Land as, an nach emmer keen Wuert Lëtzebuergesch schwätzt an sengen discours’en.
    As daat Integratioun ? As daat am Sënn vum Wuehl zum Land ?
    End aaner Organisatioun huet kommunistesch Plakater mam Lenin an hieren Raimlechkeeten hänken.
    Ech fille mech all Daag méih diskriminéiert.

  2. Carlo sagt:

    Déi Organisatiounen hun tatsächtlech lénk gring kommunistesch Acteuren an aaner Naiv Gutmënschen, natirlech och ganz rechtschaffend Laitt.
    „Huelt se eran“ jeitzen Verschiddener permanent, mee sie froen net waat daat kascht, an vun Integratioun net ze schwätzen. Beispill : die Laitt déi elo aus Syrien hei unkomm sin, déi kréien franséich statt lëtzebuergesch Cours’en.
    Ech sin frouh dass mir déi Laitt aus engem Krichgebitt obgeholl hun, mee ech muss mir awer do d’Froo stellen : Sin die Laitt Moslems, hieren Schal’en noo um Kapp ze uertëlen? Wiesou hun mir keng Chrëschten geholl déi ons kulturel jo méih noo stin ?
    Besonneg Chrëschten gin jo do massiv vun Islamisten ënnerdréckt an ermuerd. Komesch nee ?
    Och gët een den Verdacht net lass dass ons Lénk naiv Gutmënschen net onbedingt vir d’Flüchtlingen jeitzen. Nee sie jeitzen och vir sech selwer. An virwaat ?
    Ganz einfach. All déi Laitt déi an deenen Organisatiounen täteg sin kréien jo bestemmt eng Pai oder soss eng Imdemnisatioun ?
    Do sin Assistantes sociales, Traducteuren, Bureau-Personal, Pfleege-Personal asw asw beschäftegt. Oder mengt Dir déi géifen do gratis schaffen ?
    Waat méih Flüchtlingen oder Migranten bei ons kommen, waat méih Personal gebraucht get, an esou get gesuergt dass eben hier lénk Kolleegen ebenfalls do beschäftegt gin.
    Also kann een dovunner ausgoen dass sie an éischter Ligne vir sech selwer jeitzen. Elo wou jo esou een Chef an der Pensioun as, elo héiert een Deen quasi guernet méih, wou et jo esou een mega groussen Migrantenfrënd soll sin. Komesch, war daat net Deen deen Laitt „brong Gesellen“ vernannt huet ? An der Pensioun as sein Gutmënschentum erlöscht?
    Aus secherer Quelle sin ech gewuer gin, dass een traducteur teschent 50 an 60 Euro Stonn kascht,kann daat sin ? an daat bezillt onsen Staat an net ons léif Gutmënschen.
    Wann sie vir d’frais’en missten opkommen dann sietz net baal Een do 😉
    Et as emmer einfach mat aaneren Lait hierem Geld schaffen ze loossen.
    Mech als moderaten Nationalist géifen se garantéiert net anstellen 😉
    Iwwregiens sin sie och net esou gudd am Härz ewéi sie sich ausgin. An virwaat?
    Majo wann Dir net mat hierer Anstellung anverstaanen sidd, dann gidd Dir primo entweder aus der Diskussioun ausgeschloss, secundo also Rassist vernannt, tertio am schlëmmsten Fall als Nazi tituléiert.
    Wann se jo esou gudd am Härz wieren, dann géifen se jo deenen Laitt, déi hier Unsichten net deelen, daat verzeihen ?
    Ah nee, do get een direkt platt gemaat 😉 gudd sin se also net, sie sin diktatoresch angestallt an äuserst rechthabereg.
    Verschiddener neigen esouguer zur Gewalt, ewéi mir et ob der Télé z.b. an Daitschland gesin, do stiechen se den Laitt d’Auto’en un, greifen esouguer d’Polizisten un. Hoffentlech könnt daat net och nach hei ob 🙁
    All déi Organisatiounen sollen ob 1 oder 2 begrenzt gin, well schon alleng quasi ganz Europa an der EU as. Folglech sin d’Gesetzer jo vereinfacht gin.
    Also léif Lieser, gleeft net ëmmer daat waat die léif Gutmënschen esou eroof leieren.
    Mat beschten Gréiss
    Carlo

    PS : ob Comments vun Lénksextremisten äntferen ech net, merci

    • DMC sagt:

      Ech hun op dësem Blog schon oft Är Bäiträg gelies an muss lo endgülteg feststellen datt de Maß un riets-xenophobescher Ideologie grenzelos ze sinn schéngt. Dir sot am Eescht datt Lëtzebuerg zweschen den Flüchtlingen aus Syrien déi sech permanent ennert Liewensgefohr befannen opgrondt vun hirer Relioun wielen soll!? Iech geet et natierlech net dorems MENSCHEN ze retten mee just Läit déi vläit besser an Ärer perverser Weltanschuung passen! Dot der Menschheet e Gefallen an erléist iech..

      Ech sin weder e Lénken, e Riétsen nach e Gutmensch, mee wann een menschefeindlech Äusserungen ofgett muss een réagéiren. DMC

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.