D’CSV-Fraktioun huet haut dozou bäigedroen, datt d‘Gambisten hir intern Problemer a Streidereien konnte provisoresch ëmschëffen. Dat ass schued, wëll d’CSV däerft jo eigentlech net d’Roll vun där fënnefter Koalitiounspartei spillen, mä si soll endlech an d’Roll vun enger Oppositiounspartei era wuessen. Ech schreiwen déi „fënneft“ Koalitiounspartei, well déi Lénk jo, wann et drop ukënnt, och schon trei a stramm op der Säit vun de Gambiste stinn. D’Koalitioun huet eigentlech 34 Stëmmen an der Chamber, an net nëmmen 32.
Wat mech awer nach méi stéiert ass d‘Argumentatioun vun der CSV géint de Referendum. Ass si sech bewosst, datt hir pseudo-staatsmännesch Rhetorik iwwer de „sozialen Zësummenhalt“ a géint „potentiell gesellschaftsspaltend Elementer bei engem Referendum“ näicht aanecht ass wéi Arroganz a Paternalismus géintiwwer dem Souverän, dem lëtzebuerger Vollék?
Mat hirer Attitüd schaaft d‘CSV d’Demokratie de facto of a plädéiert fir e Parteiestaat. Sinn d’Leit an hiren An ze domm fir eng Meenung iwwer wichteg gesellschaftspolitesch Froen ze hunn oder vläicht net zeideg genuch fir ze decidéieren? Sinn d’Wieler der CSV just gutt genuch fir hirer Leit an d’Chamber ze wielen, wou si et awer zu 23 bis elo leider nach net fäerdeg bruecht hunn fir sech vun de Gambisten kloer ze ënnerscheeden?
D’CSV-de facto-Ennerstëtzung fir d’Koalitioun brengt mech nach och op eng aner Fro: sinn d’Parteien an der Chamber a ville Froen iwwerhaapt nach repräsentativ fir dat Vollék , dat si solle vertrieden? Ech mengen dat all Dag manner! Ech sinn iwwerzeegt, datt vill Leit géint d’Auslännerwalrecht oder och géint d’Homo-Bestietnis sinn, mä datt déi meeschte Parteien – ausser der ADR – all déi Froen wëlle laanscht d’Vollék a souguer géint d’Vollék duerchsetzen. D‘CSV mëcht dat scho joerelaang sou an der Europapolitik. D’Resultat ass, datt d’Leit hiert Vertrauen an d’Politik ëmmer méi verléieren.
D’CSV huet ëmmer nees vu partizipativer Demokratie geschwat mee haut huet si op e Neits gewisen, datt si a Wierklechkeet keng wëll! All etheschen oder besonnesch wichtegen Dossier ass potentiell „gesellschaftsspaltend“: dat gëllt net nëmmen fir d’Auslännerwalrecht, mä och zum Beispill fir d’Ofdreiwung, d’Euthanasie, a sou virun. Souguer Dossieren wéi d’Atomenergie, den obligatoresche Militärdengscht oder den Index si potentiell „gesellschaftsspaltend“. Mee kann de Fait , datt et nun eemol grondveschidde Meenungen an der Gesellschaft ginn, jemools en Argument sinn fir eng Diskussioun wëllen ze erstécken? Mat dem do Argument gëtt et, wann iwwerhaapt, nëmme nach e Referendum doriwwer ob am Stater Park sollen Tulpen oder Rouse geplanzt ginn. Natierlech och nëmmen, wann d’CSV an d’Gambisten de Leit sou wichteg Decisiounen iwwerhaapt nach zoutrauen
Mat wéi engem Recht wëllt d‘CSV lo, nodem d’Leit e Referendum am Regierungsprogramm versprach kruuten, nach doriwwer an der Institutiounskommissioun mat de Gambiste verhandelen? Eng Verhandlung iwwer e Wee laanscht e Referendum, e Kouhandel iwwer eng Entmündegung vum Bierger ?
D’CSV proposéiert der Koalitioun zwee Weeër fir e Kompromëss géint e Referendum: d’Bradéieren vun der lëtzebuerger Nationalitéit an déi selwecht politesch Rechter fir all EU-Bierger. Dat éicht ass verantwortungslos wëll domadder d’Integratioun nach weider geschwächt gëtt an dat zweet geet nëmmen an engem Federalstaat. An de facto si mir ganz wäit vu sou engem wech. Europa kritt a Wierklechkeet ëmmer méi Rësser an et wär gutt, well verantwortungsvoll, wa mir am Interessi vum Land eng Europapolitik mat méi Realismus génge maachen.
A wee sidd dir ze decidéieren wat d’CSV ze machen huet? Ech denken d’CSV huet capabel Käpp déi en même sinn dat selwer ze machen!
Léif Gréiss.
Schleimen d’Genossen ewell bei der Kapitalisten an Patronatspartei -) ?
Liggen an Wouhrescht lung bei den Genossen nach nie weit ausaneen
http://www.youtube.com/watch?v=YjgKKOdVRx4
Wéi vill rhetoresch Froe musse mer nach gestallt kréie bis mer eis däraart populistesch Sënnereien net méi undoe mussen?
Ech wëll hei just drop hiweisen, datt ech Kommentaren déi direkt perséinlech Beleidegungen géint mech oder géint en aneren enthalen am allgemengen net publizéieren.
Fernand Kartheiser