D’Chambre de Commerce huet an der Lescht villes erzielt wat fir eng Vertriedung vun der Geschäftswelt méi wéi aussergewéinlech schéngt: si huet Schoulreformen ënnerstëtzt déi de Bildungsniveau vun eise jonke Leit erof drécken, si huet sech géint d’Mammerent ausgeschwat a si wor eng dreiwend Kraaft bei der Revendicatioun fir d’Aféierung vun engem Auslännerwahlrecht.
Dat ass net nëmmen an der breeder Effentlechkeet net ëmmer gutt ukomm, mee och vill Geschäftsleit froen sech ob déi Organisatioun hir Interessien a Meenungeen eigentlech nach vertrëtt? Vill Leit am private Secteur si Patrioten déi keen Auslännerwahlrecht wëllen, vill vun hinnen si familljenorientéiert an hätte gär eng Unerkennung fir d’Aarbecht vun hire Mammen a Fraen an déi allermeescht vun hinnen wären och frou wann hir Kanner an der Schoul nach eppes anecht ausser kompenséieren génge léieren.
Lo muss een awer wëssen, datt och si gezwonge sinn an der Chambre de Commerce Member ze sinn an ze cotiséieren, well sou wëll et d‘Gesetz vum 4. Abrëll 1924 iwwer d’Beruffskummeren. Déi obligatorech Cotisatiounen sinn dem Gefill vu ville Geschäftsleit no och zimlech héig.
Zwou Froe mussen also erlaabt sinn:
– Passt sou eng korporatistesch Zwangsmemberschaft nach an eis modern Gesellschaft?
– Ass et moralech vertrietbar, datt vill kléng Geschäftsleit gezwongen sinn ze erdroen, datt hir Beruffsorganisatioun onpatriotesch a familljefeindlech politesch Fuerderungen vum lénke Bord vertrëtt?
Hiren Direkter gouf zwar mat engem Ministerposte belount, mee dovunn hunn déi normal lëtzebuerger Geschäftsleit jo absolut näicht.
Prinzipiell ass d‘Zwangsmemberschaft an Associatiounen iwwregens net nëme politesch mee och juristesch zweifelhaft, wéi besonnesch d’Diskussiounen ëm d’Reform vun der Juegd et gewisen haten.
Et wär also secher richteg eemol doriwwer nozedenken, ob d’Chambre de Commerce net eng nei gesetzlech Basis kréie misst, ouni all Zwangsmemberschaft. Da wär och méi kloer, wem seng Interessien si eigentlech nach vertrëtt. All déi aner Leit déi anecht denken a nach fir eist Land an eis Familljen wëllen astoen, kéinten dann hiren eegene Beruffsverband grënnen. Dat selwecht gëllt natierlech prinzipiell och fir all déi aner Beruffskummeren, mee keng vun hinnen wor awer a leschter Zäit sou militant géint eist Land opgetrueden wéi d’Chambre de Commerce.