Déi britesch Konservativ – der ADR hir wichtegst Partner an der Allianz vun den Europäesche Konservervativen (AECR) – hunn e klore Plang fir Europa: si wëlle méi Kompetenzen fir d’Memberstaaten a manner Kompetenzen fir Bréissel – och z.B. am Beräich vun der Justiz. Dëss Grondastellung entsprecht och der Astellung vun der ADR: manner Kompetenzen fir Europa an dofir nees méi Lëtzebuerg.
Den David Cameron versprëcht de Briten e Referendum iwwer d’EU-Memberschaft vu sengem Land – an anecht wéi déi lëtzebuerger Gambisten halen déi Konservativ hir Verspriechen och. Hei ënnerscheeden sech awer d’Positiounen vun der ADR vun denen vun hire britesche Partner, well Lëtzebuerg ouni Bannemaart a Währungsunioun economesch net iwwerliewe kann. Dowéinst steet d’ADR zu enger lëtzebuerger Memberschaft an enger Europäescher Unioun – awer an enger Unioun vun de Memberstaaten a net an enger vun engem federalen, zentralisteschen Système.