Wéi eecht ass dem Här Hoffmann seng Kandidatur bei den Europawalen?

Et hat mech éierlech gesot iwwerrascht wou ech gesinn hunn, datt den Här André Hoffmann nach eemol seng Kandidatur bei den Europawahlen gestallt huet. Ech hat hien an Erënnerung als en Här den sech aus Altersgrënn aus der Politik zréck gezunn hat. 

An der Chamber sot hien a sénger Abschiedsried „et wär un der Zäit fir opzehalen, fir méi jonke leit Plaatz ze maachen a fir sech selwer och Zäit ze huelen fir aner Beschäftegungen an eng aner Liewensgestaltung“ (um Video vun 1h 42 min un). 

http://visilux.chd.lu/ArchivePage/video/805/sequence/28271.html

Den Här Hoffmann ass den eenzegen Politiker vun Déi Lénk den bis elo iwwer séng Partei eraus Unerkennung fonnt huet – och bei mir. Him traut een zou méi wäit ze denken an och an enger Diskussioun méi fundéiert Standpunkter ze vertrieden wéi déi gewéinlech, ofgedroschen, kommunistesch Huelphrasen vu senge Parteikomeroden.   

An dem Sënn begréissen ech säi Comeback – just ech gleewe net drunn. Ech hunn de Verdacht als géng den Här Hoffmann just nëmme mat goen fir Stëmmen ze fänken.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert