Ech wor richteg geschockt wou ech an der englescher Press iwwer dem Här Paul Weston seng Verhaftung gelies hunn. Den Här Weston huet zwar eng – a mengen An vollkommen onnéideg Provokatioun – gemaach, mee och dat gehéiert zum Mënscherecht an zum verfassungsméissege Grondsaz vun der fräier Ried.
Den Här Weston hat ëffentlech en islamkritesche Passage aus engem Buch vum Winston Churchill virgelies a gouf dowéinst verhaft.
Mir geroden ëmmer méi an e Staat an dem all kritesch Bemierkung verbueden a verfollegt gëtt – zëmools wann et em kulturell, reliéis, national oder ethesch Froe geet. Wéi gesot, ech si vum Här Weston senger Actioun net iwwerzeegt – mä seng Fräiheet vun der fräier Ried ass awer och meng a jidderéngem seng!
http://www.bbc.com/news/uk-england-hampshire-27186573
Virun allem d’EU wëll déi Gesetzer géint déi fräi Ried nach verschäerfen. Mir mussen déi diktatoresch Tendenze stoppen – esou séier wéi méiglech!