TTIP: wéi déi Gréng d’Leit beléien

Op denen Table-rondes op déi d’Politiker dëser Deeg untrieden, muss een sech ëmmer nees Saachen unhéieren déi a krassem Widdersproch zur Wouerecht stinn. Besonnesch dem Här Turmes seng Aussoen kënnen een dacks nëmme verwonneren.

Hie behaapt jo dat Transatlantesch Partnerschafts- an Investitiounsofkommes TTIP géng „op den Tip“ gehéieren, an dat nach ier hien oder iergend en aneren d’Resultat vun de Verhandlunge kennt. Op där éichter RTL-Televisiounsdebatt hat ech hien drunn erënnert, datt seng gréng Parteikolleegen an der Chamber déi diametral opposéiert Positioun vertrieden, wat hien net wollt akzeptéieren (Zäit am Film: 1.16:54 bis 1: 18:05).    

http://www.rtl.lu/themen/europa_wahlen/533771.html

Hei ass zum Beweis de „Vade mecum“ vun der Chamber vum 11. Mäerz 2014 : TTIPgreng

Op der Säit 9 ass den Text vun enger Anti-TTIP-Motioun vun dene Lénken, an där et, ënner anerem, heescht: 

 TTIPLenkMotioun

 Op der Säit 10 steet dann, datt déi gréng Deputéiert all dogéint gestëmmt hunn.

Ech mengen, datt den Här Turmes de Leit mol soll d’Wouerecht soen amplaatz wëllen de Leit eppes iwwer déi gréng Positioun ze erzielen, wat absolut net der Realitéit entsprecht!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert