Auslännerwalrecht: dat duebelt Spill vun der CSV

Offiziell ass d’CSV jo well géint d’Auslännerwalrecht, seet si mol. D’Realitéit ass awer eng ganz aner!

A Wierklechkeet huet en CSV-Member (Quell: de „Jeudi“ vum 15.5.14 ) eng Petitioun FIR d’Auslännerwalrecht an der Chamber eragereecht an d’CSV-Zeitung „Wort-online“ mecht och nach massiv Reklamm fir déi:

http://www.wort.lu/en/politics/petition-346-on-chd-lu-voting-rights-for-foreigners-petition-goes-online-53736e7eb9b39887080261a6

Am CSV-Wahlprogramm vun 2013 steet op der Säit 46:

Wir werden innerhalb der EU aktiv für eine einheitliche Lösung werben, die allen EU-Bürgern die gleichen politischen Rechte in Europa einräumt.“

Dat heescht, datt d’CSV fir e federalt Europa antrëtt an iwwer dee Wee d’Auslännerwahlrecht hei zu Lëtzebuerg wëll aféieren. Bis elo huet d’CSV sech net och nach net vun där Fuerderung distanzéiert.

Den CSV-Kandidat Frank Engel wëll souguer, datt bei den Europawahlen Leit déi keng europäesch Biergerschaft hunn, kënne mat wiele goen:

 http://www.frankengel.lu/news/frank-engel-mpe-sur-alliance2013lu-au-sujet-des-%C3%A9lections-europ%C3%A9ennes

An ëffentlechen Diskussiounen vertrëtt den CSV-Kandidat Frank Engel och d’Theorie vum Walrecht fir Auslänner bei nationale Wahlen:

Frank Engel (CSV, centre-droit) lui a fait écho en affirmant que « si la citoyenneté européenne peut servir à quelque chose, ça ne doit pas être juste sur un passeport ». Il défend l’idée de fournir des « attributs concrets » à la citoyenneté européenne, le droit de vote ne suffisant pas. Par exemple, il faudrait que les citoyens européens aient aussi le droit de vote aux élections nationales. Par ailleurs, « il faut une pleine participation politique ».“

 (Quell: http://aucafedeleurope.com/2014/04/09/elections-europeennes-2014-quelle-europe-voulons-nous-pour-2020/)

 Déi eenzeg Conclusioun déi ee kann aus dësen Elementer zéien, ass datt d’CSV a Wierklechkeet FIR d’Auslännerwahlrecht antrëtt. Déi eenzeg Partei op déi och an dëser Fro honnertprozenteg Verlooss ass, ass d’ADR! 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert