Homobestietnis: e Bréif un den Här Aerzbëschof

Haut hunn ech en oppene Bréif un den Här Aerzbëschof vu Lëtzebuerg geschéckt an dem ech hie gebieden hunn, Stellung am Numm vun der Kierch iwwer d’Homobestietnis ze huelen. Bis elo wor d’Kierch an där Fro opfälleg roueg.

Bei allem Versteesdemech fir déi aner Suerge vun der Kierch, vum Reliounsunterrecht, hirer Finanzéierung  bis hin zum Te Deum, kann ech awer weder verstoen nach akzeptéieren, datt d’Kierch an dene wichtegen ethesche Froen einfach de Mond hällt. Déi Absenz vun der Kierch huet wahrscheinlech domat ze dinn, datt d’CSV an all dëse Froen zu enger dezidéierter Lénkspartei ginn ass, déi alles wat chrëschtlech ass schänterlech verroden huet.

Eng Kierch déi awer net méi zu hirem Glaawe steet, verléiert hir Glaafwierdegkeet an domat all Chance op gesellschaftlech Unerkennung.

Kopien vun dësem Bréif hunn ech och un déi lëtzebuerger Press geschéckt. Ech géng mech awer wonneren, wann déi e géng ernimmen.

Hei ass den Text:

 

Bréif un de Bëschof Homobestietnis

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert