Fir déi fräi Ried a géint eng „politesch korrekt“ Zensur

Obwuel ech hei nëmme ganz sielen meng eege Rieden publizéieren, maachen ech haut awer eng Ausmahm. De Sujet ass mir einfach ze vill wichteg.

An der Chambersessioun vum 4. Juni hat ech kuerz d’Wuert ergraff fir géint déi aktuell Tendenz ze schwätzen, datt ëmmer méi Iwwerzeegungen oder Verhaalensweisen sollen duerch stroofrechtlech Bestëmmugen verbuede ginn. Déi Europäesch Unioun gëtt ëmmer méi zu engem totalitären Maulkuerfstaat den eis Fräiheet erstéckt.

Niewent der Xenophobie an dem Rassismus sollen och lo nach eng Rei vun anere Saache verbuede ginn, wéi z,B. „Homophobie“, „Transphobie“, Kritik un der Gendertheorie, eng „anti.Immigratiouns-Rhetorik“, asv. Verschidde Leit wëlle souguer d’Kritik un der Klimaerwärmungstheorie gesetzlech verbidde loossen.  U sech wëll déi lénk a gréng Szen gesetzlech duerchsetzen, datt hir Iwwerzeegungen déi eenzeg richteg sinn an dat all aaner Meenungen kriminell sinn an dowéinst musse verbuede ginn. Eis Meenungsfräiheet an d’Fräiheet vun der Wëssenschaft sinn domat a Gefor a wen se wëll verdeedegen muss net nëmmen déi lénk Parteien bekämpfen mä wuel och déi Europäesch Unioun ganz grondsätzlech reforméieren. Déi Europäesch Unioun soll e Wirtschaftsraum sinn, an de ganze Recht geet se näicht un.

Hei ass meng kuerz Interventioun. Si ass laang net perfekt, mä ëmmerhinn huet se de Mérite fir ze existéieren.

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Fir déi fräi Ried a géint eng „politesch korrekt“ Zensur

  1. Paul sagt:

    Här Kartheiser, ech soen Iech Merci, datt der de Courage huet, déi doten Themen unzeschwätzen! Ech kréien Angscht, wann ech kucke wéi eng Meenungen ee mir hautesdaags schon wëll opzwéngen. Mir liewen (nach?) net an enger Diktatur, mä ech froe mech wou mer histeieren! Wann ech eppes schlecht fannen, da wëll ech d’Recht hunn et ze soen, well aanescht erstécken ech, wann ech méng eege Meenung muss ënnerdrécken! De Problem huet jo am Fong dee vis-à-vis vu mir, well dee méng Meenung ënner Emstänn net verdréit. Wëll dee vis-à-vis mer vläicht dowéinst méng Meenungsfräiheet ewech huelen? Also aus reng egoistesche Grënn?

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert