Vun der Spaweckssäit adr.lu:
Freideg, 17. Oktober 2014 um 12:06 Auer
Max Planck Institut: Kapitulatioun ? (VIDEO)
En Donneschdeg, de 16. Oktober 2014 huet de Fernand Kartheiser an der Chamber d’Enthalung vun der ADR beim PL 6679 zur Finanzéierung vum Max Planck Institute Luxembourg erkläert. Och d’ADR begréisst prinzipiell d’Installatioun vum Max Planck Institut zu Lëtzebuerg. Allerdéngs gesäit de Vertrag tëschent der Regierung an dem Institut aus wéi eng „absolut Kapitulatioun“. Lëtzebuerg huet dobäi nëmmen ee Recht: ze bezuelen!