Wéi d’Gambia-Ideologie probéiert eis ze destabiliséieren

An dësem Film probéieren ech kuerz ze weisen, wéi d’Ideologie vun dene lénken (blo-gréng-roud-ganz roud) Parteien probéiert eis als Individuen ze desorientéieren mat dem Zil eis als Persounen gesellschaftlech ze isoléieren, ze „atomiséieren“ an eis doduerch kënnen méi liicht als „Mass“ ze kollektivéieren an ze manipuléieren.

Mir ginn ugegraff um Niveau vun der Persoun, der Famill an der Natioun.

Als Persounen gi mir, virun allem d’Kanner,  bei eiser sexueller Identitéit ugegraff. Duerch d'“Gender“-Ideologie soll déi dekonstruéiert ginn. Dobäi gëtt och nach probéiert eis all „gläich“ ze maachen, d’Ennerscheeder tëschent de Mënschen ewech ze radéieren. Eng imposéiert „politesch Korrektheet“ soll eis zwéngen no engem gewësse Schema ze denken a soll regelen wat mir nach därfe soen.

D’Famill soll ausernee gerappt ginn, d’Frae musse schaffe goen an d’Kanner solle vum Staat erzu ginn. Duerch d’Aféiere vum Homo-„Bestietnis“ gëtt de Konzept vun der Famill vu senger reproduktiver Dimensioun getrennt an d’Famill gëtt doduerch devaluéiert. Duerch d’PMA an d’GPA gëtt de Mësnch kommerzialiséiert an enger Eugenik ausgeliwwert.

D’Natioun soll opgeléist ginn. Auslännerwahlrecht, d‘ Reduzéieren vun eiser Geschicht, Multi-Kulti amplaatz national Identitéit, Supranationalismus als Ideologie an d’Verdaame vum Patriotismus sinn hei d’Schlësselwierder. Lëtzebuergesch gëtt als Sprooch bewosst zeréck gedrängt fir se graduell duerch Franséich ze ersetzen.

Ech denken jiddereen soll iwwer déi gesellschaftlech Entwécklungen nodenken a sech géint d’Gambia-Ideologie wieren!

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert