D’Fondation Robert Krieps oder déi lénk Opfaassung vun Demokratie

D’Fondatioun Robert Krieps heut sech héich Ziler an hire Statuten ginn. Am Artikel 2 heescht et zum Beispill:

„Art. 2. Objet.     La   Fondation a pour objet la formation civique et politique, la recherche sur  des thèmes politiques, sociaux et culturels, ainsi que l’encouragement aux  débats critiques sur la société d’aujourd’hui. La Fondation a plus   particulièrement pour objet de promouvoir les idéaux démocratiques et  humanistes par le débat des idées et la recherche scientifique, de favoriser  l’étude de l’histoire du mouvement ouvrier luxembourgeois et international,  de mener toute action concourant à soutenir l’essor du pluralisme et de la   démocratie au Grand-Duché de Luxembourg et dans le monde et de développer et  de soutenir des initiatives tendant à cultiver le débat politique et à rendre la société plus libre, plus juste et plus solidaire.“

Nodeem ech awer d’Invitatioun op eng Table Ronde gesin hunn, déi déi Fondatioun elo geschwënn iwwer de lëtzebuerger Wahlsystème organiséiert, wor awer fir mech nees kloer, datt vun där politescher Säit net vill Diskussiounskultur ze erwaarden ass. Déi Partei, déi am kloerste Stellung bezitt an och rezent eng Rei vu konkrete Propositiounen, a souguer eng Proposition de loi iwwer d’Reform vum Wahlsystème gemaach huet, nämlech d’ADR, gëtt iwwerhaapt mol net invitéiert.

D’ADR ass am däitlechsten an am éierlechsten géint d’Auslännerwahlrecht, d’ADR ass fir eng Opwäertung vun de Wieler am Norden an am Osten duerch eng nei Fixéierung vun der Zuel vun den Deputéiertemandater, d’ADR ass och aktiv un der Diskussioun iwwer  en enheetleche Wahlbezierk bedeelegt- mä invitéiert gi just d’Gambia-Parteien an d’CSV, déi sech jo inhaltlech net vill vun de Regierungsparteien ënnerscheed.

Wann dat eng „kritesch Debatt“ soll ginn, da wees d’Fondatioun Robert Krieps net vu wat se schwätzt.

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert