Aus der Chamber: Präventioun vum Selbstmord

vum ADR-Site www.adr.lu

Kohärent si bei der Preventioun vum Suicide (VIDEO)

En Dënschdeg, de 4. November 2014 ass de Fernand Kartheiser an der Chamber intervenéiert, am Kader vun der Debatt iwwert de Plang vun der Regierung fir d’Preventioun vu Suiciden.

Den ADR-Deputéierten huet dobäi op d’Kontradiktioun vun der Regierung opmierksam gemaach an eng kohärent Politik gefuerdert. Als Beispill kann een d’Problemer vun der verfeelte Familljepolitik huelen, wou d’Gambia-Regierung den Elteren all Ënnerstëtzung wëll verweigere wann se hir Kanner doheem wëllen erzéien anstatt se esou fréi wéi méiglech an en Crèche ofzeginn. An der Preventioun vum Suicide gëtt dann awer den enke Kontakt mat de Kanner als e grousse Virdeel ugesinn. En anert Beispill ass d’Problematik vun der Drogesucht a Verbindung mam Selbstmord, wou dann awer d’Jugendorganisatioune vun de Regierungsparteien d’Legaliséiere vun de sougenannte „doucen“ Droge fuerderen.

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Aus der Chamber: Präventioun vum Selbstmord

  1. Marie Schanck sagt:

    Haut ass gewosst, dass d’Bindung un mindestens een Elterndeel, deen permanent an denen éischten dräi Liewensjoer präsent ass, eng wichtig Roll fir eng positiv Entwécklung am spéidere Liewen spillt, an och eng vorbeugend Wierkung op Verhalensstéierungen an Depressiounen huet. An dass dat och eppes mat Suchtpräventioun ze dinn huet dorop weist den Gorbatschow an sengem Buch „Perestroika“ hin, wou hien seet, dass den immensen Alkoholismus an d’Aarbechtsonfähigkeet dohier kéimen well sie de Mammen net gehollef hätten an denen éischten Joeren bei hire Kanner ze bleiwen. Den Ruin vun der UdSSR féiert hien ausdrécklich dorop hin, dass d’Fraen vun 1917 un un d’Maschine gestalt si gin.

    Dass d’Politiker déi dacks d’Ideoligie iwert Wuel vum Mënsch stellen horgenee wëssen dat d’Prägung vum Kand am jonken Alter geschitt beweist e.a. den Aussproch vum SPD-Generalsekretär Olaf Scholz „Wir wollen die Lufthoheit über den Kinderbetten erobern“. Dobäi setzen déi selwicht Politiker sech dacks mat Vehemenz an, dass déi kleng Déierekanner jo nëmmen net ze fréi vun hirer Mamm getrennt gin. Déstabiliséiert Mënschen lossen sech eben besser manipuléieren.

    Wéivill Leit verdanken enger Mamm, déi hinnen mat individueller Zouwendung a vill Gedold bei den Hausaufgaben gehollef huet an déi un sie gegleewt huet, bis de Knuet endlich opgaang ass, dass se hir Plaz am Liewe fond hun?

    A wéi muss eng Mamm sech fillen déi gezwongen ass schaffen ze gon an déi doheem z.B. een Jugendlichen muss alleng lossen, bei dem Selbstmordabsichten ze erkenne sin an den onbedingt eng permanent Zouwendung bräicht fir aus senger schrecklicher Situatioun raus ze fannen?

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert