vun der adr-Spaweckssäit www.adr.lu
En eendeitege JO zur Lëtzebuerger Sprooch (VIDEO)
Am Kader vun enger Interpellatioun an der Chamber, en Donneschdeg, de 27. November 2014, huet de Fernand Kartheiser, e wichtege Plädoyer fir d’Lëtzebuerg Sprooch gehalen. Datt d’ADR, wann et ëm de Stellewäert vum Lëtzebuergesche geet, zimlech eleng do steet, huet esou RTL ervir gestrach!
„Näischt ass falsch drun, wann e Vollek sech fir seng Kultur a seng Sprooch asetzt“, huet den ADR-Deputéierten an der Chamber festgehalen. Wou wär Lëtzebuerg haut drun, hätten d’Lëtzebuerger net, bei der Volkszählung vum 10. Oktober 1941, den Nazien de Bass gewisen a mat „dräi mol Lëtzebuerg“ geäntwert.
„Et ass wichteg fir ze erkennen, dat mir kee dräisproochegt Land sinn, mä en eesproochegt Land“, sot de Fernand Kartheiser, am Verglach mat der Schwäiz oder der Belge. Franséisch, awer och Däitsch, si fir d’Lëtzebuerger Friemsproochen. Dem Lëtzebuergeschem eng Zukunft ze ginn, heescht der Lëtzebuerger Natioun eng Zukunft ginn.
Dëst ass och ganz besonnesch wichteg wann et ëm d’Integratioun an d’Sozialkohäsioun geet, an engem Land wat esou vill Auslänner bei sech op hëlt. „D’Lëtzebuergescht ass d’Bréck an eis Gesellschaft“, betount den ADR-Deputéierten.
Fir datt dëst Integratioun iwwert d’Sprooch fonctionnéiert, ass ganz besonnesch onse Schoulsystem gefuerdert, an dëst vun der Crèche bis op d’Première oder d’Tréizième. Leider huet d’Dräierkoalitioun do aner Pläng. D’ADR gesäit grouss Geforen doranner, datt z.B. schonns d’Kanner misste Franséisch an der Crèche léieren, oder datt en Zweesproochege Schoulsystem opgebaut gëtt, wat näischt aneschtes heescht, wéi datt d’Kanner vu klengem un no Nationalitéit getrennt solle ginn.
Als „besonnesch kriddeleg“ bezeechent de Fernand Kartheiser d’Sproochesituatioun am Gesondheetswiesen an an der Fleeg. Hei kann et, duerch Mëssverstoe – tëschent dem Patient an dem Fleegepersonal, awer och tëschent dem Personal ënnert sech – wuertwiertlech ëm Liewen an Dout goen. Fir d’ADR steet fest, dass et eng Obligatioun muss sinn, datt d’Personal an de Spideeler Lëtzebuergesch schwätzt.
Wat d’Geschäftswelt ugeet, do soll de Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch eng staark Recommandatioun sinn, an allgemeng sollen d’Leit, déi op Lëtzebuerg schaffen an/oder wunne kommen, ënnerstëtzt gi fir Lëtzebuergesch ze léieren. Dëst z.B. iwwert de Wee vum Sproochecongé.
D’Lëtzebuerger Sprooch muss méi e grousse Stellewäert am offizielle Liewe kréien. Et geet net duer, fir ons national Sprooch (endlech !) an d’Verfassung ze huelen, d’Lëtzebuergescht muss aktiv promovéiert ginn. An et muss nees eng Selbstverständlechkeet ginn, datt an der ëffentlecher Funktioun Lëtzebuergesch geschwat ginn. Och an Europa muss d’Lëtzebuerger Sprooch als national Sprooch unerkannt ginn, wat net heescht datt alles op Lëtzebuergesch muss iwwersat ginn.
An senge Konklusiounen huet der Fernand Kartheiser nach eemol bedauert, datt fir d’Regierung den Asaz fir d’Lëtzebuerger Sprooch net wichteg ass.
D’ADEM huet zënter iwwer 2 Joer eng nei Direktioun.
Vill nei dichteg Leit sin agestallt ginn.
Esou guer een neie Service Employeur gouf geschafen an d’ADEM krutt de Prais „Best public partner 2014“.
Mee de Chômage klëmmt weider.
Dat Schéinst awer ass – an dat wessen déi meescht Leit net – ass Tataaach, dass ëmmer manner Leit Assignatiounen fir eng Aarbechtsplaz kréien, obschons d’Placeuren, déi hir Clienten kennen, esou Propositiounen maachen, déi awer dann vun Agenten vum Service Employeur, déi d’Leit oft nie gesinn hunn, refuséiert ginn.
D’Placeuren hun offiziell verbueden kritt den Numm vun dem Employeur dem Client matzedeelen wann den Service Employeur d’Propose net fir gudd befënnt.
Esou kréien mir vill Leit an d’Aarbecht.
Facilitons l’emploi !