Aentwert vum Här Roland Kirsch op eng Carte Blanche op RTL

Well ech, wéi sou dacks, och dëse Kommentar vum Här Roland Kirsch besonnesch interessant fonnt hunn, kopéieren ech och dëse Bäitrag vu sengem Blog „Riichteraus“ op dëser Plaz.

„Freitag, 6. Februar 2015

Äntwert op dem L. Schlechter seng Carte Blanche: Relioun a Gewalt: Wéi et am Buch steet

Här Schlechter,

Dir schreift an ärer Carte-Blanche vum 6. Februar, datt – sënngeméiss – d`Muslimen, d`Judden an d`Chrëschten eng postiv Opfaassung vun hirer Relioun hunn. Dat nämlecht kann een ouni ze zécken och vun Iech behaapten. Dir sidd jo honnertprozenteg vun ärer agnostescher/atheistescher/nihilistescher (sicht Iech dat Richtegt eraus) Opfaassung iwwerzeegt. Anescht kann ech är Ausleeung nët verstoen.

Ët kéint een villes konteren wat Dir do schreift. Ech wëll mech ower op 2 Punkte beschränken. Iwwer den Islam an är Aussoen dozou wëll ech mech nët äusseren. Duerfir kennen ech en nët genuch an dat soll jo schliisslech de Musulmanen hier Aufgab sinn, dat duerchzeféieren.

Fir är Kritik um Chrëschtentum z`ënnermaueren zitéiert Dir Lukas 19,27: “Meng Feinden, déi net wëllen, dat ech hire Kinnik sinn, bréngt se heihin an erschlot se vru mengen Aen.” Et ass geféierlech, wann een eng Ausso aus hirem Zesummenhang eraus rappt an dorauser e globaalt Uerteel fir d`ganz Chrëschtenheet fabrizéiert. Mee genee dat maacht Dir. Dëse Saz gëtt vu Jesus gesot am Zesummenhang mat engem Gläichnes, enger Parabel. Jesus schwätzt ganz vill a Gläichnesser, fir datt mir besser solle verstoen. Wa Jesus vu sech gläichneshaft schwätz als de “Wee” , oder “d`Brout vum Liewen”, oder “d`Paart “, da géing ët kengem afalen, dëst wuertwiertlech ze huelen. Datt och déi Parabel, aus där Dir zitéiert, nët wuertwiertlech opzefaassen ass, ënnermauert Jesus selwer duerch en etlech, ganz wesentlech Aussoen. Ech zitéieren – nom Text vun der Luther-Bibel:

Lk 6,27 : Aber ich sage euch, die ihr zuhört: Liebet eure Feinde; tut denen wohl die euch hassen.

Lk 6,35 : Vielmehr liebet eure Feinde; tut wohl und leihet, dass ihr nichts dafür hoffet …

Tëschent deenen 2 Aussoen steet nach e weidere Saz, deen ët och der Wäert ass, en emol a sengem Sënn genee ze analyséieren: Und wie ihr wollt, dass die Leute euch tun sollen, also tut ihnen gleich auch ihr. Dat ass an aller Kloerheet keen Opruff zu onfrëndlechem Handelen.

Mt 5,44 : Ich aber sage euch: Liebet eure Feinde; segnet, die euch fluchen; tut wohl denen, die euch hassen; bittet für die, so euch beleidigen und verfolgen.

Et wor Jesus, deen ëmmer erëm zur Gewaltlosegkeet opgeruff huet:

Mt 26,51-52: (wéi Jesus vun de Réimer gefaange gouf) Und siehe, einer aus denen, die mit Jesus waren, reckte die Hand aus und zog sein Schwert und schlug des Hohenpriesters Knecht und hieb ihm ein Ohr ab. Da sprach Jesus zu ihm: Stecke dein Schwert an seinen Ort! Denn wer das Schwert nimmt, der soll durchs Schwert umkommen.

Ët muss een dat Neit Testament schonn aus engem ganz enken Wénkel betruechten, vir a Jesus a Mënsch ze gesinn, deen zu Gewalt oprifft! Dir hutt dat Konschtstéck fäerdeg bruecht; mee dat ass beileiwe kee Beweis vu groussem analyteschem Virgoen.

Et ass äert Recht, esou wéi Dir an ärem läschte Saz schreift, mat Gott nët eens ze ginn. Mee Dir bleift de Beweis schëlleg, wéi Dir da mat enger Welt ouni Gott eens gitt. Oder sidd Dir der Iwwerzeegung, datt eng Welt ouni Gott eng besser ass. Da musst Dir mir emol dat mënscheveruechtend Handele vun de Gottesleegner Hitler, Lenin, Stalin, Mao Zedong, Ho Chi Minh, dem Pol Pot, dem Ceausescu, der Nordkoreanescher Dynastie Kim asw erklären. Si all hu sech keng Moral, keng Ethik vun iergend engem Gott virschreiwe gelooss. Si woren sech selwer Gewëssen – mam Resultat dat mer kennen; si hu bluddegst Spueren an der Geschicht hannerlooss. Nach haut steet e Kim un der Spëtzt vun engem Land, wou e Mënscheliewen näischt (jo: NÄISCHT!) wäert ass. Dat ass d`Resultat vun engem konsequent gelieften Atheismus. Oder wéi eng Äntwert hutt Dir als Philosoph derfir.

Wann Dir konsequent wiert, da misst Dir den Atheismus mat der nämmlechter Vehemenz ofleenen, wéi Dir d`Reliounen ofleent. Da stellt sech déi Fro, op déi ee just nach als Philosoph eng Äntwert afält: A wat bleift mer dann nach?

Ech wënschen Iech en erfollegräicht Nodenken. Vläicht hutt Dir d`Geleeënheet, fir an dem C.S. Lewis sengen theologesche Bicher ze liesen. Dëse groussen iresche Schrëftsteller a Philosoph huet sech och esou Froe gestallt. Hien huet seng Äntwert fonnt: de Glawen u Jesus ass dee richtegen!“

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

2 Kommentare zu Aentwert vum Här Roland Kirsch op eng Carte Blanche op RTL

  1. Jacques Guddebour sagt:

    Ah, déi Saach mat den Zitaten aus der Bibel…

    Et gett emmer éirenswou en Zitat, dat falsch verstanen oder ausgeluet ass, et gett emmer eent, dat eppes justifiéiert, deemno wourem et geet, dierf een net am alen Testament kucken, wou alleguer d’Grujhelegkeete stinn, mee d’Kierch seet awer, d’ganz Bibel ass Gottes Wuert an eent zu eent z’akzeptéiren. Guer net ze schwätzen vun den Iwwersetzungsproblemer, de léisst sech eraninterprétéieren, wat ee grad brauch.

    Fir eis ongleeweg ass dat jo emmer eng Quell vun Amusement, well een, wann een sech e besschen an der Bibel auskennt, alles a säi Géigendeel argumentéiren kann. Et wier wierklech praktesch, wann de Vatikan emol eng Editioun géif brengen, an däer d’Géigesätz konsequent opgeléist wieren.

    Dann kennt natierlech gäeren déi Argumentatioun mat all de Massemäerder, déi Atheisten woeren. Op se dat wierklech woeren, sief dohi gestallt: emmerhin woer e Stalin fennef Joer am Seminaire, an dem Hitler säin Antisemitismus erkläert sech och schwéier aus engem atheisteschen Humanismus. Mee souguer wann et sou woer: allen zwee haten se e Schnutz. A gerad wéi se net am Numm vum Schnutz an de Krich gezu sinn, hun se dat och net am Numm vum Atheismus gemaach. D’Iddi dass, well een net u Gott gleewt, een menscheveruechtend handelt, ass einfach net haltbar.

    Als ’néant‘ fällt et mer emmer schwéier, a reliéise Froen de Gedankegang vun engem Gleewegen nozevollzéien. Ech mengen, et läit dorunner, dass d’Ufangspropose einfach anescht ass. Mir kennen eis d’Welt ukucken a konstatéiren, dass se entweder gudd erklärt ass, oder dass mer amgaangen sinn, se kennen z’erklären, oder dass mer et net wessen. De Konzept vun enger net beweisbarer Relioun, déi do driwwert soll gestülpt ginn, ass eis friem an onnéideg. Den Theist huet seng Relioun als Leitfaden, an a mengen Aen interpretéiert en d’Welt domatt. Wann d’Welt net passt, da muss se passend gemaach ginn.

  2. “Et gett emmer éirenswou en Zitat, dat falsch verstanen oder ausgeluet ass, et gett emmer eent, dat eppes justifiéiert…”
    Wéi Recht Dir hutt. Mee genee dorëms goung ët mir a menger Äntwert op dem Här Schlechter senger “Carte Blanche”. Hien huet dee Saz gesicht a fonnt, mat deem een, aus sengem Kontext erausgerappt, d`Béishaftegkeet vun alle Chrëschte “beweise “ kann. Mat där Semantik kann een aus alle méigleche Bicher eng Rechtfertegung fir Guddes a Béises erausliesen. Dat geet mat der Bibel genee esou wéi mam Marx sengem “Kapital” oder mam Erasmus vu Rotterdam senge gesammelte Wierker. A wann ët nët anescht geet kënnt Dir och d`Legende vum Robin Hood an deem Sënn analyséieren.
    “Et wier wierklech praktesch, wann de Vatikan emol eng Editioun géif bréngen, an där d’Géigesätz konsequent opgeléist wieren.”
    Dee Gefale wäert de Vatikan an och keng aner Chrëschtegemeinschaft Iech maachen. D`Iwwersetze vun der Bibel ass e ganz intressant Kapitel. All seriéis Iwwersetzungen ginn zeréck op déi eelsten Dokumenter op Hebräesch an zum Deel och op Aramäesch fir d`Aalt Testament, resp. Griichesch fir d`Neit Testament. Do schaffe Spezialisten dacks jorelaang, fir deen alen Text sënngeméiss an onverfälscht an enger verständlecher Sprooch erëm ze ginn. Wann een da bedenkt, datt déi al Sprooche vill méi räich woren wéi d’Sprooche vun haut (z.B. fir dat Wuert “Léift” gëtt ët 3 (Griichesch) resp 4 (Hebräesch) verschidden Ausdréck), sou datt duerch Vergläich mat Parallelstellen dee richtegen Ausdrock ermëttelt muss ginn. Verbesserunge, wéi Dir se virschlot, sinn opgronn vu 5.Mose 4,2 (Ihr sollt nichts dazutun, zu dem, was ich euch gebiete, und sollt auch nichts davontun,…) an Offb. 22,18-19 (Wenn jemand etwas hinzufügt [in diesem Buch], so wird Gott ihm die Plagen zufügen, die in diesem Buch geschrieben stehen. Und wenn jemand etwas wegnimmt von den Worten des Buchs …, so wird Gott ihm seinen Anteil wegnehmen am Baum des Lebens…). Munchereen stéiert sech dorun, datt hien nët alles versteet, wat an der Bibel steet. Ech halen ët do éischter mam Mark Twain, dee gemengt huet: “ Mech mëscht an der Bibel nët dat onroueg, wat ech nët verstinn, mee dat, wat ech verstinn!”
    “…emmerhin woer e Stalin fennef Joer am Seminaire…”
    Bei mir an der Garage steet schonns zanter 10 Joer eng Déifkilltruh, ech hunn d`Hoffnung opginn, datt nach eng Kéier en Auto doraus gëtt. Glawe léiert een nët am Séminaire. Glawe kritt ee geschenkt, wann ee sech éierlech op d`Sich no Gott mécht.
    “D’Iddi dass, well een net u Gott gleewt, een menscheveruechtend handelt, ass einfach net haltbar.”
    Dat hunn ech a menger Äntwert un den Här Schlechter ni behaapt. Mee et ass ower seng Behaaptung gewiescht, mat der winzeger Nuance; dat ass bei him de Fall wann een u Gott gleeft. D`Tatsaach ass nët ze leegnen, datt all déi, déi ech opgezielt hunn, Mënsche woren, déi un näischt gegleeft hunn ausser un hir Ideologie. Vum Philosoph Friedrich Schleiermacher staamt dësen Aussproch: “Humanität ohne Divinität wird zu Bestialität.” Wann ech op eis vun Humanismus geprägte Welt haut kucken, kann ech dem Mann, dee virun 180 Joer gestuerwen ass, nët méi esou ganz Onrecht ginn.
    “Den Theist huet seng Relioun als Leitfaden, an a mengen Aen interpretéiert en d’Welt domatt. Wann d’Welt net passt, da muss se passend gemaach ginn.”
    An eiser Zäit gëtt jo, objektiv betruecht, d`Zuel vun den Theisten ëmmer méi kleng – deemno d`Zuel vun den A-Theisten ëmmer méi grouss. Ass ët Iech schonn opgefall, mat wat fir enger Vitesse eis Gesellschaft haut ännert. D`Atheiste sinn äifreg derbäi, sech d`Welt passend ze maachen.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.