Manipulatioun duerch d’Medien

Mat e puer Beispiller aus der Aktualitéit vun dene leschten Deeg wëll ech hei weisen wéi eis Medien – bewosst oder vläicht och onbewosst – den Terrain vun der Objektivitéit verloossen an dee vun der Propaganda betrieden. Et kéint een där Beispiller bal all Dag opzielen. Ech bedaueren déi Nonchalance mat där verschidde vun eise Speakeren a Journalisten mat de Wierder an de Begrëffer ëmginn, dobäi missten dach grad si wëssen, wéi wichteg et ass d’Leit präzis a méiglechst objektiv ze informéieren. All Wuert huet sech eege Bedeitung a Wichtegkeet an dat Gefill dofir schéngt leider ëmmer méi verluer ze goen. Wahrscheinlech ass dorun och déi grujeleg Dekadenz an eisem Schoulsystème net onschëlleg.

E Bäitrag iwwer e Referendum iwwer d’Homo-Bestietnis an engem südosteuropäesche Land ass mat där Fro ageleet ginn, wéi „tolerant“ dat Land da wär? Dobäi wollt d’Journalistin insinuéieren, datt „Toleranz“ an e Jo zum Homo-Bestietnis dat selwecht wär. Dat as awer reng Propaganda well dobäi déi ganz Argumentatioun géint d’Homo-Bestietnis discreditéiert gëtt obschonn déi – an dat ass elo meng Meenung – vill méi iwwerzeegend ass wéi d’Argumenter fir d’Homo-Bestietnis. Firwat bréngt déi Journalistin et net faerdeg einfach faktuell iwwer dee Referendum ze informéieren?

En zweet Beispill ass e Bäitrag deen iwwer e Virtrag zur Familljepolitik gemaach gouf. Dee Virtrag huet déi aalbekannt politesch lénk Thesen bruecht – am Sënn dat déi traditionell Famill ënner villen anere Verbriechen der Gläichberechtegung vun de Fraen géng am Wee stoen. D’Journalistin huet an hirem Kommentar d’Terminologie vun dem Virtrag ouni Kritik iwwerholl, inclusiv dem neigeschafene Wuertmonster „familiaristesch“, dat dorop ofzielt déi, déi fir déi traditionell Famill stinn an en ideologeschen Eck ze drécken. Et feelt geschwënn net méi vill an e Bekenntnis zur traditionneller Famill gëtt zu engem Gedankeverbriechen.

En drëtt Beispill ass e Reportage iwwer déi nei griichesch Regierung an dem dee klénge Koalitiounspartner einfach als „d’Rietspopulisten“ bezeechent goufen. Déi Partei heescht awer net esou, mee „Onofhängeg Hellenen“ an ech gleewen och kaum, datt si sech wéilten als „Rietspopulisten“ bezeechnen. De Journalist sot jo och net „déi Lénksradikal“ wou hien vun der Syriza geschwat huet.  „Rietspopulismus“ ass einfach e Kampfbegrëff aus dem lénke Lager, den näicht heescht mee exklusiv der Diffamatioun vum politesche Géigner déngt.

Musse lëtzebuerger Radiojournalisten sech wierklech permanent ëffentlech ideologesch lénks areien oder sollten si net éichter probéieren einfach d’Leit méiglechst objektiv an éierlech ze informéieren?

 

 

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert