„Awunnerwahlrecht“? – eng nei Propagandafloskel!

Gambia wëll jo net méi sou gär vum „Auslännerwahlrecht“ schwätzen, mä vum „Awunnerwahlrecht“. Domadder soll dovun ofgelenkt ginn, datt de Lien tëschent der Nationalitéit an dem Wahlrecht bei de Chamberwahlen soll ofgeschaaft ginn. „Awunnerwahlrecht“ kléngt méi harmlos – schliesslech wunne jo och déi meeschte Lëtzebuerger hei am Land –  an d’Hoffnung vun der Lénkskoalitioun ass fir duerch dëse neie Begrëff op manner Widderstand fir hir Iddi ze stoussen.

Dozou wëll ech awer bemierken, datt Gambia awer ebe just keen „Awunnerwahlrecht“ wëll,  mä ganz kloer en „Auslännerwahlrecht“. Wär et en „Awunnerwahlrecht“ – wéi Schottland et viru kuerzem beim Referendum iwwer d’Onofhängegkeet praktizéiert huet – da géngen all déi Lëtzebuerger déi net hei am Land wunnen jo hirt Wahlrecht verléieren. Sou ass et awer net geplangt. Déi Lëtzebuerger déi am Ausland wunnen sollen hirt Wahlrecht net verléieren – wéinstens net bis elo.

Dat Wuert „Awunnerwahlrecht“ ass dowéinst einfach nëmmen eng nei Propagandaligen vun der DP-LSAP-Gréng Lénkskoalitioun.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu „Awunnerwahlrecht“? – eng nei Propagandafloskel!

  1. Arthur Feyder sagt:

    Den Här Justizminister Braz sot, Lëtzebuerg hätt en Demokratiedefizit, well déi vill Auslänner( déi elo sécher nët- lëtzebuergesch Awunner heeschen), nët därfe wielen.

    Et geet awer bei deem Auslännerwalrecht net em d’Demokratie, em d’res publica, mä Gambia well schlicht an einfach säi fonds de commerce a) festegen, a b) vergréisseren. Awunnerwalrecht ass eng semantesch Contorsioun, new speak.

    Den Demokratiedefizit ass awer e Fakt, an zwuar bei der politescher Offer: Bis op d’ADR an och Déi Lénk sinn CSV, DP, LSAP an Déi Gréng Ouschtereeer, si hu verschidde Fuarwen, mä wa se opgetéckt sinn, da sinn et véier identesch huartgekachten Eeer, null Gewiicht a kee Goût. Déi véier sin d’Verkierperung vun der politescher Korrektheet, der pensée unique an dem Zeitgeist, an hir Politik ass d’vision du vide.

    T’ass eigentlech en Frecheet vun DP-LSAP-Déi Gréng, den Auslänner zouzemudden, esou inodore, incolore an ätheresch Parteien ze stëmmen. Ech duet, datt den noble étranger méi Respekt misst verdingen, well dat Walrecht ass en tape à l’oeil. Geet d’Auslänner-, pardon, Awunnerwalrecht duerch, da ginn nach méi Wieler iwwert den Dësch gezunn.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert