MINTE: Erklärungen déi net zëfridde stellen!

Haut gouf e Presscommuniqué vun der Plattform MINTE publizéiert, den zougëtt, datt eng Rei vun denen Organisatiounen déi mat hirem Logo op der Spaweckssäit www.minte.lu vertruede sinn, a Wierklechkeet NET fir e « Jo » fir d’Auslännerwahlrecht antrieden mä sech an där Fro enger Recommandatioun enthalen. Dat wär de Fall fir d’CARITAS a fir d’CGJL – de Fall vun der UGDA gouf jo schonns dës Woch geklärt. MINTE erklärt haut, datt déi Organisatiounen sech just nëmme géifen „un Diskussiounen bedeelegen“.

 Hir Logoen figuréieren awer op der Spaweckssäit vu MINTE genee ënner engem klore Plädoyer FIR d’Auslännerwahlrecht, an zwar ënner dem Titel „D’Awunnerwalrecht – Firwat?“. Wann dat keng kloer Ierféierung vun de Leit soll sinn, wat ass et dann? Menger Meenung no huet MINTE ganz kloer probéiert ze suggéréieren, datt d’CARITAS an d’GGJL och den Text fir d’Auslännerwahlrecht géngen ënnerstëtzen. Den Ennerscheed tëschent „Member vun der Plattform sinn a sech just un Diskussioune bedeelegen“ a „fir d’Awunnerwahlrecht antrieden“ ass jiddefalls bis haut néierens kloer gemaach ginn. D’Logoen vun der Caritas an der CGJL gesinn op där Säit genee sou aus wéi zwou Ennerschrëften ënnert dem MINTE-Plädoyer fir d’Auslännerwahlrecht, well genee sou goufe si do placéiert.

An dene nächsten Deeg muss analyséiert ginn, wéi eng Organisatiounen wierklech mat der MINTE-Fuerderung d’accord sinn an ob si dofir och e korrekte Mandat hunn.

Do wäre mol eng ganz Rei vu Mini-ASBLen oder Organismen dobäi, déi haaptsächlech – direkt oder indirekt – vun der ëffentlecher Hand liewen, wéi z.B. d’Maison des Associations (2 Leit), déi ganz enk mam OLAI zesummeschafft, „4 motion“ (8 Leit). CID-Fraen an Gender (9 Leit), Femmes en détressse, Info-Mann (4 Leit) etc, déi zu engem groussen Deel vum Gläichheetsministère bezuelt ginn. Wéi onofhängeg sinn déi Associatioune wierklech? Konnt eventuell op si Drock ausgeübt ginn? Wéi wäit sinn hire Mandat an hir Statuten mat engem politeschen Engagement fir d’Auslännerwahlrecht compatibel? Ass et normal, datt op enger Plaz op där Leit psychologesch Hëllef sichen op eemol Politik gemaach gëtt? 

Da gëtt et gläich eng ganz Rei vun Auslännerorganisatiounen an der Plattform. Dozou ass meng perséinlech Positioun bekannt: fir mech ass déi Diskussioun ëm d’Auslännerwahlrecht eng déi mir sollen ënner Lëtzebuerger féieren, well et geet un alleréichter Plaz ëm d’Zukunft vun EISEM Land an EISER Natioun. Dat et awer zu dem Thema och vill Leit mat enger anerer Meenung ginn ass gewosst.

Enner denen Organsiatioune sinn z.B. den „Deutscher Verein in Luxemburg“, « Français du Monde » (qui se réclame de la „gauche républicaine“), Confederaçao de comunidade portuguesa no Luxemburgo (Notre objectif principal: Intégrer les Portugais et leurs organisations comme entités juridiques dans la société luxembourgeoise »), Federacion de Associaciones de Espanoles de Luxemburgo (FAEL), Amitiés Portugal-Luxembourg, etc… .

Weder a Frankräich, nach an Däitschland, nach a Portugal oder a Spuenien gëtt et awer en Auslännerwahlrecht. Wou ass do d’Reciprocitéit? Wou de moraleschen Usproch? Hunn d’Auslänner da net scho bal all e Wahlrecht fir hir eegent, nationalt Parlament? Wëlle si elo en zweet Wahlrecht fir national Wahlen?

Da gëtt et nach esou Initiativen wéi „Européens sans frontières“ (ESF), den e « Comité luxembourgeois » vun ganzen 2 Leit huet, d’ „Luxembourg Cricket Federation »an en Theatergrupp vun 20 Leit (Compagnie du Grand Boube). Wierklech beandrockend!

Politesch relevant sinn eigentlech just d’Gewerkschaften (OGBL, LCGB, Syprolux, FNCTTFEL etc..) an d’UNEL. D’UNEL wor nach bis virun e puer Joer eng „Art Kartell der Studierendenorganisationen linker politischer Parteien geworden: die „Etudiants socialistes“ (LSAP), die „Orientation syndicale“ (KPL), die „Spartacus“-Zirkel (LCR, trotzkistisch) und der „Kommunistische Studentenverband“ (KBL, maoistisch)“. Haut bezeechent si sech als „fortschrittlich“. Wouhi soll dee „Fortschritt“ da goen?

Déi richteg Debatt gëtt déi an de Gewerkschaften. A genee do well ech mat dësem klengen Artikel ophalen. Op der Spaweckssäit vum LCGB steet nämlech dat hei:

ASTI asbl, die Vereinigung zur Unterstützung der berufstätigen Einwanderer, hat mit den Mitgliedern der ASTI-Arbeitsgruppe zum Thema Wahlrecht im Zusammenhang mit der Debatte um die Öffnung des nationalen Wahlrechts für in Luxemburg ansässige Ausländer ein Dokument zusammengestellt, das von den Mitgliedern der Plattform Migration und Integration angenommen wurde.

Mit dem Dokument soll ein konstruktiver und fundierter Beitrag zur Diskussion um die Erweiterung des nationalen Wahlrechts auf alle in Luxemburg Ansässigen geleistet werde“.

Do steet also explizit, datt dat Dokument FIR d’Auslännerwahlrecht wär vun der Plattform MINTE „angenommen worden“. Gëllt dat dann och fir d’Caritas an d’CGJL? Hunn déi Organisatiounen dat Dokument vun der MINTE iwwer d’Auslännerwahlrecht zu iergend engem Abléck ugeholl oder net? Also nach eemol meng Fro u MINTE: wen erzielt eis hei d’Wouerecht a wee net?

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

3 Kommentare zu MINTE: Erklärungen déi net zëfridde stellen!

  1. Arthur Feyder sagt:

    Hei ass e flott Zitat:

    “ Ce sont les habitants du village global aujourd’hui qui sont fermés à la différence. Le sentiment d’appartenance et l’identité nationale ne sont pas conformes à leur manière hors-sol d’être et de communiquer, ils les rejettent donc avec horreur. L’étranger, à l’ère numérique, c’est l’autochtone. Il n’y a pas de place sur la planète virtuelle pour les culs-terreux “ (Alain Finkielkraut, Le Point n° 2222, 9 avril 2015).

  2. Jos Schmidt sagt:

    Här Kartheiser,

    An deem Fall wou är schlemmsten Horrovisiounen sollte wouer gin an et am Referendum zu engem JO kennt, hätt ech hei eng flott Propose fir äre nächste Wahlslogan:

    ‚ADR fir Lëtzebuerg an d’Lëtzebuerger. Mir welle net vun Auslänner gewielt gin !‘

    Ech si secher dir verstitt besse Spass, a sidd guer net sou verbasse wéi der emmer op der Telé riwwer kommt 🙂

    Mat beschte Gréiss

    Jos Schmidt

Schreibe einen Kommentar zu Arthur Feyder Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert