D’CSV an der Genderfal

Wann ee mengt, et kéint ee beim stramme Lénkscours vun der CSV keng weider Iwwerraschungen méi erliewen, dann iert een sech. Ech confirméieren heimat offiziell: d’CSV probéiert nach ëmmer Gambia lénks ze iwwerhuelen an et geléngt hir mol net schlecht. Och wann den Här Juncker sech well méi zu Bréissel onbeleeft mecht wéi heiheem, seng Partei bleiwt sengem Héritage trei, dréint dem Chrëschtentum, ob elo kathoulesch oder net, de Réck an dréit brav a blann de Fändel vun denen déi sech a Wierklechkeet näicht méi wënschen wéi den definitiven Ennergank vun der CSV.

De Marsch an déi politesch Orientéierungslosegkeet gouf den 11. Mee an der Chamber vun där sympathescher Süddeputéierter Sylvie Andrich-Duval ugeféiert. Zësummen mat der Madame Françoise Hetto an am Numm vun der CSV huet si eng Gesetzespropositioun iwwer Transgenderpersounen an der Chamber agereecht. De Problem dobäi ass, datt d’CSV schonn nees an d’Genderfal gelaf ass. Anscheinend versteet d’CSV esou mann vun der Politik, datt si déi Dekonstruktiounspläng vun der politescher Lénker net versteet an dann eben monter, naiv a selbstzerstéirerech no dene hirer Päif danzt.

Als “Negativbeispill” huet d’Madame Andrich e Gesetz am amerikanesche Staat North Carolina erausgesicht an dem – oh, SKANDAL!! – gesot gët, datt d’Leit mussen op d’Toilette vun dem Geschlecht goen, dat op hirem Gebuertsschäin ausgewisen ass. Domat soll d’Sëcherheet virun allem op de Meedercherstoilette garantéiert ginn. Et geet drëm ze verhënneren, datt iergend wellech pervers Männer op Dammen- oder op Meedercherstoilette kënne goen, mat dem Argument si géngen sech als Fra fillen a kéinten dofir net op eng Härentoilette goen. ( Wikipedia seet dozou: On March 23, 2016, North Carolina Governor Pat McCrory signed into law the Public Facilities Privacy & Security Act, a bathroom bill that applies to students at North Carolina state schools, into law. The bill also overturns an anti-LGBT discrimination ordinance that had been passed by Charlotte, North Carolina, prevents local governments in the state from enacting similar ordinances, and prevents cities from raising their minimum wages higher than that of the state.[11] ) .

Perséinlech fannen ech dat Gesetz aus dem North Carolina ganz gutt. Ech fannen datt op den Toiletten muss eng gewëssen Sëcherheet an Intimitéit garantéiert sinn an dat déi net kann duerch iwwerzunnen “Anti-Diskriminéierungs”-Gesetzer” a Fro gestallt ginn.

Aanecht d’CSV: d’Madame Andrich schwätzt och nach dovun, datt ee bei der Gebuert e Geschlecht “zougeschriwwe” kriit – wat esou awer net de Fall ass. Geschlecht ass ebe keng sozial Konstruktioun mee eng Constatatioun – nämlech déi vun engem biologesch-wëssenschaftleche Fakt.

Jiddefalls ass d’CSV voll op der Genderschinn. Si schwadronnéiert vun “Homophobie” an “Transphobie” a mierkt elo eréicht lues a lues wat fir eng katastrophal Konsequenzen d’Homo-“Bestietnis” mat sech brengt dat si selwer verbrach huet. All déi ethesch Problemer rondrëm d’GPA an d’PMA, d’Verletzung vun de Rechter vum Kand, d’Kommerzialiséierung vum Mënsch, d’Relativéierung vun der Famill – alles Konsequenzen vun ideologeschen Entgleisungen vun der CSV ënner der Aera Juncker-Biltgen. D’Madame Andrich an d’Madame Hetto dreiwen hir Partei weider an eng Richtung déi all méiglech Problemer mat sech bréngt an iwwerhaapt net mat dem “C” oder och nëmmen mat enger konservativer, politescher Ausriichtung am Aklang stinn.

Fir mech läit d’Conclusioun op der Hand: fir all déi Leit déi nach fir Waerter stinn, fir all déi, déi d’Genderideologie aus guddem Gronn refuséieren, fir all déi, déi d’Fraen an d’Kanner net wëllen zu Handelsobjekter degradéieren gëtt et hei am Land nëmmen eng politesch Partei: an déi heescht ADR!

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert