D’Erënnerung un de Referendum vun 2015

An der Stad, op där klenger Plaz wou den Ombudsman säi Büro huet, falen engem Stroosseschëlder op, déi bis virun e puer Joer nach net do stoungen: “Place du 6 juin 1937 – Rejet par référendum de la loi muselière “Maulkuerfgesetz” – steet do drop. Dat ass sëcher eng gutt Initiativ fir eng Plaz no deem Referendum ze benennen – zëmools an enger Zäit wou d’Zensur leider nees schéin Deeg schéngt viru sech ze hunn.

Awer dëss Initiativ sollt eis méi allgemeng interpelléieren: misste mir net doriwwer nodenken, wéi mir un all eis Referenda kéinten erënneren? Jidder eenzelne vun hinnen wor fir eis Natioun an hir Geschicht op seng Manéier vun zentraler Wichtegkeet:

  • mir sinn haut nach eng Monarchie a keng Republik,
  • eis Relatioune mat Frankräich an der Belge stoungen zur Diskussioun,
  • d’Lëtzebuerger hu sech géint d’Maulkuerfgesetz an domat fir hir Fräiheet a fir d’Demokratie  ausgeschwat,
  • d¨’Personenstandsaufnahme” ënner der Nazi-Okkupatioun wor zwar alles aanecht wéi e fräie Referendum an awer huet si e kloert a couragéiert Signal fir  eis Souveränitéit, eis Nationalitéit an eis Sprooch ginn,
  • an de Referendum vun 2015 huet dat nach eemol confirméiert.  Hätt d’Gambia-Regierung deemools Recht kritt, da géng et geschwënn kee souveränt Lëtzebuerger Vollék méi ginn.  Et hätt kee Parlament vun de Lëtzebuerger méi bestanen, mee just nach eent vun der Populatioun zu Lëtzebuerg – e Riisenënnerscheed!

De Referendum iwwer den europäesche Verfassungsvertrag hat confirméiert datt d’Lëtzebuerger sech mat Europa verbonne fillen – och wann dee spezielle Vertrag iwwer deen de Referendum goung schlussendlech net ugeholl gouf.

Aus all deene Referenda loosse sech sëcher vill Léieren zéien – mee ech wëll mech haut op een Aspekt beschränken an dat ass d’Erënnerung un de Referendum vun 2015.

Dee Referendum kann a senger Wichtegkeet guer net iwwerschat ginn: déi Tentative vun der blo-rout-grénger Regierung fir dëm Lëtzebuerger Vollék säi nationalt Parlament – am eegentleche Sënn vum Wuert –  an domat d’Instrument vun enger souveräner Formatioun an Expressioun vum Wëllen vun der Natioun wechzehuelen ass mat ronn 4/5 vun de Stëmme refuséiert ginn: d’Lëtzebuerger hunn domat hirt d’Land an hir Natioun géint hir eege Regierung gerett!

Besonnesch blamabel hat sech d’CSV beholl. Mir erënneren eis un hir “decidéiert” a “couragéiert“ Positioun: “Gitt gutt informéiert an d’Wahlcabine” stoung op hire Plakater. Souguer hire méi wéi wackelege “Nee” zum Auslännerwahlrecht (“mir kucke mol d’Resultat…”)  gouf vu groussen Deeler vun der CSV net akzeptéiert.

Keng vun deene véier Parteien huet also ën Interessi drunn un dee Referendum ze erënneren: si all stoungen ganz oder deelweis op der falscher Säit – d’ADR awer net! Si wor deemols kloer vir den “dräimol Nee” an d’Leit woren och där Meenung.

Haut sollt d’ADR dofir suergen, dat d’Erënnerung  un de Referendum net verluer geet. An esou wéi op där klenger Plaz an der Stad un de Referendum vu 1937 erënnert gëtt, sou sollt et och am Land Stroossen a Plaze ginn, déi un de Referendum vun 2015 erënneren.

Do wou d’ADR nom 8. Oktober 2017 an engem Gemengerot vertrueden ass, sollt si sech dofir asetzen. Mir kéinten am Land eng Rei vu Plazen, Stroossen an Avenuen hunn déi géngen heeschen:  Plaz/Strooss/Avenue vum 7 Juni  2015 –  Oflehnung duerch Referendum vum Auslännerwahlrecht. D’Lëtzebuerger hunn déi Unerkennung fir hire Votum verdéngt!

 

 

 

 

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert