165 Leit mat Courage

Bei de Gemengewahlen stellt d’ADR op hire Lëschten an de Proporzgemengen dësst Joer 165 Kandidaten op, méi genee sinn et der nach 164 nodeems eng Kandidatin wéinst verschiddenen vun hiren Aussoen op youtube a facebook aus der Partei ausgetrueden ass.

Ech sinn all deene Leit dankbar, jidderengem Eenzelne vun hinnen, datt si de Courage haten oder hunn fir fir d’ADR an d’Rennen  ze goen.  Well dofir brauch ee Courage.  Vill vun eise Medien  spille jo hei am Land dat selwecht Spill wéi mir et och dacks am Ausland erliewen: wien net am lénke Mainstream matschwëmmt gëtt ganz séier als “Populist” oder “Extremist” diffaméiert.

Duerch déi Diskussioun ëm déi eng Kandidatin, huet d’ADR e puer schwiereg Deeg hannert sech.  Et gouf eng Spannungssituatioun ronderëm déi Persoun an där sech verschidde Niveaue vu Problemer matenee vermëscht hunn: engersäits Konflikter vun éichter perséinlecher Natur an anerersäits Aussoen déi d’Meenung vun der Partei absolut net refletéieren an déi fir si inakzeptabel sinn. Dat déi Kandidatin sech dowéinst zréckgezunn huet, fannen ech konsequent a richteg an dofir soen ech hir och Merci.

Fir eis politesch Géigner wor deen Incident natierlech e gefonnte Friessen – wéi liicht konnt een dach elo der ADR als Ganzt nees extremistesch Tendenzen ënnerstellen, déi si awer weder vertrëtt nach toleréiert. D’ADR ass a bleift eng wäerteorientéiert Partei. Keng aner Partei kann dat esou mat vollem Recht vu sech behaapte wéi si.

Ech sinn a bleiwen houfreg op meng Partei a wiere mech dogéint datt elo jidderengem vun deene ronn 2.100 Membere Saachen ënnerstallt ginn, déi einfach falsch an ongerecht sinn. Et ass net well ee (1) Kandidat vun 165 (also 0,6% vun de Kandidaten ) esou Aussoe gemaach huet, datt een doduerch dat Recht hätt allen aneren 164 Kandidaten oder allen aneren, geschat 2099, Parteimemberen ähnlech Usiichten ze ënnerstellen. Fir all déi Leit global als “Schmuddelkanner” ze diffaméieren, do muss ee schonn an enger esou onchrëschtlecher Zeitung wéi dem Lëtzebuerger Wort  schaffen. Ech hoffen, datt net all Mataarbechter vum Wort déi elementar journalistesch Deontologie an Zukunft esou mat Féiss trëppelen, just well sech doduerch soll e Viirdeel fir d’CSV erlu ginn.

Ganz onzefridden sinn ech awer mat där Manéier wéi d’Parteispëtzt mat dëser Problematik ëmgaangen ass. Dat ass awer en Thema fir eng intern Diskussioun an der Partei an doriwwer schwätzen ech dowéinst net op dëser Plaz. Dee ganze Problem hätt, menger Meenung no, missen a  kënnen evitéiert ginn.

Ech freeë mech, datt eis Memberen weiderhinn trei zu hirer Partei stinn, trotz dësem Tëschefall. Si wëssen, datt déi Wäerter déi mir als ADR vertrieden a fir déi mir kämpfen vill ze wichteg sinn, fir sech vun engem 0,6%-Tëschefall oder dem Wort senger Hetz- an Haassreaktioun decouragéieren ze loossen.

Eise Wee geet virun – decidéiert an optimistesch.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert