Wat RTL Télé de Leit net set….

Haut wor nes eng riiseg Manifestatioun zu Paräis géint d’Homosexuelle-„Bestietnis“. E puer honnertdausend Leit woren op de Stroossen fir géint dëss gesellschaftlech Fehlentwécklung  ze protestéieren.  D’Schätzungen variéieren am Abléck nach vun 300.000 bis iwwer eng Millioun Leit.

Lo hunn ech grad den Noriichteniwwerbléck „Newsblock vum Sonndeg“ an de „5 minutes“ fir déi franséichsproocheg Leit op der Spaweckssäit vun RTL Télé gekuckt a fannen zu dem Thema… näischt! Et sief ech hätt vläicht eppes iwwersinn, mä dat do ass a mengen An wuel kaum ën Zoufall. Iwwer e Putsch an Afrika ginn mir ëppes gewuess, iwwer e Mega-Event zu Paräis, den och eis hei zu Lëtzebuerg kann a muss politesch interesséieren, kee Wuert!!! Nëmme keng Debatt iwwer d’Homo-„Bestietnis“, dat ass hei déi iewescht Regel…

Fir Leit déi awer wëlle gesinn firwat haut zu Paräis honnertdausende vu Leit demonstréiert hunn:

den „Teaser“ fir d’Manifestatioun vun haut:

a nach een (well et sou schéin ass, dat et a Frankräich nach Leit ginn, déi fir Iddien a Waerter op d’Strooss ginn!) :

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Europa an d'Welt, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert