Géint den EU-Imperialismus!

Et geet net nëmmen ëm Zypern, et get virun allem ëm Lëtzebuerg. Wann déi Hären Kauder a Schäuble vum – hirer Meenung no – « iwwerproportionnéierten » zyprioteschen Bankesecteur schwätzen, dann denken si virun allem un eis Finanzplaz.

Hei e Beispill vun der Stëmmung an Däitschland wat d’Finanzplaz Lëtzebuerg ugeet:

http://www.deutsche-mittelstands-nachrichten.de/2013/03/51116/

Den Här Asselborn warnt… just dat interesséiert zu Berlin an zu Bréissel kee Mënsch. Eis Regirung hat no dem Merkozy-Diktat vun Deauville een Abléck déck Bake gemaach, a kuerz drop hate mir de « semestre européen », den « 2er »  an de « 6er »- Pak! Den Här Bodry warnt kuerz symbolesch an der Chamber virun engem Souveränitéitsverloscht an da stëmmen d’CSV, d’LSAP, déi Blo an déi Gréng brav alles wat si vu Bréissel diktéiert kréien. Vun denen Parteien ass absolut keen Asaz méi fir eist Land ze erwaarden! Wou et ëm de Fiskalpakt goung, dunn sot den Här Asselborn dee bräichte mir net, dat kéint sech alles iwwer de Wee vum europäesche Sekundarrecht regele loossen. Kuerz drop hunn d’CSV, d’LSAP an hir Vasallen de Fiskalpakt an der Chamber gestëmmt.

Sicht eis Regirung no Alternativen ? An wouhir ! Den Här Asselborn ameséiert sech mam UNO-Sëcherheetsrot an den Här Juncker jéimert virun éisterräicheschen Stodenten zu Wien an desavouéiert säi Finanzminister an der auslännescher Press.

Dat wat déi Däitsch wëlles hunn, den Ofbau vun der Finanzplaatz Lëtzebuerg, ass een direkten Ugrëff op de fräie Kapitalverkéier am Bannemaart. Däitschland geet definitiv ze wäit. Zu Nikosia an op villen aanere Plazen an Europa ginn lo schonn däitsch Fändelen erof gerappt. Wéi sot den Här Juncker ? Mir sollen eis nes gär hunn an Europa ? Da soll hien mol probéieren dat der Bundesregierung ze erklären. Hien get awer léiwer Wahlkampf fir d’Madame Merkel maachen. Ass dat d’Dignitéit vun engem lëtzebuergeschen Premierminister?

An ass et wouer, wéi déi Däitsch behaapten, dat alles nëmmen den Zyprioten hir eege Schold wär? Neen! Den europäesche Scholdeschnëtt am Dossier Griicheland huet déi zypriotesch Banken 4 Milliarden Euro kascht, an domadder eng ganz Rei vu Problemer ausgeléist, respektiv verstäerkt.

De politesche Projet Euro ass sou gutt wéi um Enn. En ass vläicht nach ze retten wann mir aus dem politeschen Euro e währungspoliteschen maachen. An dann nach… Dat ass dann just eng DM-Zon ënnert der Berliner Totalherrschaft. Eise Budget gëtt zu Berlin geschriwwen, zu Bréissel an eng Enveloppe gestach an zu Lëtzebuerg därf d’Chamber  just nach eemol kuerz „Jo“ wénken.

Mir brauchen eis Souveränitéit zréck! Mir brauchen eng aktiv Sich no Alternativen zum Euro, jiddefalls mol an där Form wéi en haut nach besteet. Mir Lëtzebuerger brauchen eng Währungsunioun déi economesch gesond ass, eis politesch Fräiheet léisst a laangfristeg Bestand kann hunn. Eise Stat packt all déi « Rettungs »-Aktiounen fir den Euro schonn haut net méi.

An dann, all déi lénk Politiker an hir Journalisten, wat e Misär, wat e geeschtegen Aarmutt! Där neier Partei « Alternative für Deutschland » (AfD)  geet et do iwwer wéi der ADR zu Lëtzebuerg. Déi Leit vun der AfD, anstänneg an éierbar Leit,  gesinn d’Problemer an hunn de Courage doriwwer ze schwätzen, an wat gëtt hinne reprochéiert ? Populismus, Extremismus, rietsen Eck… Et gëtt alt nes probéiert d’Leit ze veronsëcheren an si duerch Drock roueg ze kréien – net duerch Argumenter. Näicht ass manner tolerant wéi e Lénken, keen verdréit manner eng aner Meenung wéi déi 68er an hir gréngroutbloorange Nofolger. Diskussiounen hunn si net gär, fehlend Argumenter ersetzen si duerch eng „alternativlos“ Politik, hiert Doheem ass d’Meenungsdiktatur.

Mir brauchen eng nei Europa-Politik. En Europa vun de Natiounen mat enger ganz klenger « Bréisseler » Verwaltungsstruktur. Mir mussen eis Währungsunioun nei plangen an opbauen. Mir mussen nes léieren eis national Interessen ze definéieren an si couragéiert ze verdeedegen. Déi eenzeg Partei déi dat zu Lëtzebuerg seit Joeren set, ass d’ADR. An wann déi aaner Parteien hier nach sou vill « Populismus » virgeheien an d’Journalisten d’ADR wëllen nach sou schlecht maachen, SI HUET RECHT !!!! Wat haut an zënter Joeren an Europa geschitt ass de Beweis. Mir mussen endlech ëmdenken!

Fir Leit déi nach kënnen a wëllen denken,  ass hei nach en interessanten Interview mam Här Professer Lucke, vun der « Alternative für Deutschland »  iwwer déi aktuell Zypernkris :

http://www.handelsblatt.com/politik/deutschland/interview-mit-bernd-lucke-zypern-hilfen-sind-in-gewisser-hinsicht-pervers/7926752.html

 

 

 

 

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert