Riisenerfolleg fir d'“Manif pour tous“ géint d’Homo-„Bestietnis“ zu Paräis!

Tëschent 300.000 an 1,4 Milliounen Leit woren de leschte Sonndeg zu Paräis fir géint d’Homo-„Bestietnis“, also fir d’Kannerrechter an d’Famill ze demonstréieren. Definitiv Zuelen leien nach keng vir, mä et ass kloer, dat d’Sozialisten déi Zuel sou kleng wéi méiglech wëlle rieden. Dowéinst hei e puer Biller an Erklärungen:

Hei ass s^Spaweckssäitvum Organisatiounskomitee: http://www.lamanifpourtous.fr/

An hei ass och e Résumé vun hiren Argumenter:

http://www.lamanifpourtous.fr/index.php/widgetkit/comprendre-l-essentiel

 

Um Rand vun där Manifestatioun ass et och zu e puer Tëschefälll komm. E puer Demonstranten wollten op d’Champs-Elysées, déi awer fir d’Demonstratioun gespaart war a goufen vun der Police zréck gehalen. Dobäi gouf och Tréinegas agesat.

De sozialistesche Banneminister, den Här Manuel Valls schwätzt vun „Extremisten“ . Hei sinn e puer vun denen Filmer déi um Internet dozou ze fanne waren. Bei den „Extremisten“ woren och Kanner an déi fréier franséich Ministech, d’Madame Christine Boutin. Ech wees net, ob et nach aner Incidenten gouf, ausser denen déi hei gefilmt goufen. Et gëtt, menges Wëssens no, iwwerhaapt keen Vergkläich tëschent  dëse Biller, enger Demonstratioun vu normale franséiche Bierger,  an denen Schluechten den déi lénk, vermummten  Chaoten an Anarchisten normalerweis liwweren. Dat wat ech hei op dëse Videoen gesinn, justifiéiert a mengen An net den Asaz vun Tréinegas. D’Police huet wahrscheinlech iwwerdriwwen an ass taktesch schlecht viirgaangen.  D’Fro no der politescher Verantwortung ass gestallt.

Virun allem och déi Manéier fir de Leit gezilt Tréinegas an d’Gesiicht ze sprëtzen halen ech fir total iwwerdriwwen. Ech hunn sou Methoden eréicht eemol mat erlieft, an zwar bei enger Demontratioun géint de Generol Pinochet zu Santiago de Chile, an souguer déi chilenesch Police huet deemools net direkt an d’Gesiicht gesprëtzt. Mä och dann, deet den Tréinegas wéi.

Et goufen Szenen, bei denen ech beim beschte Wëllen net ka verstoen, firwat d’Police ugegraff huet. Eenzel Demonstranten haten och hir Kanner liichtsënnergerweis exposéiert, wat net ze entschëllegen ass. Et gëtt awer och Biller um Internet (déi ech hei net weisen), vu Kanner déi reng zoufälleg an de Gas geroden sinn, an dat an Situatiounen, wou iwwerhaapt keng Gewalt wor an d’Elteren och – souwäit ee ka gesinn – kee Feler gemaach hunn.

De Résumé ass fir mech, eng riiseg, erfollegräich a global friddlech Demonstratioun. Et gouf kleng Debordementer, ob déi d’Police iwwerreagéiert huet.  Hei ass och nach en Interview mat der Madame Christine Boutin. Si freet d’Demissioun vum „Préfet de Police“.

De Porte-parole vum Här Valls, den Här Pierre-Henri Brandet, schwätzt vun enger korrekter Reaktioun vun der Police, well d’Manifestanten „très violents“ an „agressifs“ gewiecht wären. Als fréiere Sportjournalist misst hien eigentlech wëssen, wat déi Wierder  heeschen. Mat dësen Incidenten huet dat jiddefalls net vill ze dinn.

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Europa an d'Welt, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert