Zypern-Kris: Lëtzebuerg huet iwwerhaapt näicht ze soen!

Wat huet d’Luxemburger Wort vum 27. März sech nes eng Méi ginn, fir den Här Frieden staatsmännesch a souverän ausgesinn ze loossen. Foto mat Fändel, dräi Säiten Interview iwwer d’Zypern-Kris, et géng ee bal mengen d’Lëtzebuerger Regierung hätt Europa fest am Grëff an den Här Frieden géng international matschwätzen.

Mir erënneren ons nach un alles dat wat erzielt gouf, wou den Euro ageféiert ginn ass : Lëtzebuerg hätt lo méi ze soen wéi an där fréierer Währungsunioun mat der Belge, mir wären lo e gläichberechtegte Member an der EZB, mir géngen eis Souveränitéit net opginn mä nëmmen mat aneren delen, an sou weider. A Wierklechkeet hu mir an Europa just nëmme nach eng Statisteroll an op eis eege Schicksal praktesch keen Afloss méi. Dat ass well  mir mat der CSV vu Kapitulatioun zu Kapitulatioun gelaf sinn : an der EU, an der OECD, am G-20 an iwerall soss. Wann iergend een houscht, da fällt d’CSV ëm. Ni gouf et iergend eng Géigewier oder eng diplomatesch Initiativ vu Lëtzebuerg déi de Numm géng verdengen.  Och bannepolitesch huet d’CSV – mä och d’LSAP – versot. Eis Industrie an eis Betriber sinn joerlaang vernoléissegt ginn. Eis Competitivitéit ass rof gaang. Déi administrativ Vereinfachung – eng sougenannten « Chefsaach » – ass e schlechte Witz. Mir sinn mat enger massiver Desindustrialiséierung confrontéiert. D’Regierung  huet d’Economie net diversifizéiert an eis Ofhöngegekeet vum Finanzsecteur doduerch nëmme nach verstärkt.

Wien wëll wëssen, wéi d’Zypernkris wierklech diskutéiert gouf, den brauch nëmmen de « Monde » vum 26. März ze liesen. Vun Demokratie oder Matbestëmmung vun den Eurozon-Länner kann iwwerhaapt keng Rieds méi goen. Eisen Här Frieden gëtt et an Europa net, den gëtt et nëmmen op där éichter, zweeter an drëtter  Säit am Luxemburger Wort. D’Wouerecht ass: déi blann an eesäiteg pro-europäesch Politik vun den Hären Juncker, Frieden an Asselborn huet eis an déi héchst Gefor bruecht!

Hei ass en Auszuch aus dem Artikel vun « Le Monde » mat dem schéinen Titel: « Le FMI et Berlin imposent leur loi à Chypre ».

« « Toutes les lois nécessaires sont en place », a dit Jeroen Dijsselbloem, le chef de file des ministres des finances  de la zone Euro. L’instance politique de l’union monétaire, l’Eurogroupe, a, pour sa part, été largement court-circuitée, car l’essentiel de l’accord a été renégocié sous les auspices d’Herman Van Rompuy, président du Conseil Européen, dans un face-à-face tendu autour de Nicos Anastasiades, avec Christine Lagarde, Mario Draghi (Banque centrale européenne) et José Manuel Barroso (Commission européenne). Après de nombreux contacts avec Angela Merkel et François Hollande, le compromis n’a été soumis pour accord aux ministres des finances que tard dans la nuit de dimanche à lundi. Enfin, la pression de la BCE, qui menaçait de suspendre l’approvisionnement  du secteur bancaire, faute de compromis avant lundi, 25 mars, a joué à plein pour faire plier le président chypriote, à peine un mois après son élection. »

Wéi set de « Monde »sou schéin? « Difficile de concilier urgence et nécessité démocratique ».

An dem Europa vun haut gëtt et praktesch keng Demokratie méi. Et gëtt Diktater vun denen Groussen an vun e puer selbstherrlechen Institutiounen, an et gëtt Règlementer an Direktiven un denen näicht méi geännert gëtt. Et gëtt Uerteeler vum Europäesche Geriichtshaff mat Sanktiounen géint souverän Staten. Et gëtt eng Politik géint Referenden an eng Mëssuechtung vu Wahlresultater.

Et gëtt Zäit fir ëmzedenken !  Et gëtt Zäit fir manner Europa a méi Lëtzebuerg!

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert