Homo-„Bestietnis“: d’Argumentatioun vum Aerzbistum Paräis

Et ass ëmmer mol nes interessant den Aerzbistum Lëtzebuerg  mat anere kathouleschen Strukturen ze vergläichen. Dem Glaawen vun der Kierch no, misst jo och den Aerzbistum Lëtzebuerg sech decidéiert an engagéiert géint d’Homo-„Bestietnis“ stellen. Dat mecht en awer net, well  fir d’Spëtzt vun der Kierch just d’Meenung vun der CSV zielt. Vun dëser Kritik ass ausdrécklech net betraff d’Diozösankommissioun fir d’Fammilljepastoral, déi jo e ganz gudden Text presentéiert huet. Soss gëtt et awer um Site www.cathol.lu, am Kapitel „mariage et famille“ (det fënnt een an der Ennerkategorie „Ethik“ vun der Rubrik „d’Kierch an der Gesellschaft“)  just nach Texter aus der Zäit vum Aerzbëschof Frank déi sech nach op d’PACS-Legislatioun bezéien.  

Zum Vergläich:

Hei ass en Dokument vum Aerzbistum Paräis zum Thema Homosexuelle-„Bestietnis“:

http://www.paris.catholique.fr/IMG/pdf/10_bonnes_raisons_de_ne_legaliser_2_-_20120530095910-2.pdf

an hei nach eemol den Interview vum aktuellen Aerbëschof vu Lëtzebuerg am „Quotidien“ vum 12. November 2012 (dozou méi am Artikel : Här Bëschof, wéi wor dat gemengt?):

« Il y a toute une différence entre le mariage civil et le mariage religieux !

Je ne veux refuser à personne le droit au bonheur et à la constitution d’un partenariat. Mais le mariage catholique ne peut être entre personnes du même sexe. »

Déi offiziell Positioun vun der Kierch ass och op dësem Blog  ze fannen („Als Erënnerung un d’CSV…“).

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert