Monseigneur…

Dëser Deeg konnt een am “Journal” en oppene Bréif mam Titel „Monseigneur“ vun engem bekannte lëtzebuerger Affekot un de Groussherzog liesen. Dësen Affekot ass kee Frënn vun der Monarchie a nach manner vun der Kierch. A séngem Bréif huet hien de Groussherzog kritiséiert, well hien, am Numm vum ganze Land, dem neie Poopst Seng Felicitatiounen ausgedréckt huet. Den Affekot erklärt sech a séngem Bréif zu engem Géigner vun der kathoulescher Kierch an rifft där hier vergaangen Verbriechen an Erënnerung. En opposéiert sech  ausserdem sengem Aschloss an den Text vun esou engem Felicitatiounschreiwes well hien mengt, dat den aktuelle Poopst während der argentinescher Diktatur denen Verfollegten net gehollef hätt.

Dozou wéilt ech Stellung huelen. Dat een Staatschef engem nei gewielten Staatschef seng Felicitatiounen ausdréckt ass vollkommen normal. De Poopst ass jo nët nëmmen Chef vun enger grousser Weltrelioun, mä och Staatschef vum Vatikan. Dat de Vatikan, oder besser gesot den „Hellege Stull“,  keen ganzt grousst Land ass, därf virun allem e Lëtzebuerger Staatschef net dovun ofhalen de Flichten vun der protokollarescher Héiflechkeet nozekommen. Dëss Felicitatiounen ginn, an dat ass international üblech, ëmmer am Numm vum Land an vum Vollék  wéi och am perséinleche Numm ausgedréckt. Dat wär och sou, wa mir e President als Staatschef hätten. Den Hellege Stull a Lëtzebuerg sinn zwee Staaten déi diplomatesch Bezéiungen hunn an accreditéiert Ambassadeuren ernannt hunn. Et get keen Gronn fir denen diplomateschen Gewunnechten net nozekommen.

Den Hellege Stull ass iwwregens och net den eenzege Staat dem säin Staatschef eng reliéis Funktioun erfëllt. Och d’Kinnigin vum Vereenegte Kinnékräich ass “ Defender of the Faith and Supreme Governor of the Church of England”. An souguer dee franséiche President ass “chanoine”, wéi dësen interessanten Auszuch aus Wikipedia et fir interesséiert Leit beschreift:

http://fr.wikipedia.org/wiki/Chanoine

( « Les titres de chanoine du président de la République française »)

Och den neien sozialisteschen President vu Frankräich , den Här François Hollande, dréit eng ganz Rei vu reliéisen Titelen :

http://www.la-croix.com/Religion/Urbi-Orbi/France/Francois-Hollande-nouveau-chanoine-honoraire-du-Latran-_NG_-2012-05-07-803356

Wat elo déi vergaange Verbriechen vun der kathoulescher Kierch ugeet, verweisen ech beispillsweis op dëss Texter :

http://www.vatican.va/roman_curia/congregations/cfaith/cti_documents/rc_con_cfaith_doc_20000307_memory-reconc-itc_ge.html

http://ratzinger-papst-benedikt-stiftung.de/theol_schuld.html

an virun allem wéilt ech un dem Poopst Jean-Paul II säin historeschen a wichtege Geste vum 12.03.2000 erënneren, an dem hien d’Sënnen vun der Kierch unerkënnt an ëm Verzeihung bied:

http://stjosef.at/dokumente/vergebungsbitten_papst_2000.htm

An séngem drëtte Punkt huet den uewen zitéierten Affekot d’Vergaangenheet vum aktuelle Poopst während der argentinescher Junta ugeschwat. Dozou goufen et an der Lescht ganz vill Kontroversen a Kommentaren, déi et net méiglech ass ze zitéieren.

Dowéinst vläicht just dat hei :

http://www.kath.net/news/40667

http://www.kath.net/news/40535

Obschonn ech probéieren mech eengermoossen um Laafenden ze halen, hunn ech bis lo keng Beweiser gesinn, déi dem Poopst kéinten opposéiert ginn, wann et ëm d’Zäit vun der Diktatur geet.  Ech mengen, et bräicht een engem Affekot net ze erklären, dat et eng « présomption d’innocence » gëtt, an dat den uklot och soll eng Schold kënnen beweisen….

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert