D’ADR frësst d’Beamten!

Viiruerteeler hunn immens vill Guddes : si erspueren d’Nodenken, hëllefen engem einfach an op klore Bunnen duerch d’Liewen ze kommen, stäerken d’Selbstbewosstsinn a sinn einfach ideal wann ee wëll iwwer Politik mat diskutéieren. Desto méi Viiruerteeler, desto méi Duerchbléck huet een.

Vill vun eise Journalisten fonctionnéieren och sou: si wëssen sëcher, ganz sëcher, absolut sëcher, datt  d’ADR eng Partei géint d’Beamten ass, also brauchen si och net iwwer déi Fro nozedenken. An souguer wann d’Wouerecht eng aner wär an si dat genee wéissten, dann géngen déi allermeecht vun hinnen awer genee dat schreiwen oder soen wat dem gängegen Viiruerteel entsprëcht. Eis parteigesteiert Medien sinn jo net drunn interesséiert fir sech ëm Objektivitéit oder d’Wouerecht ze beméien, mä hir Aufgab ass et d’Interessien vun hire respektiven Parteien ze verdeedegen. A fir denen hiren elektoralen Undeel  bei de Beamten net a Gefoor ze brengen muss d’Legend vun der Beamtefrësserpartei ADR onbedéngt um Liewen gehalen ginn. Konkurrenz ass jo bekanntlech an der  Politik onerwënscht.

Fir der Wouerecht ze déngen : hei ass den Expeditiounsbericht vun engem Beamten bei der ADR…

Bäigetrueden sinn ech 2008 a gouf méi wéi frëndlech empfaang. Net mol, wëll d’ADR frou war, fir lo endlech ë Beamten bei sech ze hunn, wëll viru mir woren och schonn eng  Rei vun anere Beamten Member, wann déi och net an der Partei sou aktiv woren wéi ech. Als wierklech beamtefeindlech geng ech lo, mat 5 Joer ADR-Erfahrung, eigentlech just een vun eisen fréieren Deputéierten aschätzen, an den huet d’Partei viru kuerzem verlooss. Den Betreffenden huet ëmmer nes gefuerdert fir eng militant Anti-Beamten-Politik ze maachen,  huet awer mat där Fuerderung absolut keng Ennerstëtzung an der Partei fonnt.

Déi Wonnen an Nowierkungen vun denen Joeren Krich ëm d’Pensiounsreform, besonnesch och d’Confrontatioun mat der CGFP, woren awer och nach virun 5 Joer an der Partei ze spieren. Fir déi, déi méi jonk sinn : vun 1989 bis 1999 hat d’ADR sech ganz vehement fir eng Pensiounsreform zu Gonschten vun de Leit am Privatsecteur engagéiert. Zum Deel gouf do eng « 5/6 Pensioun fir jiddereen » gefuerdert, wëll am Effentlechen Déngscht jo eng 5/6 Pensioun bestaan huet. Wen sech fir dëss ganz spannend Diskussioun an eiser Sozialgeschicht interesséiert, den kann bei der ADR eng Broschür zu dem Thema kréien déi d’Partei zioert zu hirem 25. Gebuertsdag publizéiert huet.

Jiddefalls koum et am Laf vun denen ronn 10 Joer vun ’89 bis ’99 zu enger Rei vu Confrontatiounen tëschent der ADR an der CGFP. D’Beamtegewerkschaft huet duerch d’Fuerderungen vum private Secteur hire Pensiounsrégime a Gefor gesinn, gewëss net zu Onrecht. D’Ennerscheeder tëschent denen zwee Secteuren woren jo och wierklech bedeitend.  Am Juli 1998 gouf de Pensiounsrégime dunn, géint de Widderstand vun der CGFP, vereenheetlecht. Den Här Juncker, als deemoolege Premier,  gouf iwwregens an dem Kontext  vun engem Geriicht veruerteelt an dat Uerteel konnt een nach laang op der Spaweckssäit vun der CGFP noliesen. Op et haut nach drop ass, wees ech net.

Well ech Beamten sinn, huet déi Pensiounsreform vun 1998 och meng perséinlech Situatioun verschlechtert. Trotzdem halen ech den Engagement vun der ADR fir eng Reform vun de Pensiounen am private Secteur fir prinzipiell gerechtfertegt. Et goufen deemools eng Rei vun extrem niddregen Renten am private Secteur, sougenannten « Hongerrenten », a wann et haut bei eis am Land bal keng  Altersaarmutt méi gëtt, dann halen ech dat zu engem groussen Del fir e Resultat vum Asaz vun der ADR fir eng Pensiounsreform am private Secteur. Natierlech deet et wéi wann een ëppes verléiert. Mä ech halen et awer net fir vertriedbar sech prinzipiell enger Reform ze widdersetzen déi als Zil huet sozial Noutsituatiounen ofzeschafen a méi Rentegerechtegkeet an der Gesellschaft ze schafen.  Ech sinn souwisou der Iwwerzeegung, dat den deemoolegen Pensiounsrégime vum Effentlechen Déngscht net éiweg hätt kënne virun bestoen. Engersäits aus Grënn vum gesellschaftleche Gläichgewiicht, aanerersäits wéinst der Finanzéierbarkeet vun de Pensiounen. Et brauch een jo just nëmmen déi aktuell Debatten ëm d’Pensiounen ze kucken, fir sech de Problemer bewosst ze ginn.

Taktesch ass deemools ob denen zwou Säiten haart gekämpft ginn an et gëtt haut nach Leit déi Rancunen aus där Zäit flegen. Wou ech 2008 bei d’ADR goung, hat en héige Vertrieder vun der CGFP mir virgehäit, ech wär « e Verréider vun der Beamteschaft ». Ech hunn e ganz grousse perséinleche Respekt fir den Här, dowéinst nennen ech säi Numm net, mä souwuel verbal wéi och an der Saach ass sou eng Ausso total aus der Loft gegraff.

An der ADR gëtt et – souwäit ech dat gesinn (ech kennen natierlech net all eenzelnen Member vun der Partei, mä awer déi allermeescht aktiv Memberen) – keng Animositéit géintiwwer der Fonction Publique. De Kampf vun deemools wor primordial e Kampf fir besser Pensiounen an net e Kampf géint d’Beamten.  Souguer a mengem fréiere Ministär sinn bedeitend méi Beamtewitzer erzielt ginn wéi bei der ADR. Wéi gesot – et gouf eng notoresch Ausnam, mä den betreffenden Här wor souwisou op ganz villen Punkten net op der Linn vun der Partei an e sicht lo säi Gléck als onofhängegen Deputéierten.

Bei der CGFP ass et aanecht. Do gëtt dee Krich den zënter lo bal 15 Joer riwwer ass, daper weider geféiert. E bësschen erënnert mech d’CGFP un déi japanesch Zaldoten déi nach joerelaang nom Enn vum Zweete Krich mat Helm a Flënt iergendwou op enger Insel soutzen ouni ze wëssen dat de Krich schonn laang riwwer wor. D’CGFP als Daachgewerkschaft invitéiert d’ADR systematesch net op hir Reuniounen oder Kongresser a sicht och keen Kontakt. Dogéint hunn awer vill vun dën Memberorganisatiounen vun der CGFP, dorënner och eng Rei vun denen Gréissten, well vollkommen normal Relatiounen mat der ADR a behandelen si wéi all aner Partei och. Zënter 2008 gesinn ech vu Joer zu Joer méi Beamtendelegatiounen déi bei d’ADR kommen fir hir Uleies ze plädéieren.  Perséinlech fannen ech et och richteg, dat d’Gewerkschaften politesch neutral sinn an e selwechte Kontakt zu allen Parteien flegen.

An der Saach vertrëtt d’ADR eng ganz Rei vu Punkten, déi denen meeschten Beamten an vläicht och der CGFP  wahrscheinlech ganz gutt gefalen. Emsou méi wichteg ass et fir déi aner Parteien an fir d’Press, d’ADR als Beamtefrësser duerzestellen.

Konkret :

d’ADR verdeedegt déi national Souveränitéit an ass géint en europäeschen Zentralstat an Bréisseler Dirigismus ;

d’ADR ass retizent, wann et em d’Präsenz vun Auslänner  an der Fonction Publique geet ;

d’ADR insistéiert op d’Lëtzebuerger Sprooch an der Fonction publique;

d’ADR ass géint de Bewärtungssystem, besonnesch well se wëll d’Beamten virun politescher Erpressung schützen ;

d’ADR ass fir en harmonescht Mateneen vum privaten an vum ëffentleche Secteur.

Et ass wouer : d’ADR ass géint eng Erhéigung vum Punktwäert ëm 2,2%. Si hällt sou eng Augmentatioun fir vollkommen onverantwortlech an Zäiten vu riisegen staatlechen Defiziter. Perséinlech sinn ech der Iwwerzeegung, dat d’CSV an d’LSAP – wann si dann ieren sou eng Augmentatioun wierklech sollte stëmmen – déi do Opwäertung nëmmen duerchsetzen fir d’Walen ze gewannen, an dat d’Beamten direkt no de Walen den 13. Mount dann ofgeholl kréien. Qui vivra, verra…

Mä vill méi wichteg : d’ADR ass géint d’Auslännerwahlrecht. Dat huet nämlech och Konsequenzen op d’Fonction publique. Wéi kann ee plädéieren, dat eng Rei vun Fonctiounen am Effentlechen Déngscht mussen de Lëtzebuerger aus Souveränitéitsgrënn viirbehale bleiwen, wann gläichzäiteg d’Auslänner bei de Chamberwahlen iwwer all Souveränitéitsfroen kënnen mat decidéieren ? Dat geet dann natierlech och net méi…

Sou, an elo nach eemol zu eiser Parteipress. Den 24. Februar 2009 haten den Här Reding an ech  zësummen eng Presskonferenz gehalen fir d’Positiounen vun der ADR zu enger Rei Problemer an der Fonction Publique ze presentéieren.

Mam Fong vun denen Propositiounen hunn sech eis Dammen an Hären Journalisten praktesch iwwerhaapt net beschäftegt. Dat Eenzegt wat si interesséiert hat, war fir e « Kurswiessel » vun der ADR ze diagnostizéieren. Déi fréieren Aktiounskommitte 5/6 geng sech lo fir d’Beamten asetzen… eng Sensatioun !!  Dat d’ADR sech an der Tëschenzäit zu enger Partei entwéckelt hat, konkret den 2. Abrëll 2006, déi also och zu alle gesellschaftleche Froen, ausdrécklech och zu der Fonction Publique, muss kënnen Stellung huelen, dat huet se iwwerhaapt net interesséiert. Vive d’Viiruerteeler!

Meng Diagnos vun haut : d’ADR loug als politesch Partei mat där Entwécklung richteg, mä eis parteigesteiert Press huet natierlech just en Interessi drann gesinn fir de Krich vun fréier frësch ze beliewen. Wéi gesot, näicht wor hinnen manner wëllkomm wéi d’Konkurrenz vun enger neier, vollwärteger Partei.

Fir Leit déi sech wëllen eng eege Meenung maachen, hei e Réckbléck op déi Presskonferenz aus dem Februar 2009 :

 

 

 

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert