Et gëtt Saachen an der Politik, déi därf en opgeklärte Bierger weder ignoréieren nach vergiessen. Een vun denen absolut zentralen an allerwichtegsten Evenementer vun dëser Legislaturperiod ass d’Ratifizéierung vum Europäesche Stabilitéitsmechanismus (MES – Méchanisme Européen de Stabilité oder ESM – Europäeschen Stabilitéitsmechanismus) duerch d’Chamber.
Fir unzefänken : hei sinn déi relevant Extraiten aus dem Memorial, also déi Gesetzer iwwer den ESM déi de 26. Juni 2012 an der Chamber gestëmmt goufen.
Ganz wichteg ass och d’Stëmmverhalen an der Chamber. Den ESM gouf mat 55 Jo-Stëmmen (CSV, LSAP, DP, déi Gréng) géint 5 Nä-Stëmmen (4 ADR an 1 déi Lénk) ugeholl. Néideg fir dësst Gesetz woren 40 Stëmmen, woubäi d’Regierungskoalitioun der grad 39 huet. Si woren also op d’Ennerstëtzung vun op d’mannst enger anerer Partei – egal wéi enger – ugewisen.
Ech verweisen och nach op d’Ried vum Här Giberyen, den d’Argumentatioun vun der ADR géint dësst Gesetz – wéi ëmmer – ganz gutt zësummegefaast hat:
http://visilux.chd.lu/ArchivePage/video/924/sequence/29321.html
Firwat ass dësst Gesetz iwwer den ESM sou wichteg ? Ma, well et eent vun denen Gesetzer ass déi mat am meeschten d’Souveränitéitsrechter vun eisem Land verletzen. Lëtzebuerg ass dobäi duebel vun dem Traité betraff : am Abléck nach als Contributeur. Mä duerch déi katastrophal Scholdepolitik vun der CSV an der LSAP rutscht eist Land ëmmer méi déif an d’Iwwerverschëldung, sou dat mir geschwënn och riskéieren fir missen als « Bénéficiaire » mam ESM confrontéiert ze ginn.
D’Lëtzebuerger sinn mat 3.505 Euro pro Kapp bei wäitem déi gréissten Contributeuren am ESM. An der däitscher Press hat den Här Juncker sech jo doriwwer gefreet, dat d’Lëtzebuerger « dat nach net gemierkt hätten ».
An an e puer Joer, wann mir – dank där onverantwortlecher Finanzpolitik vun der CSV – mussen selwer ënner de « Rettungsschierm », dann kréien mir net nëmmen vun Däitschland, der Europäescher Kommissioun an der EZB gesot wat hei am Land ze geschéien huet, mä och nach vum FMI. De « Fonds monétaire international » muss nämlech automatesch am Krisefall mat implizéiert ginn. Den FMI ass awer e Gremium den regelméisseg « Rettungs »-konzepter proposéiert, déi an engem ganz héige Mooss antisozial sinn. Wen sech fir d’Geschicht vun den Interventiounen vum FMI an der sougenannter « Drëtter Welt » interesséiert, fënnt eng ganz Rei vun dramateschen Fehldecisiounen vun där Institutioun. Och an Europa geet et sou: déi « intern Devaluatioun » an Griicheland, déi am Abléck do bedriwwe gëtt, ass näicht aanecht wéi massiven Sozialofbau an si stierzt e ganzt Vollék an de Misère.
Wann Lëtzebuerg net endlech eng Regierung kritt, déi de Budget an d’Gläichgewiicht brengt an déi d’Scholden zréckbezillt, dann ass et just eng Fro vun der Zäit bis eise finanziellen a sozialen Ennergank do ass. De Begrëff « Souveränitéit » kënne mir dann ganz vergiessen.
Wat ass soss nach Wichteges zum ESM ze soen ?
Lëtzebuerg muss iwwer 1,7 Milliarden Euro op einfachen Appel bereetstellen ouni e Vetorecht ze hunn. Dovun sinn 200.320.000 Euro iwwer de Wee vum Budget anzebezuelen. Bis zu 1.552.480.000 Euro kënnen – och géint eise Wëllen – opgeruff ginn an mir mussen déi dann bannent 7 Deg bezuelen. An och déi Chifferen kënnen nach no uewen verännert ginn, wann dann gemengt gëtt, dat wär néideg. Eis Stëmmrecht vun 0,2504% spillt iwwerhaapt keng Roll well all wichteg Decisiounen kënnen mat enger Majoritéit vu 85% geholl ginn. Just Däitschland, Italien a Frankräich hunn nach de facto e Vetorecht.
Am Fall Zypern, hunn mir jo schonn gesinn wéi a Krisesituatiounen verhandelt ginn. Zu e puer « Groussen » an hannert zouenen Diren. Kleng Länner, wéi Lëtzebuerg, därfen héchstens bezuelen oder Risiken matdroen, ze soen hunn si strictement näicht.
D’Chamber huet also mat der Ratifikatioun vun dësem Traité e groussen Deel vun der nationaler Souveränitéit un e net gewielten Gremium an – an der Realitéit – un e puer grouss Staaten ofgetrueden. Am ganzen, also mam EFSF (European Financial Stability Facility) an eisem bilateralen Prêt un Griicheland huet Lëtzebuerg domat schonn eng ronn 4 Milliarden Euro zur Rettung vum Euro bäigedroen. Dat alles wéinst enger Rëtsch vu politesche Fehler un denen den Här Juncker ëmmer bedeelegt wor. Hien huet mat decidéiert, wéi eng Länner sollen an den Euro rakommen an hien wor ëmmer mat dobäi wann d’Stabilitéitscritèren aus dem Maastrichter Vertrag verletzt goufen.
Déi Immunitéitsklauselen an dem Vertrag ginn wäit iwwer dat raus wat fir eng international Institutioun noutwënneg oder üblech wär. Hei gëtt e Gremium geschaaf dat de facto baussent all Rechtsraum kann fonctionnéieren.
Déi Souveränitéitsverzichter vun eisem Land mussen och nach am Gesamtkontext vum « Six-pack » a vum « Fiskalpakt » gesinn ginn, op déi ech nach an aneren Artikelen wëll zréck kommen.
Ech wéilt awer lo schonn eng Rei vu Kommentaren maachen :
1. Den Euro ass e politesche Projet fir dat federalt Europa anzeféieren an de Wee zréck gëtt effektiv ëmmer méi schwéier. Den Euro ruinéiert eis wa mir drann bleiwen, an e ruinéiert eis wann mir austrieden. Déi ëmmer méi grouss Instabilitéit an Europa weist am Abléck éichter a Richtung Zësummebroch vun der Eurozon – wéinstens an hirer aktueller Compositioun – an eng verantwortungsvoll Regirung misst onbedéngt lo schonn no Alternativen sichen. Och déi finanziell Onsëcherheeten déi aus dem „Target“-Système fir eis Zentralbank entstinn mussen opgeschafft ginn.
2. Souwäit ech dat gesinn, sinn ALL lëtzebuerger politesch Parteien – ausser der ADR – dovir och nach Eurobonds anzeféieren an d’Scholden ze communautariséieren. Domat wären mir definitiv an der Scholden- an Transferunioun ukomm – ëppes wat vun den Traitéën explizit verbueden ass.
3. Dat gréissten Affer vun der Eurokris ass d’Demokratie. Net nëmmen gëtt vun de Regirungen drop an derwidder gelunn an dat geltend Recht gebrach, mä d’Parlamenter ginn entmündegt an hir Budgetsautoritéit gëtt ausgelagert. De facto ginn mir ëmmer méi vu Bréissel a vun Berlin aus regéiert. Just d’ADR stäipt sech nach hei am Land géint déi Entwécklung.
Ech verstoppen net mäin déiwe Pessimismus :
– D’CSV an d’LSAP hunn d’Land an eng katastrophal Finanzsituation geféiert. D’DP an déi Gréng vertrieden prinzipiell déi selwecht Europapolitik an am Groussen a Ganzen och déi selwecht Finanzpolitik. Déi Gréng wëllen d’Steieren nach massiv an d’Luucht setzen an déi Blo wëllen virun allem Sozialofbau bedreiwen. Mee egal wéi déi nächst Regirung ënnert denen do véier zësummegesat ass, mat denen véier Parteien ännert sech fundamental näicht.
– Déi selwecht véier Parteien plus déi Lénk wëllen och nach d’Auslännerwahlrecht aféieren. Dat mecht eis europapolitesch a finanzpolitesch Situatioun mat Sëcherheet net méi einfach, vun aneren Froen guer net ze schwätzen.
Et wärt keen den dëse Blog liest wonneren, wann ech soen, dat nëmmen d’ADR eng wierklech Alternativ zu där aktueller Politik proposéiert, souwuel an der Finanzpolitik wéi och an der Europapolitik.
Déi Walen am Joer 2014 si Schicksalswahlen fir eist Land.