Op dëser Plaz publizéieren ech nach eemol den Text vun där Ried, déi ech am November 2012 an der Chamber gehalen hat, wou d’Ofdreiwung durech d’CSV an d’LSAP liberaliséiert gouf. Dësen Text wor mäi Projet – dee geschwaatenen Text wor natierlech ë bësschen aanecht.
Leider konnt ech meng Ried net bis zum Schluss halen, wëll ech och dem Här Jacques-Yves Henckes (deemools nach ADR) wollt Zäit loossen fir seng Positioun ze erklären. Den Här Henckes huet fir de Projet vun der Regierung gestëmmt.
No dëser Ried huet den Här Henckes e Bréif un de Nationalcomité vun der ADR geschriwwen an dem ën, ënner anerem, déi Meenung ausgedréckt huet, dat dëss Ried net conforme zum Wahlprogramm vun der ADR wier. De Nationalcomité huet iwwer déi Fro deliberéiert a mat grousser Majoritéit an a geheimer Ofstëmmung decidéiert, datt meng Ried dem Wahlprogramm vun der ADR geng entspriechen.
Kuerz drop ass den Här Henckes aus der ADR ausgetrueden.
„Här Präsident, Dir Dammen an Dir Hären,
Gär schléissen ech mech menge Virriedner un fir dem Här Rapporteur Merci fir säi ganz komplette Rapport ze soen. Och wëll ech gläich am Ufank vu menger Ried ënnersträichen, dat den honorablen Deputéierten Jacques-Yves Henckes decidéiert huet, fir vu sengem Recht Gebrauch ze maachen fir an dëser ethescher Fro eng aaner Meenung wéi seng Partei ze vertrieden.
D’ADR, Här Präsident, ass resolut fir de Schutz vum Liewen an dowéinst och géint eng weider Liberaliséierung vun der Ofdreiwung. Dat Gesetz vun 1978 soll eiser Meenung no onverännert weider gëllen.
D’ADR wiert sech och géint all Minimiséierung oder souguer Banaliséierung vun der Ofdreiwung. D’Zuelen dinn een schudderen : et gëtt vun de Gynäkologen geschaat, dat all Joer tëschent 1.500 an 2.000 Kanner duerch eng Ofdreiwung stierwen. Si felen eis, net nëmme statistesch oder demographesch, mä virun allem mënschlech. 2.000 Kanner denen mir hätte kënnen eis Léift ginn, an déi eis Gesellschaft duerch hiert Laachen, hir Iddien, hir Kreativitéit, hir Talenter, hir Aarbecht a spéider och duerch hir eege Kanner méi räich a méi schéin gemaach hätten.
Emsou méi verwonnerlech ass et, dat zënter 1978 net eng eenzeg Persoun wéinst enger Ofdreiwung juristesch poursuivéiert ginn ass. De facto besteet also schonn eng Depenalisatioun an eng Strooffräiheet. D’Justiz muss sech an dem Kontext awer och Froe gefale lossen, wéi eecht, dat si et mam Schutz vum Liewen hëllt.
Trotzdem, ass déi legislativ Diskussioun ëm d’Ofdreiwung vun zentraler Wichtegkeet, wëll duerch seng Gesetzer setzt de Stat och moralesch Moosstiew. Hie beaflosst a norméiert an engem gewësse Mooss d’Verhalen vun de Bierger a muss ech dowéinst senger Verantwortung bewosst sinn. Dat gëllt besonnesch dann, wann et em de Schutz also ëm de Stellewärt vum ongebueren Liewe an eiser Gesellschaft geet.
Déi Debatt iwwer d’Reform vum Gesetz vun 1978 déi mir an dene leschte Joeren haten, charakteriséiert sech awer leider duerch e puer grav Defizienzen:
Déi éicht Defizienz ass déi ganz selektiv Approche vun denen invoquéierten Referenztexter fir eng Aennerung vum Gesetz ze justifiéieren. D’Regirung, de Staatsrot an Anerer hunn Uerteeler, Resolutiounen vum Europarot oder vum Europaparlament zitéiert an och gläich sou interpretéiert, dat si konnten Argumenter fir d’Ofdreiwung doraus ofleeden. Wichteg Texter an Uerteeler déi d’Recht op Liewen decretéieren a protegéieren sinn awer an dëser Debatt net zitéiert a net analyséiert ginn. Vun der Allgemenger Menscherechtserklärung, iwwer d’Europäesch Menscherechtskonventioun bis zur Kannerrechtskonventioun an Uerteeler z.B. vum däitsche Verfassungsgeriicht oder vum Europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff iwwer den Ufank vum Liewen an de Schutz fir d’Mënschen an hir Dignitéit vun Ufank un – näicht dovunner gouf zitéiert, well et d’Absicht vun all denen déi hei mat decidéiert hunn, gestéiert hätt. Et gouf och net drop higewisen, dat eng Resolutioun vun der parlamentarescher Versammlung vum Europarot, wéi déi vum 16. Abrël 2008, iwwerhaapt keng contraignant Wierkung huet. Ech halen also fest, dat an dëser Debatt wichteg a verpflichtend juristesch Dispositiounen déi hätte kënnen a missen fir de Schutz vum ongebuerene Liewen invoquéiert ginn, net ernimmt goufen.
Net aanecht goung et dem lëtzebuergeschen « Code de déontologie de certaines professions de santé » (Art. 3) oder och eisem Gesetz vun 1978, dat mir haut reforméieren, an dat direkt a sengem alleréichten Artikel seet : «La loi garantit le respect de tout être humain dès le commencement de la vie ». An dono eréicht gëtt d’Ofdreiwung als eng – enner Conditiounen – strooffräi Ausnam zu där Regel beschriwwen.
Dëss absolut Eesäitegkeet ass déi juristesch Defizienz an dëser Diskussioun.
Déi zweet Defizienz ass eng moralesch. Wichteg Institutiounen vum Land hunn sech der Debatt iwwer de Schutz vum ongebuerene Liewen einfach entzunn an hunn sech alleng op d’Selwerbestëmmung vun der Fra konzentréiert – dat Wuert « Mamm » koum an dem Kontext sou gutt wéi ni vir, genee sou mann iwwregens wéi dat Wuert « Kand ».
De Staatsrot seet hien geng « Abstraktioun » maachen « d’un examen des différentes théories du début potentiel de la vie de l’être humain dont les droits fondamentaux doivent être protégés, ainsi que du statut juridique du fœtus ». Zwou Zeilen fir dem fundamentalste moralesche Problem an dëser Debatt lass ze ginn – sou einfach kann een et sech maachen!
Den Ombudskomitee fir d’Rechter vum Kand (ORK) schwätzt zwar iwwer d’Situatioun vun dene mannerjähregen Fraen an aaneren Enstänn, seet awer kee Wuert iwwer d’Recht op Liewen vum ongebuerene Kand.
Eis Commission consultative des Droits de l’Homme (CCDH) seet si geng net fir oder géint d’Ofdreiwung Positioun huelen, mä schreift da gläich zwee Avisen, no dem si sech auto-saiséiert huet, an denen et nëmmen drëm geet, fir déi maximalisteschst Pro-Ofdreiwungsfuerderungen esou wäit wéi méiglech ze ënnerstëtzen.
Dat ass net nëmmen e Versoën vun eisen Institutiounen, et ass e Versoën vum Gewëssen an eiser Gesellschaft. Keen därf sech dem fundamentalsten moraleschen Aspekt vun der Diskussioun iwwer d’Ofdreiwung einfach entzéien.
Déi ongebuere Kanner hate leider net vill Affekoten an dëser Debatt!
Déi drëtt Defizienz ass déi vun der biologescher Negatioun, an domadder mengen ech, dat ee sou mecht, als wär dat nei Kand am Bauch vu senger Mamm, eigentlech nach kee richtegt Kand, kee richtege Mënsch,- well jo jiddefalls och mol nach keng Persoun am juristesche Sënn – , als wären e Fœtus oder en Embryo iergend eppes « Nach-net-Mënschleches », dat een dann och kann mat engem eengermossen rouegem Gewëssen, wéi et heescht « wech » maachen.
Déi Attitüd ass net nei an der Ofdreiwungsdebatt. Schonn an de 60er Joeren hate mir pro-Ofdreiwungs-Sloganen héieren, wéi « Mäi Bauch gehéiert mir ». Dat stoung och iwwregens ni zur Debatt, mä dat Kand an der Gebärmutter dat gehéiert just sech selwer an et huet e Recht op Liewen an domadder e Recht op Schutz a Respekt, an zwar vun där alleréichter Sekonn un. Et sollt een dowéinst net vum « contenu utérin » schwätzen, den ee bei enger Ofdreiwung medikamentös oder chirurgesch eliminéiert, mä vum « enfant non né ».
Et gëtt keng temporal Grenz, kee Stëchdag wéini een ufängt e Mensch ze sinn, et entwéckelt een sech vun der Befruchtung un ALS Mënsch a net ZUM Mënsch. An der 10. Woch vun der Schwangerschaft ass d’Ausbildung vum Kand schonn ofgeschloss, schonn laang virdrunn schléit dem Kand säin Härz an et reagéiert op Péng. Et iwwerrascht dowéinst net, datt d’Gynekologen an der Chamberkommissioun gefrot hunn, fir d’Méiglechkeet vun enger Ofdreiwung op déi éicht 10 Wochen vun enger Schwangerschaft ze limitéieren, amplaatz op 12. Dem ass leider net Rechnung gedroe ginn.
Niewent dësen dräi Gronddefizienzen an dëser Debatt, regrettéiere mir nach op d’mannst fënnef aner Aspekter :
– Déi restriktiv Interpretatioun vum Begrëff vun der Selwerbestëmmung vun der Fra.
– D’Subjektivisiéierung vun der Rechtfertegung fir d’Ofdreiwung
– Déi eesäiteg negativ Duerstellung vum Mann a vum Papp an enger Rei vun Texter,
– D’Schwächung vun der « autorité parentale »,
– An de Mëssbrauch vu Begrëffer aus der Medizin.
D’Selwerbestëmmung vun der Fra steet am Zentrum vun dëser Reform a gëtt hei als déi wahrscheinlech wichtegst Neierung presentéiert. Si decidéiert elo alléng a wéi et heescht « souverän » ob si an enger « détresse » ass an dowéinst wëll ofdreiwen.
Dozo ass allerdéngs ze soen, dat dat eng verkierzte Lecture vun der Selwerbestemmung ass. Mir schwätze jo hei wuelverstaan net vum Fall vun enger Ofdreiwung no enger Vergewaltegung, mä mi schwätzen vun enger Ofdreiwung no engem fräiwëllege Geschlechtsverkéier. An et ass nun eemol sou, datt de Geschlechtsverkéier, och wa mir haut an enger genosssüchteger Gesellschaft liewen, net fräi vun der Dimensioun vun der Verantwortung ass. Mann a Fra droen beim Sex Verantwortung fir hir Gesondheet an eventuell och fir déi vun aneren, a si droen Verantwortung wann et, wat jo bekanntlech net onméiglech ass, zur Befruchtung an domat zum Entstoen vun neiem Liewe kënnt. An et ass vill iwwer Selwerbestëmmung an dëser Debatt geschwat ginn, iwwer d’Verantwortung awer net!
D’Ofdreiwung, an dat seet jiddereen an dëser Debatt, därf keng Bequemlechkeetsléisung sinn, keng verspéite Methoud fir eng Familljeplangung. Mä an der Praxis ass dat awer leider dacks de Fall. Den Altersduerchschnëtt an d’Familljesituatiounen vun ville Fraen déi ofdreiwen weisen och, datt et normalerweis net un engem Informatiounsdefizit louch, wann et zu enger ongewolltener Schwangerschaft koum.
Et ass an dem Zësummenhank och schokant, dat eng Institutioun déi hei am Land ganz vill Ofdreiwunge mecht, ausgerechent « Planning familial » heescht.
An all déi, déi e sougenannte « Recht op Ofdreiwung » als en Deel vun de Fraerechter gesinn, wëll ech och drunn hiweisen, dat duerch d’Méiglechkeet vun enger ganz fréier Determinatioun vum Geschlecht vum Kand, d’Meedercher e méi héigen Ofdreiwungsrisiko wéi d’Jongen hunn.
Mat der Aféierung vun der subjektiv empfonntener « détresse » als allgemengen Ofdreiwungsgronn, als déi nei allgemeng Indikatioun souzeson, ass de Schrëtt vun der Objektivitéit an der gesellschaftlech akzeptéierter Ausnameregel an d’Beliibegkeet gemaach ginn.
Fir Fraen déi an enger Gewëssensnout sinn, gëtt d’Situatioun net doduerch méi einfach gemaach dat et op eemol un all objektivem Critère feelt an dat keen Dokter duerch säin gesetzlech fondéierten Avis der Fra méi kann en Deel vun der Verantwortung ofhuelen.
Virun allem ass et och fir d’Gesellschaft net richteg eng subjektiv empfonnnten « détresse » einfach als Ofdreiwungsgronn ze acceptéieren. Vill méi wär et un der Gesellschaft an un eisem solidaresche Sozialstat enger « détresse » entgéint ze wierken, an d’Kand ze retten doduerch dat si der Mamm oder de jonken Elteren an hirer « détresse » hëlleft. Dat gëtt awer hei net probéiert, well haaptsächlech no enger Excuse fir eng méi einfach Ofdreiwung gesicht gouf, a net no enger Méiglechkeet fir d’Zuel vun den Ofdreiwungen erofzesetzen. Fir d’Gesellschaft heescht dat awer dat si hir Solidaritéitsflicht bei Ofdreiwungen wéinst enger reeller « détresse » verletzt.
Och ass net all ongewollte Schwangerschaft eng « situation de détresse ». Et gëtt, wéi richteg an e puer Avisen gesot gouf, keng juristesch präzis Définitioun vun dem Begrëff. Dee Manktum géng zu juristeschen Onkloerheete féieren an ënner anerem dowéinst ass jo déi geplangten Indikatiounsléisung vun der « détresse sociale » net zréckbehale ginn. Mä elo ass déi Notioun an dem neie Gesetz generaliséiert ginn, och ouni Definitioun an ouni Appreciatioun vun engem Aussestehenden. Domat ass d’Notioun vun der « détresse » gläichzäiteg och banaliséiert ginn.
Iwwer de Rôle vum Mann wär och vill ze soen. An dëser Debatt gouf de Mann nees allze dacks als dee Schëllegen duergestallt, den dem seng Schold et eigentlech ass, den den sech aus dem Stëps mecht, den – an hei gouf de Begrëff mol zur Ofwiesslung eng Kéier gebraucht – seng Verantwortung net well iwwerhuelen oder och nach als den, den d’Fra ënner Drock setzt. Leider – an dat ass eng Tatsaach – gëtt et där Männer.
Mä iwwer dee Mann, dee vläicht mol näicht vun der Schwangerschaft wees, oder iwer den, den als Papp d’Kand vläicht wéilt halen an et ebe net wëll ofdreiwen, iwwer dee Mann gouf net vill geschwaat. Hien huet keng Rechter!
D’Mënscherechtskommissioun huet et souguer färdeg bruecht an hir Recommandatiounen ze schreiwen, dat en d’Männer soll fir eng verantwortlech Sexualitéit sensibiliséieren. Mä et geet jo net nëmmen drëm dat d’Männer hir Sexualitéit verantwortlech liewen, mä d’Frae genee sou! Et wär vläicht gutt, wann sech déi Mënscherechtskommissioun mat hire Viruerteeler géint d’Männer mol geng selwer a Fro stellen. Gläichberechtegung heescht och gläich Verantwortung.
Nach méi bedenklech ass de procedere vum Staatsrot. An der juristescher Chamberkommissioun gouf matgedeelt, dat de Staatsrot eng ad hoc Kommissioun zesummegestallt hätt fir den Avis vum Staatsrot iwwer d’Ofdreiwungsgesetz ze schreiwen, an zwar eng déi just nëmmen aus Frae besstaanen huet. Elo ginn also schonn d’Männer institutionnell ausgegrenzt, wann et ëm d’Diskussioun vun enger zentraler ethescher Fro vun der Gesellschaft geet. Dat ass inakzeptabel an och de Staatsrot misst eis mol vläicht erklären, wat do genee geschitt ass.
Suergen mecht eis och d’Ofschwächung vun der « autorité parentale ». Dat een hei eng ganz einfach Méiglechkeet opmecht fir laanscht d’Elteren ze decidéieren, wierft och eng ganz Rei vu Froen op. Dacks wären d’Elteren eng wichteg Stäip fir hir Meedchen an hir zukünfteg Enkelkand. Am Vergläich mat aneren, wäit manner dramateschen Liewenssituatiounen, ass hei d’Autoritéit vun den Elteren op eng iwwerdriwwe Manéier ageschränkt ginn.
A schliesslech ass eng Schwangerschaft keng Krankheet ! Et muss een oppassen wann een, wéi de Staatsrot, Referenzen mecht op eng « continuation des soins aux malades », oder d’Ofdreiwung einfach als eng Gesondheetsfro, als eng Fro vun enger « santé sexuelle et reproductive », oder enger « prestation de santé publique » duerstellt. Och mat sou enger Terminologie well een vertuschen, dat hei e Kand stierft.
Här Präsident,
Och wann d’ADR net ka mat enger Liberaliséierung vun der Ofdreiwung d’accord sinn, sou sinn awer verschidden Elementer an der Diskussioun vun denen leschte Wochen ze begréissen.
Dat éicht ass, dat jiddereen Wäert op eng gutt Sexual-Opklärung an de Schoule leet. Déi juristesch Kommissioun wollt dozou eng Debatt organiséieren, déi gehéiert awer selbstverständlech an d’Commissioun vun der Education nationale. Jiddefalls musse mir secher stellen, dat jiddereen u sou engem Unterrecht deelhëllt, och onofhängeg vun all Relioun.
Dat zweet ass, dat mir all Wäert op d’Präventioun vu net gewollte Schwangerschafte leeën. Politesch si mir eis eens, dat et an dem Sënn richteg ass fir de Jugendlechen gratis Verhütungsmëttel zur Verfügung ze stellen. Dat soll awer gläichermoossen fir d’Meedercher a fir d’Jonge gëllen. Bei aller Grosszügegkeet wat d’Contraceptioun ugeet, sollte mir awer och Wäert drop leeën fir dene jonke Leit ëmmer nees däitlech an Erënnerung ze ruffen, dat eng geliefte Sexualitéit eben och eng Dimensioun vu Verantwortung huet.
Och déi vill diskutéiert obligatoresch psycho-sozial Berodung ass am Prinzip eng ganz positiv Saach. Ville Fraen oder Koppelen kënnen a sou Berodungen Weeër opgewise ginn, fir hir Kand ze behalen. Si ass och keng Limitatioun fir déi perséinlech Fräiheet, well si erlaabt et jo eréicht eng wierklech fräi Decisioun op Basis vun enger besserer Informatioun ze huelen. Domadder gëtt d’Fräiheet vun där betraffener Mamm oder Koppel also gestäerkt.
Dem Stat steet et selbstverständlech och zou, fir sou eng Consultatioun virzeschreiwen. Dat ass e minimalen Agrëff an d’Privatsphär, den awer duerch déi staatlech an och déi moralesch Flicht dat ongebuere Liewen ze schützen méi wéi justifiéiert ass.
Positiv ass och, dat nach eemol ënnerstrach gëtt, dat keen Dokter oder « auxiliaire médical » därf kënne gezwonge ginn, fir un enger Ofdreiwung deelzehuelen oder Schrëtt an déi Richtung ze ënnerstëtzen. Erënnert sief och hei un den Hippokrateschen Eed, dee leider net méi sou vill Relevanz an eiser Géigewaart huet. D’Gewëssensfräiheet vun all Dokter, Apdikter, oder all anerem medizinesche Personal muss allzäit an a vollem Emfank respektéiert ginn!
Här Präsident,
Mat engem gewësse Recul musse mir awer och feststellen, dat d’Argumentatioun fir déi gesetzlech Aennerungen am Gesetz u sech relativ schwaach ass. Et gëtt geschwaat vun enger Upassung un déi gesellschaftlech Entwécklungen hei am Land – en Argument dat de normative Rôle vum Stat awer onnéideg relativéiert – a vun enger Upassung un d’Legislatioun an de Nopeschlänner an domadder verbonnen och eng Hoffnung datt et zu engem Enn vun den Ofdreiwungsreesen an d’Ausland kënnt. Domadder ass awer net ze rechnen, well vill vun den Ofdreiwungen am Ausland gemaach ginn, well déi gesetzlech Fristen hei am Land schonn iwwerschratt sinn, oder well vill Fraen aus Diskretiounsgrënn léiwer an d’Ausland ginn. Dorunner wärt sech och an Zukunft näicht änneren.
Här Präsident,
Trotz der obligatorescher zweeter Konsultatioun ass dat neit Gesetz praktesch eng Fristeléisung. Déi Tatsaach, dat eng Fra déi well ofdreiwen sech och nach selwer muss schrëftlech confirméieren dat si an där zweeter obligatorescher Consultatioun war – där hir Modalitéiten och nach net präziséiert sinn – ass eng inhärent Schwächt vun dësem Gesetz.
Och déi Theorie dat eng Ofdreiwung soll eng Ausnam sinn a kee Mëttel zur Fammilljeplangung gëtt duerch d’Praxis dementéiert. Bei wahrscheinlech bis zu 2.000 Ofdreiwungen am Joer kann ee net méi vun Ausname schwätzen. Et handelt sech ëmmerhin em ronn en Drëttel vun der Zuel vun de Gebuerten!
Mir därfen awer als Stat d’Ofdreiwung net einfach sou als eng Fatalitéit akzeptéieren. De Staatsrot huet sech a sengem Avis op e franséichen Text beruff, den d’Ofdreiwung als eng « composante « structurelle » de la vie sexuelle et reproductive » bezeechent. Dat därf et awer net sinn! Mir mussen als Stat vill méi determinéiert fir de Schutz vum Liewen antrieden. Mir mussen eng Diskussioun féieren, wéi mir Mammen a Koppelen kënnen encouragéieren fir hir Kand ze behalen, mir mussen iwwer d’Adoptioun diskutéieren, den accouchement anonyme a Babyklappen. All Piste déi sech offréiert fir Kanner ze retten, musse mir hei exploréieren an diskutéieren. Nëmme sou kréien déi Bekenntnisser fir d’Liewen an zum Avortement als Ausnam déi mir och haut hei héieren hunn eng gewësse Credibilitéit – wann de Stat eng erkennbar Politik fir d’Rettung vun de Kanner entwéckelt an ëmsetzt. Mir soen als ADR och decidéiert « jo » zu dene materiellen Hëllefen déi néideg sinn fir jonk Mammen a jonk Koppelen zë ënnerstëtzen!
Här Präsident,
Et gëtt kee Recht op Ofdreiwung mä et gëtt e Recht op Liewen. Mir ginn haut och kengem e Recht op Ofdreiwung – wat eis och net geng zoustoen – mä d’Chamber decidéiert haut eng nei rechtlech Regelung vun der Ofdreiwung. Dëss grondsätzlech Feststellung muss Bestand hunn. D’Doutmaachen vun engem anere Mënsch muss verbueden a strofbar bleiwen, a nëmmen a streng reglementéierten Ausnamefäll ass en Ugrëff géint dat mënschlech Liewen virstellbar.
Mir mussen och oppassen, dat mir net ëmmer méi an eng Logik vun Eugenik rakommen. Als däitlech Warnung well ech hei dee skandalösen Artikel vum 23. Februar 2012 vum Alberto Giubilini an dem Francesca Minerva zitéieren : « After-birth abortion : why should the baby live » an dem proposéiert gëtt, dat och e scho gebuere Kand soll kënnen ëmbruecht ginn.
En anere Schrëtt an de moraleschen Zerfall ass de Versuch am Oktober 2010 vum Christine McCafferty fir an der Assemblée parlementaire vum Europarot eng Resolutioun unhuelen ze loossen, déi d’Gewëssensfräiheet (objection de conscience) vun den Dokteren ageschränkt hätt.
An eng ähnlech Richtung goung och déi Argumentatioun hei am Land, dat jiddereen den sech wéilt enger Ofdreiwung widdersetzen sech engem sougenantenen « délit d’entrave » geng schëlleg maachen. Schëlleg wär dann den, den dat ongebuere Kand wéilt schützen.
Här Präsident,
Fir meng Partei gëllt : de Schutz vum Liewen muss verdeedegt ginn, fir déi gesond Leit an déi manner gesond, fir jiddereen, vun där éichter Sekonn vum Liewen bis déi allerlescht !
Den Här Pierre Werner wor mat der CSV an d’Oppositioun gaangen, ënner anerem och wéinst der Ofdreiwung. Haut ass d’CSV eng Partei ginn, déi d’Euthanasie mat erméiglecht huet, haut eng bal-Fristeléisung bei der Ofdreiwung aféiert an amgaang ass d’Homosexuellebestietnis mat der Méiglechkeet vun der Adoptioun vu Kanner viirzebereeden. Alles dat, huet mat chrëschtleche Viirstellungen näicht méi ze dinn.
Et wär gutt, wann d’CSV endlech geng – mol zur Ofwiesslung – de Wee vun der Eierlechkeet goen, mä dee fënnt si genee sou mann wéi déi berühmte sëchere Wee. Jiddefalls huet den « C » an hirem Numm näicht méi verluer.
D’ADR, Här Präsident, huet an hirem Programm en däitlecht Bekenntnis zum Liewen an zu der Famill. Déi Ried, déi mir haut hei gehalen hunn, wor eng vu ganz wéinege Stëmmen am Land, déi nach fir déi Wärter astinn. Dat ech déi Ried haut hei konnt halen, wor fir mech als Mënsch ganz wichteg. Ech sinn houfreg op meng Partei, dat si dëss moralesch Positiounen vertrëtt, an ech sinn hir dankbar dat si de Wee vun der Mënschlechkeet net verléisst.“