Nodeems den Här Minister Schneider viru kuerzem « d’Walrecht fir jiddereen » gefuerdert huet, ass et un der Zäit fir mol d’Argumenter an dem do Dossier ze préiwen. De Minister sot : « Tous ceux qui vivent, travaillent et contribuent à travers leurs impôts doivent avoir le droit de décider sur la politique d’un pays. » Dat misst bis 2019 kënnen ëmgesat ginn. Den Här Minister fënnt et net normal, dat e groussen Deel vun denen Leit déi bei eis am Land schaffen, kee Stëmmrecht bei de Chamberwalen hunn.
Den Här Minister Schneider hat och an sengem Interview op www.wort.lu gesot, dat vill auslännech Cheffen vun Entreprisen hien gengen an där Démarche ënnerstëtzen, well domadder d’Gewiicht vun der Fonction Publique kéint verwässert ginn. Hien denkt, dat d’Politiker hei am Land sech géingen zëvill em d’Interessien vun der Lëtzebuerger Bevölkerung këmmeren. D’Extensioun vum Walrecht op d’Auslänner wär der Realitéit méi ugepasst a gutt fir eist Land.
Fir den Här Minister ass d’Walrecht « keng Fro vun der Nationalitéit » A sengem Interview schwätzt hien och net vun enger Sproocheklausel. Hien denkt awer un eng Residenzklausel vun « zwee oder dräi Joer ».
Ech hoffen, dat ech domadder den Interview eengermoossen korrekt resüméiert hunn. Jiddereen den interesséiert ass, kann ën jo um Internet nosichen (www.wort.lu, 16. Januar 2013)
Niewent dem Här Minister Schneider denken och d’Chambre de Commerce, d’Chambre des Métiers an d’ASTI an déi Richtung. Zësummen organiséieren si zum Beispill emg Konferenz lo am Januar iwwert den Thema : « Quel droit de vote pour les étrangers au Luxembourg ? » An hirer Invitatioun schwätzen si vun engem « demokrateschen Defizit » an ernimmen och nes d’Wichtegkeet vun den Auslänner an eiser Economie.
Dat e puer lénk politesch Parteien wéi déi Gréng, déi Lénk, d’DP oder d’Sozialisten och Sympathien fir sou Gedanken hunn, läit op der Hand. Ob den Här Minister Schneider just a sengem perséinleche Numm geschwaat huet oder net, ass mir awer fir den Abléck net ganz kloer. Wéi wäit seng Partei oder vläicht souguer d’Regierung déi Iddien deelen, muss een an dene nächste Wochen a Méint gesinn.
Ech wéilt meng Positioun zu dem Thema probéieren op dëss Manéier ze resuméieren :
- 1. Ech sinn der Meenung, dat d’Walrecht fir déi national Parlamentswalen muss fir d’Staatsbierger vun engem Land reservéiert sinn. Nëmmen d’Lëtzebuerger sollen also dat aktivt an dat passivt Walrecht bei de Chamberwalen hunn.
An der Chamber ginn wichteg Decisiounen geholl, déi d’Souveränitéit vun eisem Land an d’Zukunft vun de Lëtzebuerger betreffen. Ech denke net, dat Persounen déi keen aneren oder keen méi en enken Bezuch zu eisem Land, senger Geschicht a senger Kultur hunn, wéi den dat se hei schaffen, legitiméiert sinn fir iwwert eist Land matzebestëmmen. Et gëtt och Leit déi zwar hei wunnen, mä sech iwwerhaapt net wëllen mat de Lëtzebuerger oder mat Lëtzebuerg ofginn an och just an hirer eegener Communautéit evoluéieren.
Zwar ass et vollkommen richteg, dat vill Auslänner hei schaffen an och en enormen Bäitrag zu eiser Economie an eisem Wuelstand leeschten. Dat verdéngt Unerkennung – awer dofir nach net d’Zouerkennung vum Walrecht! Déi Leit schaffen hei wëll se méi héig Salären oder méi héig Profitméiglechkeeten wéi an hirem eegenen oder an anere Länner hunn. Si sinn an denen allermeeschte Fäll awer nët hei, well si sech géngen besonnesch fir eist Land interesséieren.
D’Deelhuelen un de Walen an d’Ofgin vu senge Stëmmen sinn den konkreten Ausdrock vun enger politescher Verantwortung déi vill méi Facetten huet wéi nëmmen economesch oder sozial Consideratiounen. Wann lo eng grouss Zuel vu Leit un de Walen deelhëllt, denen hiert Wëssen iwwer eist Land an hiren Interessi un him zimlech eesäiteg economescher oder sozialer Natur sinn, da ginn den Ausgang vun de Walen an déi politesch Themen am Walkampf iwwerproportional vill duerch sou Froën bestëmmt. Dat kann zu enger Veraarmung vum politesche Liewen an der politescher Debatt féieren an eben net zu där Beräicherung déi sech Verschiddener vum Auslännerwalrecht erhoffen.
2. Den Demokratiedefizit ass net do, wou d’Affekoten vum Auslännerwalrecht ë gesinn.
Et ass jo och lo schonn sou, dat d’Auslänner hei am Land um sozialen a politeschen Liewen kënnen deelhuelen. Si kënnen gläichberechtegt mat de Lëtzebuerger un alle Sozialwalen deelhuelen, d’EU-Bierger kënnen bei den Europawalen matwielen a gewielt ginn an all Auslänner – och déi aus Drëttstaten – kënnen bei de Gemengewalen wielen a gewielt ginn. Neiderdéngs kënnen d’Auslänner och souguer Schäffen oder Buergermeeschter ginn – eppes wat et soss wahrscheinelch a kengem oder jiddefalls net a villen Länner op der Welt gëtt. Perséinlech sinn ech do reservéiert. Ech hätt léiwer, datt aou wichteg Funktiounen wéi déi vum Buergermeeschter oder vum Schäffen just nëmmen de Lëtzebuerger virbehalen wären. Emmerhin erfëllen si och zum Beispill Funktiounen wéi déi vum „officier de l’Etat civil“.
Et muss awer och festgehale ginn, dat den Interessi vun den Auslänner un de Kommunalwalen net enorm héig wor. Grad 18% vun hinnen hunn sech op Wahllëschten ageschriwwen. An dat obschonns enorm Ustrengungen a Publicitéitscampagnen gemaach goufen fir all déi Leit dozou ze motivéieren fir sech anzeschreiwen. Gemengen woren Samsdes moiens op, e Bus ass duerch d’Land gefuer fir Reklamm ze maachen, Radio an Televisioun goufen zu dem Zweck mobiliséiert, d’Parteien an d’Auslännerorganisatiounen hunn hiert bäigedroen – mä den Interessi war trotzdem kleng. Dat kann awer keen Argument sinn, fir denen d’Leit Walrecht ze ginn, nom Motto „mir kënnen dat jo roueg maachen, et ginn der souwisou net vill vun denen mat wielen“. Nä, vill méi muss een sech d’Fro stellen, ob d’Auslänner net mat där Fro vum Walrecht politesch instrumentaliséiert ginn, fir zum Beispill Drock op d’Fonction Publique auszeüben.
Schliisslech muss och däitlech ënnerstrach ginn, dat all Auslänner, den hei am Land lieft, kann déi lëtzebuerger Nationalitéit an domadder d’Walrecht bei de Chamberwalen kréien wann en siwen Joer hei gewunnt huet an e ganz einfachen Sproochentest am Lëtzebuergeschen packt (déi Sproochentester hei am Land sinn bedeitend méi liicht wéi déi an eise Nopeschlänner !). Duerch d’Méiglechkeet vun der duebeler Nationalitéit brauch ën dobäi och mol net op seng Uersprungsnationalitéit ze verzichten. Iwwer de Wee vun engem klengen Integratiounseffort huet also och lo schonn jiddereen d’Méiglechkeet fir un de Chamberwalen deelzehuelen. De Wee zum Walrecht iwwer d’Acquisitioun vun der lëtzebuerger Nationalitéit ass och a mengen An dee richtegen. Politesch Rechter soll een eréicht zum Ofschloss an als Kréinung vun engem gelongenen Integratiounsprozess kréien.
Prinzipiell stellt sech d’Fro, firwat mir enger auslännecher Persoun hei am Land solle wichteg, politesch Rechter ginn, déi mol net déi duebel Nationalitéit wëll, also seng eegen mol net misst opginn fir eis ze kréien? Firwat soll sou eng Persoun därfe matbestëmmen, den sou eng offensichtlech distant Astellung géintiwwer hirem Residenzland huet?
Vun engem Demokratiedefizit fir d’Auslänner hei am Land kann also menger Meenung no iwwerhaapt keng Rieds sinn. Lëtzebuerg offréiert lo schonn denen Auslänner déi hei wunnen méi Méiglechkeeten fir eng politesch Participatioun an eiser Gesellschaft wéi déi allermeeschten aner Länner op dëser Welt!
Et ass awer gläichzäiteg och vollkommen richteg dat et vill Demokratiedefiziter an eisem Land gëtt. Mä déi betreffen un éichter d’Plaz d’Lëtzebuerger an heiansdo och d’Auslänner mat. Zu denen zielen: eng ongerecht Zësummesetzung vum Staatsrot, eng restriktiv Astellung zu Referenden, eng Ennerhielegung vun de Pouvoiren vun der Chamber duerch d’Europäesch Unioun, net genuch Rechter fir d’Oppositioun an der Chamber a keen direkten Zougang vun de Bierger zu der Cour Constitutionnelle. Doniewent gëtt et nach vill aner Geforen fir eise Rechtsstaat : Aschränkungen vun der Fräiheet vun der Press, d’Schwächen vun de Rechter vun der Verdeedegung virum Geriicht an sou virun… Dat si reeëll a grouss Problemer déi de gudde Fonctionnement vun eiser Demokratie an eisem Rechtsstaat behënneren, an do sollte mir och prioritär Reformen virhuelen!
Den Här Minister Schneider erënnert och drunn, dat d’Auslänner hei Steieren bezuelen. Dat ass richteg, mä am Géigenzuch kréien si och onheemlech vill finanziell an aner Leeschtungen duerch de Lëtzebuerger Stat an d’Gemengen.
Et sief schliesslech och drunn erënnert, dat d’Conditiounen fir kënnen un de Chamberwalen deelzehuelen an eiser Constitutioun stinn. All eventuell Aennerung muss also vun der Chamber mat enger 2/3 Majoritéit gestëmmt ginn. Perséinlech sinn ech der Meenung, dat spu eng wichteg Fro nëmme kann duerch e Referendum decidéiert ginn.
3. E puer international Aspekter
Op kee Fall kënnen oder därfe mir denen Auslänner déi hei wunnen an déi d’Walrecht an eisem Land kriiten virschreiwen, dat si dofir missten op hir staatsbiergerlech Rechter, déi hinnen duerch eng aner Nationalitéit zoustinn, verzichten. Mir kriiten also zwou Kategorien Bierger hei am Land – d’Lëtzebuerger déi nëmmen hei wiele kënnen, an d’Auslänner déi hei an gläichzäiteg och an hirem Ursprongsland fir hiert national Parlament wiele kéinten. Dat gëllt zwar am Prinzip och fir déi Lëtzebuerger mat enger duebeler Nationalitéit, mä déi consideréieren ech als vollwärteg Lëtzebuerger, déi hir Integratiounswëllegkeet jo bewisen hunn.
Ech gesinn am Ongläichgewiicht vun de Rechter eng Ongerechtegkeet, emsou méi well déi aner Länner jo keng Reciprocitéit spille loosssen. Lëtzebuerger déi an anere Länner wunnen, hätten dann manner Rechter wéi déi, déi si selwer gengen den Auslänner bei eis zougestoen. Zum Deel ass dat jo och lo schonn bei de Kommunalwalen de Fall, wou dat vergläichsweis awer net sou schlëmm ass.
Déi Tatsaach dat déi Leit kéinten gläichzäiteg an e puer Länner iwwer Souveränitéitsfroen a Froen mat internationalen Implicatiounen ofstëmmen, kann och eng Rei vun Interessekonflikter mat sech bréngen, inklusiv am economeschen, sozialen oder fiskalem Beräich. Et ass net automatesch unzehuelen, dat an enger Situatioun wou dat de Fall wier, d’Auslänner sech géngen fir déi lëtzebuergesch Interesselag entscheeden, éichter wéi fir d’Interessen vun hirem eegenen Heemechtsland. Theoretesch wär souguer denkbar, dat bestëmmte Länner wéilten hir national Interessen iwwer de Wee vun hire Wieler hei am Land favoriséieren, och a grad wann denen hir Interessen denen lëtzebuergeschen oppe widderspriechen.
Och därf een net vergiessen, dat mir hei am Land eng Walpflicht hunn. Auslänner déi hei wéilte wielen, missten also hei enger Flicht nokommen. Je nodem gëtt an hiren Ursprongslänner vläicht weder d’Participatioun un enger auslännescher Parlamentswahl, nach den obligatoresche Charakter dovun akzeptéiert.
Schliisslech musse mir och nach feststellen dat keen aanert Land op dëser Welt – oder jiddefalls net sou wäit ech wees – den Auslänner d’Walrecht bei de Parlamentswalen ginn hätt. A wann dann awer vläicht iergendwellech afrikanesch, südamerikanesch oder asiatesch Länner dat gemaach hätten, da misst een nach déi spezifesch Situatioun vun dem Land, de Prozentsaz vun den Auslänner an dem Land, d’Uersaachen an d’Modalitéiten genee hannerfroen.
4. D’Conditiounen an d’Modalitéiten vum Walrecht
De Viirschlag vum Här Minister Schneider zum Walrecht fir d’Auslänner féiert déi aktuell Debatt ëm d’Reform vum Nationalitéitegesetz ad absurdum. Wéi en Interessi hätten d’Auslänner da nach fir Lëtzebuerger ze ginn, wann si déi politesch Rechter praktesch geschenkt kréien? Et gëtt der da secher net méi ganz vill, déi nach déi ganz Prozeduren wéilten op sech huelen, fir eis Nationalitéit ze kréien.
Fir d’Nationalitéit ze kréien muss een aktuell siwen Joe ram Land wunnen, fir bei de Gemengewalen mat wielen ze goen sinn et der nëmme fënnef an den Här Minister Schneider denkt un nëmmen zwee bis dräi Joer fir bei de Chamberwalen därfe mat wielen ze goen. Wou ass do d’Logik ?
Net ganz kloer ass och fir mech, ob den Här Minister nëmmen un dat aktivt Walrecht denkt oder och un dat passivt. Mä sou wichteg ass den Ennerscheed an der Praxis net. Well och duerch dat aktiv Walrecht gëtt dene neien Wieler hiren Pouvoir an der Politik sou grouss, datt dat passivt Walrecht fir si iergendwéini nokënnt.
D’Erfarung léiert, dat all Konditiounen a Restriktiounen permanent an ëmmer méi ofgeschwächt ginn. Ob et ëm en « délai de résidence » geet oder ëm d’Modalitéiten vum Walrecht : ëmmer gëtt méi gefuerdert an dauernd gëtt d’Politik no. Emmer nees ginn d’Critèren opgeweecht. Et ass eng duerchssiichteg Salamitaktik, déi hei gemaach gëtt. De Wieler kriitt déi batter Pëll Stéckchen fir Stéckchen zervéiert, well déi grouss Parteien genee wëssen, dat si hei eigentlech eng Politik bedreiwen, déi géint de Wëllen vun där grousser Majoritéit vum Lëtzebuerger Vollék geet.
5. Wat wären d’Konsequenzen op eist politesch Liewen ?
Fir t’éicht muss hei drunn erënnert ginn, dat Lëtzebuerg en enorm héigen Auslännerundeel huet – aktuell ëm déi 43%. Dat ass eng absolut exceptionnell Situatioun, déi eis opzwéngt ganz genee ze iwwerleeën wat mir maachen.
D’Chambre de Commerce wëll jo eigentlech – jiddefalls zum Deel – duerch d’Aféieren vum Auslännerwalrecht gewësse Resistenzen – sou wéi si se aschätzt – hei am Land opbriechen. Besonnesch d’Fonction publique ass hir en Där am A. Wéi seet si sou schéin ? « La mentalité propice à l’inertie et à la défense myope d’acquis de tous genres doit être brisée ». Ass dat do da net e ganz geféierleche Wee fir op Souveränitéitsrechter ze verzichten just fir ze probéieren enger bestëmmter Beruffsgrupp an hirer gréisster Gewerkschaft hei am Land Meeschter ze ginn? Ass do d’Medikament net vill méi schlëmm, wéi déi supposéiert Krankheet (déi a mengen An awer keng ass!).
Ech kann awer virun sou enger kuerzsiichteger Taktik nëmme warnen. Et ass d’Këscht vun der Pandora : d’Chambre de Commerce wëll ee « Partikularismus », eng Lobby, een Interessegrupp schwächen a wees net wéi eng aner Lobbyen, Partikularismen, an Interessegruppen eist Land sech doduerch eventuell fänke geet. Och den Här Minister Schneider schéngt sech dem Risiko net bewosst ze sinn, well och hien sympathiséiert mat denen déi d’Fonction Publique wëlle schluechten.
Wat un neie Parteien a Revendicatiounen kann op eis duer kommen, wëll ech hei mol net ausféieren. Mä op ville gesellschaftleche Pläng (sproochlech, schoulech, sozial, etc…) kéinte mir ganz séier mat radikale Fuerderungen konfrontéiert ginn, déi eist Land géngen virun enorm Zerräissprouwe stellen.
Wéi eng Implicatiounen hätt d’Auslännerwalrecht op eist politesch Liewen, op d’Debatten an der Chamber, op d’Themen, op d’Parteien an op d’Medien? Ganz vill Auslänner schwätzen a verstinn iwwerhaapt keen Lëtzebuergesch. Musse mir eis lo all ëmstellen? A wa jo, wéi a wat fir eng Nodeeler hätt dat dann eventuell fir d’Lëtzebuerger? Wéi eng Sproochen gengen an d’Zukunft wou geschwat ginn ? Gëtt et vläicht iergendwéini och nach nei a komplizéiert Quotefuerderungen ? Déi Froen därf een jo mol sëcher nach stellen!
A wéi wär et an Zukunft ëm de Solidaritéitsgedanken an eiser Gesellschaft bestallt ? Bis elo sinn d’Lëtzebuerger och schwiiregen Situatiounen Meeschter ginn, well et nach eng national Solidaritéit gouf. Gëtt déi lo vläicht a Fro gestallt ? Wéi sollen zum Beispill d’Steieren a knapp Ressourcen a Krisenzäiten verdeelt ginn, an enger Situatioun wou Leit déi vläicht net ëmmer automatesch solidaresch mat de Lëtzebuerger a mat den Interessen vun eiser Gesellschaft sinn, da matbestëmmen? Wéi kënne mir nach eng gewëssen Cohesioun an eiser Gesellschaft erhalen ?
All déi do Consideratiounen a Suergen hu mech dozou bruecht, fir d’Iddi vum Auslännerwalrecht bei de Chamberwalen ze refüséieren. Vläicht gëtt et nach Argumenter an déi eng oder an déi aner Richtung un déi ech nach net geduecht oder déi ech nach net beduecht hunn. Da lauschteren ech natierlech no.
Selbstverständlech sinn ech als Member vun der Chamber ëm d’Wuel vun der gesamter Populatioun besuergt a beméit. Och den Auslänner hir legitim Interessen hei am Land wëll ech also op eng gerecht Manéier mat berücksichtegen an vertrieden.
Mä als Politiker fillen ech mech un éichter Plaz dem Lëtzebuerger Vollék an eiser Heemecht verflicht, ob dat dem Här Minister Schneider lo passt oder net. Wat hinne ka schueden, droen ech net mat!
Un d’Lëtzebuerger an un d’Auslänner riichten ech den Appel eng richteg a voluntaristesch Integratiounspolitik ze reüsséieren, op Basis vun der lëtzebuerger Sprooch an dene Wärter déi eis Gesellschaft huet. Wen sech integréiert an d’Lëtzebuerger d’Nationalitéit kritt, den soll och selbstverständlech kënne mat wielen goen.
Mär hunn zu Lëtzebuerg enorm Demokratiedefiziter, awer do „schweigt des Sängers Höflichkeit“. Dee gréissten Defizit ass deen, datt déi staatstragend d’Parteien sech wéi Oueschtereeër gläichen. Et gi gring, roud, blo a schwuarz Eeër, awer wann d’Schuel ewech ass, da bleiwt e wäissen Dueder mam Eegiel. An dat d’Ganzt schmacht d’selwecht. Déi staatstragend Parteien sinn ideologesch eidel, si reiden um Zäitgeescht, hiren Dada ass d’Pensée unique, a wann een déi a Fro stellt, da schécken se de Genduarm, dee „Politesch Korrektheet“; heescht. De Genduarm a seng Zeloten vun der bien-pensance, de Claude Imbert (Editorialist bei „Le Point“) nennt se „les agents de la circulation de la bien-pensance“, hunn e Saak mat Totschlagargumenter, z.B., Populist, Rassist, brong Zopp, Neonazi, Neofaschist, (awer nie Stalinist, Kommunist),Xenophob, asw. an et geet him a senge Commanditairen nëmmen drëms, aner Meenungen ze verdäiwelen, ze ennerdrécken. D’Dialektik, wéi se Plato an Hegel gesouchen, also d’Konfrontatioun vun den Iddien, de Pro a Contra mat Synthese, sinn haut eng Doudsënn, well se d’Leit denken, hannerfroen, iwwerleeën, analyséieren, abstraéieren a ktitiséieren deet. D’fräit Denken a Schwätzen sinn onerwënscht, well se d’politesch Kast, hir Lobbyen, hir Sponsoren a Verleeënheet bréngen, an dat därf et bei den onfeelbaren Visonären net ginn, well soss gi se entlarvt .
Eis staatstrageng Press, subsidiéiert mat Milliounen Euroen, euphemistesch aide à la presse genannt, ass selbstverständlech kee Véierte Pouvoir, mä si ass en Amalgame vum Executif mat senger Majoritéiet a bal der ganzer "Oppositioun"sic. Bei der Press heescht et " Wessen Brot ich ess, dessen Lied ich sing", an et gëtt keng Vielfalt. D'Pensée unique, hire Genduarm an den äthereschen Zeitgeist sin d'anima vun de Medien, mä et gëtt deen een oder anere Schreiwer, deen eng gutt Aarbecht mecht. Véierte Pouvoir, il faut que j'en risse.
A propos Sprooch: De Jules Michelet, historien par excellence, seet: „La langue est le signe principal d’une nationalité et devient l’âme même de la nation“.
Wann d’Sprooch beim octroi vu politesche Rechter an der Nationalitéit keng imperativ Konditioun ass, dann ass d’Natioun, de souveräne Staat, séier gefëmmt. Eng Natioun ouni Séil végétéiert, fonctionnéiert, mä liewt net. T’ass e mort vivant.
A wann dat esou geschitt, da gëtt eist Land nach méi atomiséiert, wéi et elo schons ass. A nom vorbehaltslosen Walrecht kommen nei Parteien, ethnesch, nationalistesch zentréiert, déi net fir d’Land, mä fir eng bestëmmte Grupp agéieren, a da kommen Defiziter, Diskriminatiounen a wee weess wat nach.
Et gouf gesot: En Auslänner, als Persoun oder Gesellschaft, kënnt net bei eis wéinst senger prononcéierter Philantrophie, sengem Missionarismus, e kënnt well bei eis d’Bedingungen am beschte sinn( cf Arcelor-Mittal). Dat ass d’Motiv a soss näischt, an d’Motiv ass legitim. Dem Auslänner läit näischt drunn, eise politesche System ze verbesseren an eis d’Demokratie ze enseignéieren; wär dat seng raison d’être, da misst en dacks bei sech doheem ofänken an da kéim en iwwwerhaapt net op Lëtzebuerg.
A propos Steieren: Wann de Minister Schneider seet, datt d’Auslänner Steiere bezuelen, da muss en och soen, datt etlech Auslänner, besonnesch Firmen, keng oder net vill Steiere bezuelen, au contraire esouguer vill Steiersue kasséieren.
Ech concluéieren mam immerwährende Constat vum Jules Michelet, deen d’Natioun esou définéiert: E Staatsgebidd, e Staatsvollék, eng Sprooch.
A propos Begrëff Demokratiedefizit, deen an Kader vum Débat iwwert d‘ allgemengt Walrecht gebetsmühlenarteg soulevéiert gett.
Mär hunn am Land enorm vill Chômeuren, déi de bonne foi sinn an egal wou a wat schaffe géifen. Hinnen läit näischt drun, assistéiert ze ginn, léiwer hätte se eng Aarbecht an eng Pai.
T’ass duerfir an Affront, datt den Aarbechtsminister déi illegal Salariért, also d’Auslänner, déi ouni Aufenthaltsgenehmejong schwuarz schaffen, régulariséiert, an hire Patronën d’Impunitéiert octroyéiert, getrei dem Motto, “ la délinquance paie“.
An anere Wieder: en Delinquent décrochéiert eng Plaz a ka se behalen, de Chômeur „bleibt draußen vor der Tür“, de Patron, deen d’fräi Plazen net dem Arbeitamt gemellt huet an ergo den einheimesche Chômeuren iwwerhapt keng Chance gouf, deen also enorm Sue verdingt a keng Steieren a Cotisatioune bezuelt huet, kritt als Unerkennung e Gielchen, e gëtt Chevalier de l’Ordre de St Nicolas.
Den Artikel 10bis vun der Verfassung disposéiert, datt d’Leit virum Gesetz gläich sinn, awer in spezie gëtt dësen Artikel duerch den Ukas , d’Willkür vum Minister, dee fidélité à la Constitution geschwuer huet, en „non-écrit“. Dat selwecht gëllt fir d’Législatiuoun iwwert den droit de séjour, de Code du Travail, d’Texter iwwert d’Sozialgesetzgebung, Steieren, de Code Pénal an de Code d’Instruction Criminelle.
Conclusio: D’einheimesch Chômeuren, toutes nationalités confondues, gi selbstherrlech vum Minister a senge Compèren a Commèren de jure an de facto diskriminéiert, sie kréien eng zolitt op de Baak.
Awer do héiert ee kee piepsegt Wuert vun de Gläichheetsapostelen, den institutionaliséierten , subventionéierte Gutmenschen, der Gläicheetskommissioun, der Commission des droits de l’homme, der Chambre de Commercel, dem Wirtschaftsminister asw,.
Den Artikel 29 vum Code d’Instruction Criminelle enjoignéiert den Fonctionnaire, en Delikt oder e Crime direkt dem Procureur d’Etat matzedeelen. Wann dem Här Schmit seng Beamten dat net maachen, Regularisatioun hin oder hir, da maache se sech stroffälleg. A wa se d’Infraktioun als solch entérinéieren, enveloppéieren, da gi se och nach Komplizen an / oder Coauteuren.
Huet de vereedegte Minister dat beduet? T’ass net wichteg, well hee klakt d’Pan souwisou net.
Hätte mer beis eis en direkten Accès bei d’Cour Constitutionnelle, d.h. kéint z.B. e Chômeur ouni Détour géint den Arbitraire vum Minister per Verfassungsklage sur base vum Artikel 10bis kloen, da géif d‘ Affär spannend ginn. Eis Granden woussten awer Enn der 90er Joeren, datt déi direkt Verfassungslo fir sie geféierlech ass, an dierfir hu se den aktuellen, ondemokrtatesche Prozedere agefouert.
Et gi manifest Defiziter, notamment d‘ feudalt Gehabe vu Leit déi mengen, mär hätten e Ständestaat, an deem hinnen alles erlabt ass.