Gladio a Stay behind (2)

 

 

Hei ass nach e Reportage vun der däitsch-franséicher Televisiounschaîne « arte » iwwer den Thema Gladio a Stay behind. En ass zum Del leider héig spekulativ an konzentréiert sech op d’Attentat beim Oktoberfest zu München. Well awer en däitschen Historiker am Prozess sech vill op dëss Attentat referéiert huet, ass dëss Erënnerung un demols awer net oninteressant.

Fir d’Attentater zu Lëtzebuerg ass an dësem  Film näicht direkt relevant. Mä e puer Observatiounen kann een awer maachen :

  1. Am Film gëtt behaapt, dat déi Attentater an Italien mat militäreschem NATO-Sprengstoff  gemaach goufen. Bei enger Implicatioun vun « Gladio » – geduecht als Deel vun enger alliéierter, militärescher Struktur  – geng dat Sënn ginn (och wann et alles aanecht wéi geschéckt wär). Zu Lëtzebuerg ass dogéint zivile Sprengstoff aus Steebrëch geklaut ginn.

 

2. Allgemeng kann een ob d’Confusioun am Wuertgebrauch vu « Gladio » opmierksam maachen. Dat Wuert gëtt indifferenzéiert benotzt, fir

 

  • De Stay behind allgemeng ze bezeechenen
  • Den italieneschen Stay behind ze benennen
  • Den militäreschen Del vum Stay behind ze bezeechnen, den Sabotageaktiounen sollt  ausféieren.

Et ass natierlech wichteg an där Hinsicht  sou präzis wéi méiglech ze sinn, fir  bewossten oder onbewossten Verwiesslungen ze verhënneren.

 

3. An Italien goufen d’Enquêten no den Attentater zum Del vun offizieller Säit behënnert. Zu Lëtzebuerg ass näicht Vergläichbares festzestellen. D’Verschwannen vun ville Beweisstécker kéint zwar sou interpretéiert ginn, mä kann awer einfach och mat Inkompetenz, Liichtsënn oder mat aneren onpoliteschen Uersaachen erklärt ginn. Och de SREL schéngt – nodem wat een haut wees –  d’Enquête net behënnert  ze hunn, mee en ass vläicht éichter net genuch an net systematesch genuch an d’Enquête mat implizéiert ginn. Dat do sinn allerdéngs Froen, déi am Prozess vläicht nach geklärt ginn. De SREL selwer huet jo am Joer 2006 der Regirung eng Theorie zum Bommeleeër  proposéiert (Bäitrag « Et wor net keen … mee wor et de Stay behind ? »).

 

4. Den Attentäter vu München soll e Member vun der « Wehrsportgruppe Hoffmann » gewiescht sinn, déi allerdéngs 1980 opgeléist gouf an sech dono an de Libanon zréckgezunn huet.

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Europa an d'Welt, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert