Bommeleeër a Stay behind: De mortuis nihil nisi bonum

Am Dossier Bommeleeër ass een jo munches gewinnt. Dat lo och nach dem Colonel Armand Bruck säin Undénken an den Dréck gezunn gëtt, revoltéiert an ekelt mech nach e Stéck méi. Eng Internetsäit freet haut: „Colonel Brück: Bommeleeër oder gudden Zaldot“?

Als Offizéier hunn ech de Colonel Bruck natierlech ganz gutt perséinlech kannt. Hien wor en devouéierten Offizéier, sengem Land an der Arméi trei verbonnen, engagéiert  an ech hunn hien nie aanecht gesinn an erlieft wéi als e Mann den fir Recht a Gesetz asteet. Hien wor e gudden Zaldot a keen Bommeleeër.

Op www.wort.lu fënnt een de Bréif vum Här Direkter Heck vum SREL  mat där anonymer Zeienausso vun engem Zaldot. Ech mengen dat déi genee Lecture vun dem Bréif keng belaaschtend Elementer géint de Colonel Bruck hirgëtt.

http://www.wort.lu/de/view/bommeleeer-live-weiter-mit-geiben-51752a44e4b0b3baac01e15e

Mäin Androck ass, dat eng Rei  Leit an denen Dossieren SREL a Bommeleeër, bewosst oder onbewosst, ëmmer méi séier de Buedem vun den Tatsaachen verloossen. Ech hale mech jo bewosst zréck, kommentéieren weder de Prozess Bommeleeër, nach d’Aarbecht vun der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht. Ech iergeren mech awer oppen iwer Medien, déi sou Sätz wéi den hei an d’Welt setzt:

Wéi een et och dréit oder kéiert: eent ass kloer: no der Ausso vun deem Zaldot sinn d’Bommenattentater definitiv am Militärkader ze gesinn, méi genee am Kader vun den Ösling-Manöveren, déi wuel och hei am Land méi muscléiert ausgedroen gi sinn.“

Wou ass de Beweis? Dat de Colonel Bruck soll an enger Géigend Reconaissancen gemaach hunn, an där spéider Bommenattentater waren?  Déi militäresch Logik  soll mol een mir erklären! An wat soll dat heeschen: d’Manöveren wären „méi muscléiert ausgedroen“ ginn? Soll domat ieren ënnerstallt ginn, d’Arméi selwer hätt hei am Land  Bommenattentater gemaach? Wourëm geet et eigentlech nach denen Leit déi sou ëppes schreiwen? Fir ouni iergend e Beweis d’Vertrauen vun de Bierger an den ganzen Stat ze ënnerminéieren, an d’Arméi, d’Police, de Geheimdéngscht, d’Justiz bis hin zur Monarchie ? Wiem ass eigentlech domat gedéngt?

Perséinlech sinn ech iwwerzeegt, dat d’Attentater weder vum Lëtzebuerger Stay behind nach vun der Lëtzebuerger Arméi ausgeféiert goufen. Wat ech selwer doriwwer denken, hunn ech op dësem Blog publizéiert.  Keen Zweifel: d’Bommeleeëraffär muss opgeklärt ginn an de Geheimdéngscht muss an Zukunft wahrscheinlech méi kloer Prozeduren kréien, mee dat alles geet dach bestëmmt och op eng eecht a verantwortungsvoll Manéier.

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert