Eise Multilinguismus a Gefor!

Déi proposéiert Modificatiounen am Sproochenunterrecht am Kader vun denen vun der Madame Delvaux  geplangten Lycéesreformen, féieren zu engem weideren Verfall vum Sproocheniveau an eise Schoulen. Lo schonn hunn déi Schüler déi hei am Land eng Première maachen keen Niveau C1 méi am Däitschen an am Franséichen.  Mat denen neien Reformen ginn déi desaströs Entwécklungen vun denen leschte Joeren an där sougenannter „Grondschoul“ nach viru geféiert.

De lëschten Donneschdeg koum d’Uni Lëtzebuerg an d’Chamberkommissioun fir d’Educatioun fir eng Etude iwwer de Multilinguismus zu Lëtzebuerg ze presentéieren. Déi Etüd heescht „Le multilinguisme pratiqué par l’école luxembourgeoise: mission impossible pour une proposition croissante de nos élèves?“.  D’Etüd selwer weist, dat déi lëtzebuergesch wéi och déi auslännesch Schüler enorm sproochlech Defiziter hunn, wat an engem schouleschem Emfeld vu joerelaangem Kompenséieren an „nivellement vers le bas“ keen kann iwwerraschen.  Och hunn ëmmer manner Kanner déi ageschoult ginn, nach Lëtzebuergesch als Mammesprooch.

D’Etüd huet methodologesch Defizienzen. Si adoptéiert zum Beispill eng Optik vun „trois langues officielles du Luxembourg“, en administrativen a juristeschen Konstrukt an eisem Land,  den awer sou net op eng pädagogesch Approche ze transposéieren ass. E Kand dat doheem Franséich schwätzt, huet zwar déi „offiziell“ Sprooch vum Land als Mammesprooch, ass awer trotzdem net de Normfall am Schoulsystem. Mee wichteg ass wat laangfristeg mat sou Etüden geschitt. Parteien wéi d’DP, déi de Schoulsystème wëllen an eng däitsch an an eng franséisch Branche opdeelen, kéinten se benotzen fir amplaatz endlech eng anstänneg Integratioun hei am Land ze erreechen hir schoulesch Segregatiounspolitik virunzedreiwen.

Mir schéngt et méi wéi je wichteg dat Kanner déi net Lëtzebuergesch als Mammesprocch hunn, virun allem och déi sougenannten „primo-arrivants“, sproochlech fit gemaach ginn ier si an eise Schoulsystème integréiert ginn. An enger Gesellschaft an där an e puer Joer d’Lëtzebuerger zu enger Minoritéit ginn, an an där Leit mat  ëmmer méi verschiddenen Nationalitéiten liewen, ass et ëmsou méi wichteg dat d’Lëtzebuergescht konsequent zur Integratiounssprooch vum Land gemaach gëtt. Wann mir dat net maachen, hu mir geschwënn iwwerhaapt keng Kohäsioun an dann och keng Solidaritéit méi an eiser Gesellschaft.   Stellt een dëss sproochlech Entwécklungen an Zësummenhang mat där Iddi vun CSV, DP, LSAP, Gréng a Lénk fir den Auslänner d’Wahlrecht ze ginn, och wann si keen een Wuert Lëtzebuergesch kënnen,  da kann et engem ëm d’Zukunft vun eiser Gesellschaft an eisem Land wierklech Angscht sinn.

 

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik, Sproochen veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert