Huet déi Paräiser Polizeipräfektur Biller manipuléiert?

Am Kader vun denen villen Manifestatiounen zu Paräis géint d’Homo-„Bestietnis“ koum et zu enger Polemik ëm d’Zuel vun de Manifestanten, besonnech bei der Demonstratioun vum 24. März 2013. D’Police huet vun 300.000 Leit geschwat, d’Organisateuren vun 1,4 Milliounen.

Um Spaweck sinn kuerz drop Kommentaren an Analysen opgedaucht, déi an d’Richtung vun enger Manipulatioun durech déi Paräiser Polizeipräfektur weise kéinten. D’Filmer vun der Manifestatioun, déi duerch en Helikopter gemaach goufen, wären deelweis verwëscht ginn fir d’Zuel vun de Leit kléng ze rechnen.

Natierlech muss een oppassen, dat een net all Verschwörungstheorie ënnerstëtzt. Trotzdem ass déi Diskussioun interessant, wëll en Ennerscheed vun 1,1 Milliounen Leit ass weder kléng nach politesch irrelevant. Géif et eng viirsetzlech Manipulatioun,  da wär natierlech och d’Verantwortung vun der Regirung engagéiert.

Nodem wat an dësem Artikel, respektiv an dem betreffende Video gesot gëtt, schéngt d’Original vum Polizeifilm jiddefalls de Journalisten nach ëmmer net fir eng Iwwerpréifung zur Verfügung ze stoen.

http://www.rue89.com/2013/04/24/gouvernement-a-t-truque-images-manif-tous-241741

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Europa an d'Welt, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert