Eng kleng Geschicht iwwer kee Fall vun Amnesie

Huel mer mol un, e gudde Kolleeg geng probéieren Aert Gediechtnis ze testen. Dir sot jo, well Dir jo e gesonde Sportsgeescht hutt a kee Spillverdierwer wëllt sinn an Dir waart dann gespaant op dat wat lo kënnt… an da freet hien Iech – zum Beispill – wat Dir de 19. Oktober 1985 gemaach hutt. Dir wonnert Iech, haalt dat Ganz vläicht fir e schlechte Witz, well dat do ass ëmmerhin bal 28 Joer hir. An Dir bedauert, mee beim beschte Wëllen wësst Dir dat net méi….

Dir hutt demools op enger Bank geschafft an Dir hat den Dag anscheinend e wichtege Client mat dem Dir e Rendez-vous gehat haett. Aere Kolleeg hällt dat bal fir onméiglech dat Dir Iech net un sou e Rendez-vous kënnt erënneren. Hien seet dat hien héieren hätt, dat Dir deemools un de Rendez-vous geduecht hätt. Mä Dir sot him, et geng Iech zwar leed doen, mä dat géng awer nawell näicht aenneren. No 28 Joer wéisst Dir dat eben net méi an Dir hätt am Liewen jo och nach vill aaner wichteg Saache gemaach a wichteg Clienten gehat.

Haalt Dir et, léiwe Lieser, fir éichter normal fir sech net un sou en Datum ze erënneren, oder éichter fir net normal? Ech halen dat jiddefalls fir absolut normal an och fir total glaafwierdeg. Mee an eiser Geschicht méngt Aere Kolleeg, dat kënnt dach net sinn, Dir haett „Amnesie“, eng geeschtesch Stéierung  also  http://de.wikipedia.org/wiki/Amnesie oder Dir géngt vläicht souguer léien.  Dir sot neen, Dir wiert Iech, Dir haett dat eben einfach nëmme vergiess, net absichtlech an Vergiessen waer schliisslech e vollkomme natierleche Prozess  http://de.wikipedia.org/wiki/Vergessen. Da reprochéiert Aere Kolleeg Iech, Dir géngt hien bewosst hannergoen, just fir him net ze erzielen wat Aere Client deemools wollt… Dir kritt schlecht Intentiounen ënnerstallt an Dir verléiert schliisslech doduerch Aer Plaz op der Bank. Aere Kolleeg, den mat Sëcherhet keen ass, erzielt dann och nach där ganzer Welt Dir wärt e Ligener…

Haalt Dir dat fir richteg? Ech net! Ech ginn zou, dat ech och net méi wees, wat ech den 19. Oktober 1985 gemaach hunn, an och net den 18. an och net den 20. Ech misst schonn laang iwwerleeën fir eng vague Iddi dovun ze hunn, wat ech am Oktober 1985 kéint gemaach hunn.  Sinn ech dowéinst e Ligener oder hunn ech eng geeschteg Stéierung? Natierlech net! Wéivill Leit déi dat hei liesen, wëssen dann nach wat si den Dag gemaach hunn? Weess Aere Kolleeg et, den den Iech déi Fro gestallt huet? Hutt de Mënsch net e Recht ze vergiessen? Firwat kritt e Banquier den no 28 Joer ëppes vergiess huet ënnerstallt e Ligener ze sinn? Ass dat net abusiv ?

Wou ass d’Beweislaascht an sou engem Fall? Wann een schlecht Intentiounen oder eng bewosst Täuschung ënnerstallt kritt, misst dat net vun dem bewise ginn, den sou ëppes behaapt? Ech gleewen jiddefalls dem Banquier an dëser Geschicht.

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert