Eng Erënnerung un den Eisléck 85

Dëser Deg gëtt sou vill duererneen gehäit, souvill ënnerstallt an souvill bewosst oder onbewosst falsch duergestallt, dat een als Offizéier heiansdo e puer Wuert wëll soen. Meng Kolleegen am aktiven Déngscht kënnen dat natierlech net maachen, dofir erzielen ech dann mol e bësschen vun fréier. Et feelt  hautzudaaags op ville Plazen ganz einfach un militäreschem Sachverstand. Mir graut et, wann d’Militärjuridiktiounen enges Daags sollten ofgeschaaft ginn. Am Abléck gesi mir jo, dat vill Leit iwwer militäresch Saachen diskutéieren ouni och nëmmen ze verstoen vu wat se schwätzen.

Bis Mëtt 84 ´wor ech nach bei der franséicher Arméi, an enger Ausbildung zu Montpellier. Dono sinn ech awer op Lëtzebuerg zréck komm an hunn den Eisléck 85 mat gemaach. De Szenario wor effektiv e Genre „Stay behind“, ouni dat, souwäit ech mech kann erënneren, mir dat  deemools sou genannt hätten. Eis Missioun wor et e Guerillakrich an engem besaten Territoire ze trainéieren. No der Invasioun vum Afghanistan duerch d’Sowjetunioun e puer Joer virdrunn wor dat en absolut plausiblen Szenario.

Zësummen mat engem Offizéier vun den amerikaneschen Special Forces hunn ech e Grupp vun Zaldoten an enger Rei vun Techniken ausgebild. Mir hunn all enorm vum bewonnerungswäertem Wëssen vun eisen amerikanesche Kolleegen profitéiert – hir Krichserfahrung, hir Taktik  an hir Material woren fir eis wäertvoll Erfahrungen.  Zum Training hunn ënner anerem  d’Iwwerliewen bei schlechten Wiederconditiounen am Bësch gehéiert an och d’Ausbildung u sowjetesche Waffen, wéi zum Beispill där berühmter Kalaschnikow. Mir sinn dovun ausgaang, dat mir eis konnten op déi eng oder aner Manéier sou Waffen vun der Besatzungsmuecht verschafen.

Un dem Manöver wor näicht konspirativ a mir hunn och keen erschoss a mir woren och net zu Vielsalm. Fir d’Amerikaner wor den Exercice interessant wëll si konnten d’Zësummenaarbecht mat lokalen „Widderstandskämpfer“ trainéieren, déi si konnten, zum Beispill no engem Parachutage, ausbilden.

Woren Leit vum SREL dobäi? Dat wees ech net, mä och wann, wär dat jo net onnatierlech gewiescht. Mir hunn jo all dat Zil an den Optrag gehat eis Heemecht am Fall vun engem Ugrëff ze verdeedegen. A wann de SREL wollt mat där amerikanescher an där lëtzebuergescher  Arméi  zësummeschaffen, ass dat a mengen An jo nëmme normal.   De Géigendel wär verwonnerlech.

Et stéiert mech, dat vollkommen regulär Militärmanöver aus der Zäit vum Kale Krich haut duergestallt ginn als wär dat eng Zort vu krimineller Aktivitéit gewiescht. Dat woren se absolut net. Et ass denen westlechen Arméien ze verdanken, virop eisen amerikanesche Frënn, dat eis eng Invasioun erspuert bliwwen ass. D’Lëtzebuerger Arméi huet e klengen Deel zur Verdeedegung vun eisem fräien an demokrateschen Gesellschaftssystem bäigedroen. Dorop sollte mir houfreg sinn.

Ech soen nach eemol an aller Däitlechkeet: ech perséinlech sinn dovun iwwerzeegt dat d’Affär Bommeleeër keng militäresch Operatioun war, weder vun der Lëtzebuerger Arméi, nach vum lëtzebuerger Stay behind.

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert