Année européenne de quels citoyens?

Den 30. Juni organiséiert d’Vertriedung vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg eng grouss „Debatt“ an der Rockhal mam Thema „L’Europe en question“. A well Europa neierdengs alles aanecht wéi eng Demokratie ass an aaner Meenungen iwwerhaapt net toleréiert ginn, sinn nëmme Politiker invitéiert déi stramm op där federalistescher Linn leien. Eng aaner Meenung ass net erwënscht an Politiker déi aanescht denken ginn net invitéiert. Dat ass déi modern europäesch Definitioun vun enger „Debatt“ à la européenne: konformisteschen Eenheetsbräi.

Enner anerem ass och e belsche Politiker mat dobäi, sou dat een wuel muss dovun ausgoen, dat déi ganz Pseudo-Debatt op franséisch ass. A kengem aaneren Land vun der Unioun geng eng Debatt iwwer Europa an enger anerer Sprooch wéi an der Landesspooch organiséiert ginn. Falls déi do Debatt wierklech op Franséich ass, also an der Koloniséierungssprooch, da kritt de Lëtzebuerger Bierger alt nees kloer gewisen, wat Europa vun him hällt – nämlech iwwerhaapt näicht. Seng Sprooch ass Europa näicht wäert, an seng Intelligenz gëtt doduerch beleedegt, dat nëmmen déi offiziell Eenheetsmeenung servéiert gëtt. D’Lëtzebuerger sinn europäesch Bierger zweeter Klass – si sinn déi, denen hir Sprooch keng europäesch Sprooch ass an déi vun der EU och a kenger Weis respektéiert gëtt.

D’Lëtzebuerger sollten sech bewosst ginn, dat d’Europawahlen vun 2014 hinnen och d’Méiglechkeet ginn, fir fir ën aanert Europa ze stëmmen – fir en Europa vun de Natiounen.

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Europa an d'Welt, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert