E Week-end zu Athen

Dëse Week-end wor ech zu Athen wou ech um Grënnungskongress vun där neier Partei « Onofhängeg Hellenen »  mat dobäi wor. Als offiziellen Vertrieder vun der Europäescher Allianz vun den konservativen Parteien (AECR)  hunn ech och eng Ried um Kongress gehal.

Natierlech gëtt et no sou engem Erliefnis immens vill Andréck ze verschaffen. Fir mech vläicht dee wichtegsten ass déi Begeeschterung mat där d’Griichen Politik maachen. Wat en Ennerscheed mat dem Defaitismus an där Resignatioun hei am Land! D’Griichen hunn nach de Courage fir sech an d’Politik ze lancéieren, wann si eppes ze soen hunn, an mir ??? Just ier ech op Athen gefuer wor, sinn ech an der Stad nach engem lëtzebuerger Här begéint, den mir erklärt huet, dat hien « keng Alternativ zum Här Juncker » geng gesinn ? Keng Alternativ ? Mee firwat engagéiert den Här sech da net selwer an d’Politik?? An kuerz drop stinn ech virun méi wéi 2.000 Griichen vun all Alter déi mat Begeeschterung, Fändelen, Trooteren, Musik an Danz bis zwou Auer moiens hir Alternativ gegrënnt hunn… wéi gesot, wat en Ennerscheed zu eisem scleroséierten Lëtzebuerg !!!

Wou ech den Owend rëmkoum, hunn ech op tageblatt online dësen Artikel gesinn :

http://www.tageblatt.lu/nachrichten/story/Athen-debattiert-ueber-Kuerzungspaket-12376065

A Wierklechkeet kruuten d’Deputéierten zu Athen ë Mëttwoch en 370 Säiten Dokument an d’Hand gedréckt  iwwer dat an enger « procédure d’urgence » haut ofgestëmmt gouf – eng reng pseudo-demokratesch Approche. Kee Mënsch am Parlament konnt dat do bannen dräi Deg liesen a verstoen, mee d’Regierung wollt den Text onbedéngt nach virun där nächster Reunioun mat der Troika duerch d’Parlament päitschen. Iwwerall an Europa ginn d’Parlamenter degradéiert an lächerlech gemaach, d’Politik gëtt jo well ouni d’Vollék oder géint d’Vollék gemaach.

Jiddefalls sinn d’Griichen nach houfreg Leit, Leit déi kämpfen an Leit déi opstinn wann een hinnen op d’Féiss trëppelt. D’Nout an dem Land ass grouss, mee et gëtt bei hinnen Leit mat Courage déi en aanert Europa an eng aner Politik wëllen. Hei zu Lëtzebuerg fënnt jiddereen eng aaner Uersaach fir sech net selwer missen ze engagéieren.

Amplaatz op d’Griichen rofzekucken, wéi sou vill Lëtzebuerger mengen et missen an därfen ze maachen, kënnen mir nach ganz vill vun hinnen léieren.Griichenland huet ouni Zweifel seng Feler a Problemer – mee et huet och nach säi Stolz, seng Energie  a säi Courage!

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Europa an d'Welt, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert