La vérité sur Oesling 84

Ennert dem Titel woren haut eng Rei Artikelen am „Jeudi“ iwwer d’Affär Bommeleeër. Net alles wat an denen Artikelen steet ass faktuell richteg, mee ëmmerhin  ass och net alles falsch. Dat ass hautzudags awer och schonn ëppes. Et geet een bescheiden…

Richteg ass, dat op där bekannter Foto, déi och am Prozess opgedaucht ass (den ech awer hei léiwer net wëll kommentéieren, mille millions de mille milliards de mille sabords!!!!), den Leitenant Paul Huberty vun der 119. Promotioun All Waffen vun der Ecole Royale Militaire ze gesinn ass. Den Här Huberty ass en absolut integren Mënsch an Offizéier an huet mat Sëcherheet näicht mat iergendwellechen Attentater ze dinn.

Egal wen, den iergend eng Ahnung vun der Arméi huet, hätt direkt gesinn, dat déi Leit, déi op där Foto ursprünglech als zwee Offizéier vum SREL bezeechent goufen, iwwerhaapt keng Offizéier sinn. Dat hunn ech och dem Journalist vum Jeudi gesot, den mir déi Foto gewisen huet. Ech fannen, dat Leit déi sou Fotoen als Beweiser fir hir Theorien an d’Feld féieren, fir t’éicht eng sérieux Recherche sollte maachen, besonnesch dann wann d’Nimm vun éierlechen Leit wéi dem Här Huberty an de Mond geholl ginn. Ech fannen och, dat d’Perséinlechkeetsrechter vun denen Militär op där Foto hätte missen besser geschützt ginn. Mee et sinn jo Leit déi politesch lénks stinn déi an dësem Prozess alles a jiddereen ugräifen den hinnen net passt: d’Arméi, d’Monarchie, d’Police, de Geheimdéngscht, d’Amerikaner an d’Special Forces asw., an déi Leit hunn jo bekanntlech net vill Hemmungen.

Iwwregens hunn och meng Kolleegen Bock an Schiltz, déi an der Lescht jo och ëmmer nes genannt goufen,  mäi vollste Vertrauen.

Déi Diskussioun an déi Kommentaren iwwer déi do Foto sinn souwisou zum Deel vollkommen absurd.  Anscheinend stellen sech e puer Leit vir, no dem wat ech sou dorëmmer liesen an héieren, d’Bommeleeër hätten eng Gruppefoto mat Fändelen vu sech gemaach…

A wéi an all Artikel op dësem Blog zum Thema Bommeleeër soen ech dat hei: et ass meng fest an déifsten Iwwerzeegung, dat weder de lëtzebuerger Stay behind nach d’Lëtzebuerger Arméi eppes mat der Affär Bommeleeër ze dinn hunn. An denen Eisléck-Exercicen, wéi och soss, hunn mir eis militäresch Aarbecht am Déngscht vun eiser Heemecht gemaach – an ech mengen mir hunn si gutt gemaach.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert