De CLAE (Comité de liaison des associations d’étrangers) mëllt sech nawell dacks zu Wuert wann ëm d’lëtzebuerger Nationalitéit geet. Nach rezent huet hien sou en Avis ofginn:
http://www.clae.lu/pdf/actualite/communique_clae/2013/communique_reforme_loi_nationalite_%202013.pdf
Prinzipiell denken ech, dat de CLAE, wéi all aner Associatioun och, dat Recht huet sech zu Sujeten zu Wuert ze mëllen, déi fir seng Memberen wichteg sinn. ozou gehéiert selbstverständlech och d’Lëtzebuerger Nationalitéit. Ech selwer wor och schonn bei op d’mannst engem Gespréich dobäi, wou de CLAE seng Positiounen virgedroen huet an hunn dono mat hinnen doriwwer diskutéiert. An enger fräier Demokratie sinn dat Selbstverständlechkeeten.
Ech vergläichen awer och déi Diskussiounen hei am Land mat denen déi ech an denen iwwer 20 Joer erlieft hunn, déi ech selwer als Auslänner an aneren Länner verbruecht hunn. Als éicht stellen ech fest, dat a kengem aneren Land sou Diskussiounen an enger Sprooch geféiert ginn, déi net déi vum Land ass. An dësem Land hu mir och eng Nationalsprooch, an déi heeescht Lëtzebuergesch. Et stéiert mech, dat héig Vertrieder vum CLAE eis op Franséich erklären, wéi eng Sproochentester am Lëtzebuergeschen mir hirer Meenung no hei am Land mussen aféieren fir déi lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien. Mengem Gefill no dokumentéieren si mat der Wiel vun der franséicher Sprooch hire Wëllen sech NET bei eis ze integréieren an ech empfannen dat als eng Veruechtung vun der lëtzebuerger Sprooch. Lo kënnen all déi politesch korrekt Leit sech iwwer mech opreegen (wat mir souwisou vollkommen egal ass), mee iwwer meng Gefiller loossen ech nun eemol net mat mir verhandelen.
Ech empfannen et genee sou als Veruechtung vun der lëtzebuerger Sprooch an domat och vun de Lëtzebuerger wann all Diskussioun déi de CLAE organiséiert op franséich ass. Firwat? Eng Diskussioun an Italien ass op Italienesch, eng a Portugal op Portugiesesch an eng an Däitschland op Däitsch. An sou ass et menger Meenung no och richteg. Ech verlaangen, dat ëffentlech Diskussiounen hei am Land op Lëtzebuergesch sinn. Et kann een jo Iwwersetzungen ubidden fir Leit déi keen Lëtzebuergesch verstinn.
Ech empfannen et net als normal, wann de CLAE eis seet, wéi d’Conditiounen vun der Honorabilitéit mussen ausgesinn, fir Leit déi wëlle Lëtzebuerger ginn. Ech geng mech am Ausland do zréckhalen, aus Respekt virum Gaaschtland, an wëssend, dat ech iwwer den do sensiblen Sujet wuel kann a soll a mengem eegenen Heemechtsland mat schwätzen awer net am Ausland. Mee déi Sensibilitéit huet anscheinend net jiddereen. Ech perséinlech well KENGEM Kriminellen déi lëtzebuerger Nationalitéit ginn. Ech wees och, dat et kriminell Lëtzebuerger ginn, mee där well ech eben sou mann wéi méiglech. Ech hätt gär fein an éierlech Matbierger. Sou sinn ech eben…
Ech fannen et och net normal. dat de CLAE bei eis Fuerderungen stellt, déi mol net an denen meeschten Länner gëllen aus denen eis auslännesch Communautéiten hierkommen. De facto stellt de CLAE lauter Fuerderungen déi d’Acquisitioun vun der Nationalitéit sollen sou einfach wéi méiglech maachen, beim Sproochentest, bei der Honorabilitéit, bei dem Civiquescours…, un enger richteger Integratioun vun den Auslänner an eiser Gesellschaft ass him iwwerhaapt net geleeën. An ech soen: un eiser Gesellschaft ass him wahrscheinlech och näicht geleeën, well soss gengen sou Fuerderungen jo net stellen.
Seng Fuerderungen hunn een Zil eng „citoyenneté de résidence“, dat heescht all Rechter fir jiddereen och ouni d’lëtzebuerger Nationalitéit ze hunn an ouni e Wuert Lëtzebuergesch ze schwätzen.
„Le Clae milite depuis de longues années pour une citoyenneté de résidence qui permette de faire le lien entre les dimensions juridique, sociale, culturelle et politique. La citoyenneté de résidence définit l’égalité des droits entre tous habitants du Luxembourg et permet à tous de négocier un devenir dans un projet de société commun. Elle permet de dépasser l’étroitesse du critère de la nationalité comme source de droits, critère discriminant envers une partie de la population qui, tout en étant résidente, productive, active socialement, économiquement et culturellement, est exclue d’un certain nombre de droits.“
http://www.clae.lu/html/m5sm3.html
Dat ass de Prinzip vum Auslännerwahlrecht. Sou eng Fuerderung hunn ech nach a kengem aneren Land héieren. Perséinlech – an dat ass nes mäi Gefill – empfannen ech dat als Frechheet géintiwwer de Lëtzebuerger. Wat heescht „étroitesse du critère de la nationalité„? Fir mech huet dat iwwerhaapt näicht mat enger „étroitesse“ ze dunn, mee mat enger – eiser – Geschicht, mat enger – eiser – Kultur, mat enger – eiser – Sprooch, mat enger – eiser- Solidaritéit. Och mam Leiden vun enger Natioun déi besat war, an och mat engem Referendum „3 mol lëtzebuergesch“. Gengen déi leit aus dem CLAE et woen an hire Länner vun der „étroitesse“ vun der Nationalitéit ze schwätzen?
Déi Fuerderung vum CLAE gëtt vun der CSV, der LSAP, denen Gréngen, Lénken a Bloen ënnerstëtzt. Elektoral profitéieren awer virun allem d’LSAP (iwwer den OGBL) an d’CSV (ënner anerem wéinst dem LCGB an den Zeitungen op portugiisesch). Déi Lénk profitéieren sëcher och, déi Gréng an déi Blo als patronatsno Wuelstandsbiergerparteien am mannsten. Wann déi Blo mengen, dat déi auslännesch Banquieren lo massiv wielen ginn fir si ze stëmmen, dann ieren si sech dramatesch. Denen ass d’Land souwisou egal an d’Finanzplaz ass amgaang ganz séier méi kleng ze ginn. Profitéieren dinn virun allem déi Parteien déi op grouss Syndikater kënnen zréckgräifen also roud a schwaarz (pardon, orange).
Mee et gëtt och een grousst Affer vum Auslännerwahlrecht: d’Lëtzebuerger Land. Mee dat ass allen Parteien jo well egal, ausser der ADR.