Kamerod Urbany, Spezialist am Staatsterrorismus

Wann et ëm Staatsterrorismus geet, da fënnt een déi beschte Spezialisten ouni Zweifel bei de Kommunisten. Emmerhinn hunn si joerzéngtelaang net nëmmen déi net-kommunistesch Staten terroriséiert, mee si hunn sech och nach géigesäiteg terroriséiert an am allerléifsten an allerbeschten hunn si hir eege Populatiounen terroriséiert. Houfreg Ierwen vun där nobler Traditioun sinn hei am Land d’KPL an déi Lénk (och nach genannt d’Speckpartei an d’Schwéngefleeschpartei – well Kommunisten a Lénk sinn jo bekanntlech dat nämlecht).

De Kamerod Serge Urbany, kommunisteschen Deputéierten an der Chamber (Tarnnumm zu Lëtzebuerg „déi Lénk“), huet op RTL festgehal dat d’Attentater an den 80er Joeren entweder vum Militär, vun der Gendarmerie, vum Geheimdéngscht oder aneren bewaffneten Kräften gemaach goufen. Do denkt een dach direkt un d’Police, un d’Douane, un d’Fierschter oder och nach un dem Kamerod Urbany seng Lieblingsdéngschtleeschtungsorganisatioun, de CIA. Senger Meenung no woren déi Attentater Staatsterrorismus („jiddefalls“ an engem Kontext ze gesinn vun  „Terrorismus den ausgeübt ginn ass vu Staatskräften„).

Ech denken, de Kamerod Urbany schwätzt genee sou als hätt hien un enger Rei Desinformatiounsseminären vun der SED (Tarnnumm an Däitschland „die Linke“) deelgeholl. Dee richtege Bommeleeër wor natierlech de KGB. Tëschent zwou Friddensmanifestatiounen haten hir Agenten mat hiren lëtzebuergeschen Informanten a Genossen ëmmer nach Zäit a Loscht fir de kapitalisteschen Westen e bësschen ze destabiliséieren.

De Beweis? Ma d’Bommeleeër hunn jo bekanntlech mat „c23Y78“ ënnerschriwwen. Am kyrilleschen Alphabet ass den „c“ eisen „S“ an den „Y“ ass eisen „U“ also zësummen „SU“ fir „Sowjetunioun“. Den 23. November 1923 gouf an Däitschland déi kommunistesch Partei verbueden. Dofir huet sech misse gerächt ginn!  An am Joer 1978 huet de  Generalsekretär vun der KPdSU an Däitschland mam Helmut Schmidt eng „Gemeinsame Deklaration zur Friedenssicherung, Entspannung und Abrüstung sowie Rüstungsbegrenzungen“ ugeholl. An engem bis elo geheimen Zousatzprotokoll  gouf festgehaal dat fir t’éicht déi lëtzebuergesch Sprengstoffreserven wéi z.B. de Luxite sollten duerch de KGB zerstéiert ginn. Sou konnt een gläichzäiteg als Revanche fir 1923 e kapitalistescht NATO-Land destabiliséieren an dat och nach am Accord mat Däitschland dat iwwer den BND an den Här „Cello“ aktiv gehollef huet! Et voilà! Quod erat demonstrandum! Et ass lo just nach eng Fro vun der Zäit bis d’Bedeelegung vum KGB bewisen gëtt.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert