Katastrofenszenarien verkafen sech ëmmer gutt, virun allem am Emweltberäich. Besonnesch bei eisen däitsche Noperen huet een den Androck, dat si eng grouss Freed drunn hunn, fir sech permanent unzekloen an an eng Weltënnergangsstëmmung ze versetzen. Firwat dat sou ass, bleift fir mech e Geheimnis vun der däitscher Séil. Vläicht huet et jo awer och einfach domat ze dinn, dat iwwerduerchschnëttlech vill Journalisten Sympathien fir déi Gréng hunn, an dat si mengen dat all nei Dramatiséierung dene Gréngen méi Stëmmen brengt. Dat ass vläicht wahltaktesch richteg, soss awer komplett verantwortungslos.
Déi sougenannten Klimakatastrof ass do keng Ausnam. Et gëtt wuel kaum e Beräich an dem an dene leschte Joeren sou vill gelunn a sou vill systematesch iwwerdriwwe gouf, wéi an dem do Beräich. Vum Al Gore senger Hockey-Courbe, denen zwee Climate-Gaten, dem Schmëlzen vun den Himalaya-Gletescheren, denen op d’mannst onkloren Verhältnisser am IPCC, dem extrem deieren a praktesch komplett sënnlosen Kyoto-Protokoll, bis zu der Verdäiwelung vu raisonnable Kritiker als « Klimaskeptiker » a Gott wees wat nach – déi do Debatt ass gezeechent vu Fanatismus an Intoleranz. Mir si wäit wech komm vu wëssenschaftlecher Objektivitéit a vun enger raisonnéierter Gespréichskultur.
Och déi lëtzebuerger Chamber hat en Aarbechtsgrupp zu dem Thema agesat – an et gouf net een eenzege Kritiker invitéiert! Och typesch fir eng Chamber déi virun allem d’ « pensée unique » an d’ « political correctness » fleegt, amplaz hir Roll als liewegt Parlament ze erfëllen.
Klimawandel gëtt et natierlech, well et ën ëmmer gouf zënter dat et dëss Welt gëtt. Dat de Mensch säin Afloss dorop sollt limitéieren ass politesche Konsensus. Den Emweltschutz ass eng moralesch Obligatioun fir jiddefereen.
Mä dat mir eis Economie duerch sënnlos Accorden an eesäiteg Verflichtungen benodeelegen ass fir mech, net nëmmen mä besonnesch a Krisenzäiten, net ze vertrieden. Fir mech därf et keng international Verflichtungen méi ginn, wa net jiddereen sech drunn hällt. Déi Suen déi mir fir Kyoto- oder en Uschlossofkommes missten ausginn sollen zu 100% bei eis am Land bleiwen a prioritär fir d’Industriemoderniséierung am Emweltberäich a fir d’Sanéierung vun ëffentleche Gebaier benotzt ginn.
Emweltschutz jo – awer net zu Laaschten vun der Kompetitivitéit vun eisem Land! Wann déi Herrschaften zu Bréissel domadder sollten e Problem hunn, da sinn se jiddefalls bei mir un där falscher Adress. Och am Emweltberäich sollte mir der Europäescher Kommissoun sämtlech Kompetenzen wech huelen. Si därf zwar nach Propositiounen maachen, awer och net méi wéi dat. Da kéinte mir och nees där gudder, aler elektrescher Biren benotzen – där ouni Quecksëlwer!
Wen een e puer gutt Bicher zum Thema « Klimawandel » sicht, ass een et mat dësen Titelen secher net schlecht beroden :
Hacène Arezki, Climat, mensonge et propagande, Thierry Soucar Editions,2010, ISBN 978-2-916878-60-7, 320 pages
Fritz Vahrenholt, Sebastian Lüning, Die kalte Sonne, Warum die Klimakatastrophe nicht stattfindet, Hoffmann und Campe, 2012, ISBN 978-3-455-50250-3, 445 Seiten.
Claude Allègre (avec Dominique de Montvalon), L’imposture climatique ou la fausse écologie, Plon, 2010, ISBN 978-2-266-21247-2, 351 pages.
Helmut Böttiger, Klimawandel, Gewissheit oder politische Machenschaft ?, IMHOF-Zeitgeschichte, 2008, ISBN 978-3-86568-350-2, 125 Seiten.
Dirk Maxeiner, Hurra, wir retten die Welt ! Wie Politik und Medien mit der Klimaforschung umspringen, wjs Verlag, 2007, ISBN 9 – 783- 937989-29-7, 230 Seiten.
Bjorn Lomborg, Cool it !Warum wir trotz Klimawandels einen kühlen Kopf bewahren sollten, pantheon-Verlag, 2009, ISBN 978-3 – 570 – 55065 – 6, 282 Seiten.