Homophobie ? Heterophobie!

E Freideg, den 17. Mee,  wor ech mam Auto an Däitschland ënnerwee an hunn de Radio gelauschtert. Do koum eng Emissioun zum « internationalen Dag géint Homophobie », den allerdéngs, souwäit ech dat gesinn,  wéinstens bis elo absolut keen offiziellen Status huet.

http://de.wikipedia.org/wiki/Internationaler_Tag_gegen_Homophobie

Interviewpartner wor e gewëssen Här David Berger, anscheinend en Theolog an Chefredakteur vun enger Homosexuellenzeitung.  Den Här Berger huet verlaangt, dat Leit déi Positiounen vertrieden déi, an sengen An, zëvill kritesch géintiwwer der Homosexualitéit sinn net méi an Talkshowen oder an aner Emissounen sollten invitéiert ginn, well si do eng gewëssen Autoritéit kriiten, déi hinnen awer net géng zoustoen. Als Beispill huet hien den Här Lohmann an d’Madame Kelle genannt (op dësem Blog ass d’Emissioun « Hart aber fair » mat hinnen zwee ze gesinn) oder och d’Madame Kuby. Hir Positiounen kéinten d’ « Identitéit » vun den Homosexuellen verletzen. Bei Sexismus, Anti-Semitismus an Rassismus kéim sou ëppes jo mat Sëcherheet net vir ouni dat de Moderator géng agräifen an déi betreffend Leit aus dem Studio verweisen.

Dem Här Berger senger Meenung no, bräicht een nëmmen dat Wuert « homosexuell » duerch dat Wuert « Judd » ze erstezen, fir ze gesinn wéi diskriminéierend a verletzend sou Positiounen wären. D’Meenungsfräiheet däerft selbstverständlech net ageschränkt ginn, doriwwer bräicht een iwwerhaapt net ze diskutéieren, mee ….

Jo, mee! Genee do läit d’Kromm an der Heck ! Den Tric vum Här Berger ass gudd fir all fräi Meenung ze verbidden – et brauch een jo just nëmmen am Saz « A » dat  Wuerd « X » duerch dat Wuerd « Judd » ze ersetzen – dat gëtt dann Saz « B ». An well dann de Saz « B » sou schlëmm ass, dann muss och de Saz « A » mam Wuerd « X » verbueden ginn. Logesch ! Oder ?

Beispill :

  1. Ech soen (Saz A)  : Déi historesch Erfahrung weist, dat  CSV-LSAP Regierungen faul, inkompetent an verantwortungslos sinn. Si schueden eisem Land!
  2. Ech ersetzen, gemäss Berger-Logik den kritiséierte Sujet  duerch « Judd » (dat gëtt dann Saz B): Déi historesch Erfahrung weist, dat d’Judden faul, inkompetent an verantwortungslos sinn. Si schueden eisem Land !
  3. No Berger-Logik : Saz B ass natierlech inakzeptabel an weist dohier och wéi inakzeptabel Saz A wor !! Also muss elo och all Kritik un CSV-LSAP Regierungen verbueden ginn (oder hir Kritiker ginn einfach net méi invitéiert !).

Sou eng Methoud ass natierlech an mengen An vollkommen onéierlech an inakzeptabel – e primitivt Doudschloargument vu Leit déi wëllen all Form vu Kritik un sech selwer ënnerbannen !! Si mëssbrauchen dat onendlecht Leed dat de Judden gemaach gouf, fir sech selwer virun all Kritik an Sëcherheet ze brengen. Degoutant!

Mam Berger-Argument kann iwwregens jiddereen sech all Kritik verbidden. Och dat Wuerd « Pädophiler » kéint ersat ginn, och déi Pädophil hunn jo sou ëppes wéi eng  « sexuell Identitéit » oder « Orientéierung » an fillen sech wahrscheinlech an hirer « Genzheetlechkeet » verletzt, wann sou intolerant Leit wéi ech hinne soen, dat ech hinnen d’Ausliewen vun hirer « Identitéit » oder « Orientéierung »  carrément verbidden.

Nee, Här Berger! Op den do Wee ginn ech net mat. Och ass net all Kritik un der Homosexualitéit oder un de politeschen Fuerderungen vun engem Deel vun den Homosexuellen, wéi zum Beispill e Bestietnis oder d’Méiglechkeet fir eng Adoptioun, ze verwiesselen mat enger « Homophobie » (iwwersat : « Angscht virun Homosexuellen »). Ech kritiséieren sou Fuerderungen, mee d’Homosexualitéit un sech ass mir sou laang wéi breet.

Ech vertrieden decidéiert dat Recht op Meenungsfräiheet. An ech hunn es genuch domat dat dauernd nei Gruppen optrieden déi sech als « Betraffener » oder als « Affer » stiliséieren an besonnesche Schutz virun all Kritik verlaangen. Eng Rei vun Homosexuellenlobbyen wëllen jo lo schonn duerchsetzen, dat Kritik un hinnen soll als diskriminatoresch verbueden ginn.

Abee, ech hunn eng besser Iddi : wéi wär et wann all Beschränkungen vun der Meenungsfräiheet nes géngen ofgeschaaft ginn?   Soll dach jiddereeen soen wat en wëll, an an der fräier a kontroverser Diskussioun seng Meenung verdeedegen. Soll dach jiddereen sech blaméieren wéi en kann ! Schluss mam liberticiden politesch-korrekten Klima!

Bis dohinn erklären ech lo mol den 20. Mee zum internationalen Dag géint Heterophobie.

Et ass vun elo un  net méi erlaabt Kritik un heterosexuellen Leit ze üben an hir Eenzegaartegkeet wat d’Fortpflanzung an hir Iwwerleeënheet bei der Kannererzéiung an Fro ze stellen. An et ass och  net méi erlaabt, d’Komplementaritéit vu Mann a Fra ze beweifelen oder dat biologesch Geschlecht ze relativéieren. A wann een dat awer mecht, da gëtt een wéinst Heterophobie zu op mannst 10 Joer Prisong veruerteelt oder, alternativ,  et muss een denen Gréngen hire Wahlprogramm ganz liesen.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert